Photo: Sergio Enciso (CC BY-SA 2.0)

Wéi vill Service-Publics Radioen ginn et eigentlech am Land? Attention, une chaîne peut en cacher une autre.

E mësslongenen Interview um soziokulturelle Sender „100komma7“ mat der deemoleger Präsidentin vun der parlamentarescher Mediekommissioun, Simone Beissel, start eng kontrovers Diskussioun ronderëm d’Pläng vun der Regierung.

„Der Simone Beissel no soll RTL-Radio een neie Statut kréien. De Grupp Bertelsmann hätt dat verlaangt“ , heescht et um Site vum „100komma7“. De Staat wier bereet Sue fléissen ze loossen. Richteg gutt informéiert schéngt d’Simone Beissel dee Moment net ze sinn, mee huet si do grad eppes präis ginn, wat eigentlech hätt geheim solle bleiwen?

Den Debat ass jiddwerfalls lancéiert, éischt Presseartikelen analyséieren den Ausbléck op eng zweet ëffentlech-rechtlech Radioschaîne hei am Land. De Staatsministère versicht bal scho panesch, dës Diskussioun z’erstécken. An enger Äntwert op eng Question parlamentaire ass hien kloer: „le Gouvernement n’a nullement l’intention de promouvoir la création d’une deuxième station de radio de droit public“. Et géif an den Negociatioune just, nëmmen an eenzeg an elleng ëm RTL Tëlee goen, dat wier strikt ze trenne vum Radio - sou de Bettel kuerz drop och an der Parlamentskommissioun a méi spéit am Parlament. Et ass RTL selwer, déi an hirer Berichterstattung iwwer d’Debatt dem Xavier Bettel seng Aussoen op de Punkt bréngt: „Wuel hätt een iwwer d’Zukunft vu Radio Lëtzebuerg geschwat, an der Konventioun wier hei och Verschiddenes geännert ginn, mee kloer wier, dass just Tëlee Lëtzebuerg finanzéiert gëtt, widderhëlt de Premier, fir deen d’Differenz tëscht Tëlee a Radio elo méi kloer ass“.

Wann een haut op d’Debatte vun deemools zeréckkuckt, stellt ee verwonnert fest, dass et am Fong sou änlech komm ass, wéi dem Simone Beissel seng Aussoen et vermudde gelooss huet. Haut um nämmlechten Dag nämlech, mee de 4. Januar viru just 2 Joer, präsentéiert de Medieministère der parlamentarescher Mediekommissioun en neit Gesetz – am Kader vun Debatten iwwert een neie Konzessiounsvertrag, an deem RTL Radio, gläichberechtegt nieft der Tëlee, staatlech Sue fir en „Service public“ zegutt huet: „Le Gouvernement est autorisé à participer au financement de la mission de service public en matière de télévision, radio et activités digitales confiée à CLT-UFA et RTL Group pour les exercices 2024 à 2030 inclus.“ Domat ass dann och gesetzlech verankert, wat virdrunner wuel schonn a Geheimverträg festgehale gouf: Natierlech bezilt de Staat och d’Aarbecht vun RTL Radio Lëtzebuerg mat.

D’Land krut also schlussendlech awer säin zweete staatlech-finanzéierte Radio. Mee eben een, deen och nach gläichzäiteg Reklamms-Bénéficer u Bertelsmann ofwërft.