Photo: Bundesarchiv

De Mammekonzern hannert RTL huet eng düster däitsch Vergaangenheet.

Lëtzebuerger*inne kënnen nawell op villes houfreg sinn. Kachkéis, Luxair an dann och nach all déi schéi Suen. Mee et gëtt eppes, dat straalt souguer iwwer eist klengt Ländche raus an huet eis weltwäit zu Unerkennung verhollef. Rieds geet natierlech vun dem one and only RTL, alias Radio Télévision Luxemburg. D’Lëtzebuerger Identitéit ass schonn am Numm präsent.

Wat wéineg Leit wëssen: Hanner onsem beléifte Lëtzebuerger Newsmedium stécht och een net-lëtzebuergescht Element. Also net déi Zort Net-Lëtzebuerger, déi ee mengt, wann een en Auslänner mat „dräi Mol Nee“ ubierelt. Gemengt ass de sympathesche klenge Familljebetrib Bertelsmann aus Däitschland. Bon, ganz sou kleng si se dann och alt net. Mat iwwer 20 Milliarden Ëmsaz d’Joer, si se souguer de gréisste Mediekonzern an Europa. An awer, eng schrecklech léif Famill.

1835 grënnt de Carl Mohn de Verlag. En dréckt Lidderbicher a kierchlech Schrëften a gëtt de Verlag u seng Bouwe weider, déi et dann nees un hier Bouwe weider ginn hunn, déi et un hier Bouwen… a sou weider, vu Mohn zu Mohn. Bis déi kleng Famill ganz grouss gouf. 1933 war dobäi ee Schlësseljoer. Zu dësem Zäitpunkt hat den deemolege Verlagschef, dem Carl säin Ururenkel Heinrich Mohn, nämlech déi gutt Intuitioun, sech de Marchésbedingungen unzepassen: Hien huet sech als “förderndes Mitglied” vun der SS engagéiere gelooss an huet de Belletristikprogramm vu Bertelsmann de Bedingunge vun der deemoleger Regierung an Däitschland ugepasst – dat waren zu deem Ament zoufälleg Nazie, mee wie konnt dat deemools scho wëssen?

Dass Bertelsmann dann dozou iwwergaangen ass antisemittesch an nationalsozialistesch Wierker am grousse Stil ze drécken a mat engem gewësse Goebbels ganz déck war, dass Bertelsmann außerdem Nazi-Propaganda für die Soldaten an der Front druckte und verschickte – die „Feldausgaben“ hatten im Jahr 1944 eine Auflage von 19 Millionen Exemplaren – hat awer réng ekonomesch Grënn:

En echte Liberalen

Dat selwecht léisst sech och iwwer déi jiddesch Zwangsaarbechter soen, déi a Litauen fir d’Bertelsmanndréckereien schaffe missten: Alles méi Ökonomie wéi Ideologie.

Den Här Mohn hätt natierlech och aner Zwangsaarbechter a Kaf geholl, wann dëst méi dem Zäitgeescht entsprach hätt – Roma, Muslimen, Hinduen – déi ethnesch oder reliéis Zougehéiregkeete ware senger edeler Séil bestëmmt komplett egal. En echte Liberalen!

Dem Heinrich säi Jong Reinhard Mohn sengersäits huet sech fräiwëlleg fir d’NS-Loftwaff gemellt, ass an de 40er Leutnant fir d’Nazie ginn a war souguer mat enger Krichsmissioun an Nordafrika, ier hien dann och de Verlag iwwerholl huet. Trotzdeem muss ee soen: Et war sécherlech alles nëmmen ee groussen Iertum. Een, deen de Verlag grouss gemaach huet. Bis zu sengem Dout 2009 war also de sympathesche Fils, dee selwer nach Nazien am Krich ugefouert huet, de Besëtzer vum Verlag. Haut ass et seng Wittfra, d’Liz Mohn. A wat soll déi da schonn ideologesch mat hirem Mann ze dinn hunn? Et gesäit een, d’Verbindungen zu der Nazi-Vergaangenheet sinn nëmmen immens, immens indirekt, verschlongen, mat etleche Generatiounen an honnerte Cousinen am fënnefte Grad dotëscht, sou dass een dës Komplex Konstruktioun kaum entwurrele kann. An iwwerhaapt – wat wëll ee mat sou ale Kamellen?

Bertelsmann, dat ass schliisslech nach sou vill méi. Ee frëndleche Konzern, deen aner Firmen opkeeft an nach dat lescht bësse Profit aus hinne rausquetscht, andeems en Employéen eraus schmäisst a Programmer sträicht, fir déi vreckt gespuerte Firma dann nach eemol deier ze verkafen. Och hei gëllt: Dat geschitt alles net aus puerer Mënschefeindlechkeet, mee ass en Zeeche vum gudde Geschäftssënn. A wie kann enger Entreprise dat da schonn iwwel huelen?

Praktesch, dass RTL zu Bertelsmann gehéiert

Bertelsmann, dat ass duerch säin Nazi-Leutnant Reinhard Mohn awer och eng gemengnëtzeg Stëftung, also genee geholl eng Anlag fir Steiervermeidung an niewebäi och ee knallhaarten Lobbyverband, deen et an Däitschland bal gepackt hat déi ëffentlech-rechtlech ofzeschafen. Leider ass dëse Wonsch bis elo nach net an Erfëllung gaangen – mee wat net ass, ka jo nach ginn. Wéi soll een da soss een europäesche Monopol um Liewen erhalen an eliminéieren, wann et Sender gëtt, déi einfach d’Interessi vun der Allgemengheet vertrieden an dofir dann och nach ëffentlech Gelder kréien?

Anescht gesäit dat natierlech aus, wann ee selwer ëffentlech Sue kréie kann. Da léisst een sech net zweemol bieden. Nämlech zu… Lëtzebuerg! Gutt 10 Milliounen Euro am Joer kritt RTL Lëtzebuerg vum Staat, also vun de Steierzueler. Praktesch, dass RTL zu Bertelsmann gehéiert an dat Geld direkt als private Profit un de Mammakonzern weidergi kann. Moment mol, a wat huet Lëtzebuerg dann eigentlech dovunner? Richteg! Staark wackeleg Aarbechtsplazen (Geschäftssënn, Dir wësst jo) an ëffentlech-rechtleche Goss-Kanal.