Quell: GilPe, CC BY-SA 4.0, via Wikimedia Commons

Wat huet d’Monique Kater, wat de Marc Thoma net huet? Richteg, en Job bei RTL.

Net op menger schicker Terrass

D’Monique Kater, laangjäreg Journalistin bei RTL Lëtzebuerg, hëlt Är Problemer seriö. „Stellt iech vir, Dir hutt grad e chict Appartementer kaf, tëscht Hollerech an der Gare, sëtzt op der Terrasse an op eemol fänkt et zolidd u mat mëffelen.“ schreift si zum Beispill, fir dass och Leit vun hirem Status verstinn, dass Ofwaasser net an d’Péitruss gehéiert.
D’NIMBY-Klassiker vun den Héichspannungsleitungen an de Wandrieder dierfen natierlech och net feelen, mat engem Reportage iwwer eng nei gegrënnten ASBL mam Numm „Energiematverstand“, wat grad sou gutt e Username an den RTL-Commentairë kéint sinn. Si verbreeden zum Beispill Falschinformatiounen iwwer vun Eoliennë verursaachten Infraschall a seng supposéiert negativ Konsequenze fir Mënschen, déi haaptsächlech op enger Etüd baséieren, déi 2021 wéinst gravéierende Feeler zréckgezu gouf. Suergen also, déi een, wann een dem Monique Kater gleewen däerf, eescht huele muss.

Fräiheet fir Kettenuewen

Apropos Stroumproduktioun. Am Reportage „Mam Tabu Atomenergie briechen – Lëtz Atom sensibiliséiert fir Nuklearenergie“ bericht si iwwer dem Lëtzebuerger Grupp Letz Atom hiren Infostand um Knuedler. Hei gëtt onkritesch iwwer e Lobbygrupp bericht, deen d’Problemer an d’Risiken vum Atomstroum kleng riet, a sech aktiv fir dës Technologien a géint ëmweltfrëndlech erneierbar Energien asetzt. De gréissere Problem vun dësem Reportage läit allerdéngs am Detail: wee genee hikuckt, gesäit um Infostand ween dëse mat organiséiert huet: Dem Roy Reding seng Schwurblerpartei Liberté - Fräiheet. Handelt et sech hei em eng net als solch markéiert politesch Reklamm? Ëmmerhi gëtt dëse klengen Detail am Reportage mat kengem Wuert erwäänt.

Huet d’Monique Kater wuel Iwwersinn: de Logo vu „Liberté – Fräiheet“ (Screenshot RTL)

Och den amerikaneschen pro-Nuklear-Aktivist Mark Nelson kritt eng interessant Beschreiwung, Zitat: „De Mark Nelson war um Knuedler; hie steet do iwwer fir Atomenergie, verkeeft se - net fir eng Lobby - mee well hie se studéiert huet an vun hiren Avantagen iwwerzeegt ass.“ Dass hien als CEO vu Radiant Energy, enger pro-Nuklearenergie-Lobbygrupp, net fir eng Lobby sollt ënnerwee sinn, ass op d’mannst fraglech.

Eng Aussiichtsplattform mat gudder Vue vu Riets

Wat d’Anuerdnung vun hiren Interviewpartner*innen ugeet, hëlt d’Madame Kater hir Aarbecht souwisou net ëmmer sou genee. Den Artikel „D’Vaubansmaueren vun deemools am Stol vun haut, eng Iddi vum Gérard Philippe“ zum Beispill bericht iwwer eng architektonesch Iddi, déi hir wuel einfach rageschéckt gouf – ausser dësem Artikel ass iwwer dëse Projet wéineg ze fannen – wuelverstan net vun engem Architekt, mee vum ADR-Politiker Gérard Philipp, hei ze gesinn an enger Walreklamm. Schwéier raus ze fannen, wa säin Numm schonn am Titel vum Artikel falsch geschriwwe gëtt, mee déi verlinkte PDF-Datei verschaaft Opklärung. Op jiddereen*t einfach en RTL-Bericht iwwer seng fragwürdeg Iddie spendéiert kritt, wann een dem Monique Kater ee PDF schéckt, oder ob een dofir muss Member an enger Partei sinn, war bei Redaktiounsschluss nach net gekläert.

ADR-Kandidat a Möchtegern-Bauhär Gérard Philipp, oder fir d’Monique Kater: „Visionnär mat der „Tuerm-Iddi““ (Screenshot: ADR-Walreklamm)

Eng liberal Miliz fir d’Gare

Ee vun hire méi bedenkleche Reportagen iwwer d’Situatioun op der Stater Gare awer schléit dem Faass de Buedem aus. De Patrick Reisdorf, President vun der DP Gare gëtt presentéiert als „Garer a Co-Fondateur vum WhatsApp-Grupp.“ – engem Whatsapp-Grupp vu Garer Awunner, deen et dem Monique Kater besonnesch ugedoen huet – an däerf hei ouni kritesch Géigeried vun enger Miliz schwadronéieren. Dass hien aktiven DP-Politiker ass, gëtt och hei natierlech net erwäänt, genee wéi all déi aner Kéieren, wou Politiker – haaptsächlech vun der DP – als einfach Awunner vum Garer Quartier presentéiert goufen. Hei ass dem Tim Morizet de selwechte Feeler ënnerlaf, mat der besuergter Biergerin a Stater DP-Politikerin Laurence Gillen. Mee et ka jo mol virkommen, dass een sou Informatiounen einfach vergësst ze erwänen.

Whatsapp-Influencer, Milizionär, an niewebäi President vun der Garer DP: Patrick Reisdorff. (Screenshot RTL)

An e faule Stee

Souguer fir e Reportage iwwer e verfaulte Stee op engem Trëppelpad bréngt d’Monique Kater et fäerdeg un e Politiker als Interviewpartner ze geroden, dës Kéier de Patrick Mischel vu Liberté - Fräiheet. Dass si den Eric Thill hei als Tourismusminister interviewt an net als besuergte Spadséiergänger ass awer eng positiv Nott.

Mir zweiflen net drun, dass de Liberté-Politiker Patrick Mischel zu Konsdref wunnt (Screenshot RTL)

Wat heescht dat lo konkret fir Iech?

Wann Dir lo och gären Är fënnef Minutten op der Tëlee hätt, hu mir dee perfekten How-to Guide. Dir musst just Lokalpolitiker sinn – wat méi riets, wat besser – an entweder géint e lokale Bauprojet stëpplen, oder awer selwer e fragwürdege lokale Bauprojet starte wëllen. Schéckt Är Suggestiounen per Post un d’Monique Kater, Adress: e chict Appartement mat Terrass tëscht Hollerech an der Gare, wou et zolidd mëffelt. Si mellt sech dann bei Iech. Keng Angscht, Är Memberschaft an enger Partei hält si geheim – ganz sécher.