Quell: Canva, Jugendinfo.lu

Triggerwarnung: RTL benotzt keng Triggerwarnungen. Och beim Thema Suizid sinn RTL d’Klicks méi wichteg, wéi eng responsabel Erugoensweis.

Iwwer d’Thema Suizid ze beriichten ass eng grouss Erausfuerderung fir Presseorganer. Si mussen ofweien, ob et wierklech néideg ass, iwwert esou Fäll ze beriichten. Si mussen extreem sensibel op d’Wiel vun hire Wierder oppassen a méiglechst vermeiden Detailer ze nenne – fir net ee sougenannte Werther-Effekt auszeléisen. De Werther-Effekt (benannt no „Die Leiden des jungen Werther“ vum Goethe) bezeechent e Phenomen, woubäi Leit éischter Suizid beginn, nodeem se vun engem Suizid héieren oder gelies hunn.

Op der anerer Säit sollen si aus engem Suizid och net een Tabu-Thema maachen. Dat däitscht „Suizidpräventionsprogramm“ huet Leitlinne fir d’Press ausgeschafft a beschreift zum Beispill, dass ee bestëmmt Wierder vermeide sollt, wéi zum Beispill d’Wuert „Selbstmord“, well et sech bei engem Suizid ëmmer ëm d’Konsequenz vun enger psychescher Kris handelt an ni em dat, wat strofrechtlech als „Mord“ bezeechent gëtt. D’Berichterstattung iwwer d’Trauer vun den Hannerbliwwenen soll am Fokus stoen an e Suizid ni als allgemeng novollzéibar oder konsequent duergestallt ginn - well en dat och ni ass.

Lo ass et natierlech sou, dass „sensibel op de Gebrauch vu Wierder oppassen“ net grad d’Stäerkt vun RTL ass. Dat huet virun allem mat der kommerzieller Ausriichtung vun RTL, déi jo awer eigentlech ee „Service Public“ erfëlle sollt, ze dinn. Vun engem Medium, dat mat Fotosgalerië vun Autosaccidenter Klicks sammelt, an dat mam Argument vun der „Informatiounsflicht“ verdeedegt, ass och beim Thema Suizid net sonnerlech gutt Aarbecht z’erwaarden. Et kann een also bal scho frou sinn, wann RTL a Fäll vu Persounen aus dem ëffentleche Liewen, déi bei engem Suizidversuch ëm d’Liewe kommen, d’Doudesursaach ausblenden. Dat ass bei engem Fall an der leschter Legislaturperiod geschitt. Mee ass en Tabu d’Léisung?

Problematesch Headlines - awer vill Klicks

Bei RTL gëtt et alt nees keng eenheetlech Linn, keng intern Reegelen, keng Systematik oder och just eng journalistesch Kontroll vun deem, wat sou publizéiert gëtt. Et hänkt also vun der jeeweileger Journalistin oder dem Journalist of, ob d’Thema sensibel a mat deem néidegen Opwand behandelt gëtt. Eng méi iwwerluechten Erugoensweis, wéi zum Beispill an der RTL Reportage vun 2019 iwwert eng Youtube-Serie vum Stefan Lange, ass op RTL leider d’Ausnam. D’Reegel ass et éischter, och wann et ëm d’Thema Suizid geet, Schlagzeilen ze publizéieren, déi virun allem eent maachen: Dramatik generéieren.

Déi follgend Beispiller sinn dofir net mat deene jeeweilegen Artikele verlinkt, et handelt sech awer ausschliisslech ëm Artikel, déi esou um Site rtl.lu ze fanne sinn, an dat am kuerzen Zäitraum vun deene leschten zwee Méint.

„Kanadier soll Dausende Selbstmord-Setten online verkaaft hunn“: An dësem Artikel gëtt, wat extrem problematesch ass a wou virdrunner all Expert*innen warnen, eng Method fir ee Suizid beschriwwen.

„Nodeems en am Mordfall verdächtegt gouf: 25 Joer alen Eriträer huet Selbstmord gemaach“: An dësem Artikel an eleng och schonn an der Iwwerschrëft gëtt e Suizid als eng novollzéibar Konsequenz mat enger vermeintlecher anerer Handlung a Verbindung bruecht. E Suizid ass awer ni eng logesch Konsequenz, mee huet ëmmer komplex an individuell psychesch Grënn.

„Mann erschéisst Caissière a Supermarché an dono sech selwer“: An dësem Artikel gëtt net just ee Femizid, mee och ee Suizid als „Bezéiungsdrama“ verharmloost a romantiséiert. (Méi dozou).

Wat all dës Artikel verbënnt, ass, dass se wuel a kierzter Zäit aus Presse- an AFP-Meldungen zesummekopéiert an iwwersat goufen. Et geet RTL drëms, méiglechst séier, méiglechst vill a méiglechst klickbaren Contenu op hirem Site ze hunn. Dat ass absolut onnéideg.


Dësen Artikel baséiert op gudden Hiweiser, déi mir iwwer post@rtl1.lu erageschéckt kruten.


Wien d’Gefill huet, un enger Depressioun ze leiden oder sech an enger aussiichtsloser Liewenssituatioun ze fannen, sollt net zécken, Hëllef unzehuelen. Hëllef bitt zum Beispill och SOS Détresse: (+352) 45 45 45 an de Kanner a Jugendtelefon (+352) 11 61 11 sou wéi Prévention Suicide op hirer Websäit: https://www.prevention-suicide.lu/