METEO - Meteolux mellt
Waarm Saison
Alerte Arc-en-ciel
Alerte Arc-en-ciel gëllt vun 20:23 bis 03:16 Auer
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
tetrapack17.05.2024Keen Mënsch brauch dat.
-
WaatSaachen17.05.2024Et wier mol wönschenwert wann eis jo angeblech sou frei Press giff iwwert regéiernd Politiker hei am Land schreiwen , do ginn et Beispiller genuch , ganz uewen ugefangen. .
-
HeiMengMeenung17.05.2024Wann bei ons Luuchten aus ginn well an Deitschland net mei genuch erneierbaren Stroum produzeiert gett (mir importeieren jo bal alles vun hinnen), dann wärten ons aaner Nopeschlänner schein laachen well bei hinnen brennt Luucht dann weider... Och net irrelevant fir nei datenzentren...dei implementeieren sech dnn do wou et och secher stroum gett ouni oofschaltung. gett nach flott ons zukunft..
-
meteomann17.05.2024- Wat schwéier nozevollzéien ass, dass di Gréng net erkläre wéi mat hirer Politik, wou si jo géint Atom-a Kuelestroum sinn, eis Energieversuergung assuréiere wëllen. - Wa bei Flatterstroum, oder Dunkelflaute, gemengt ass, wa keng Sonn schéint, oder kee Wand bléist, oder nach schlëmmer béides zesummen, da muss an dem Moment Atom- a Kuelestroum importéiert ginn, wat dann näischt méi mat grénger Politik ze dinn huet.
-
EsouAwerNet17.05.2024Kuerzfristeg di richteg Léisung.
-
kloreMenscheverstand17.05.2024Waow! Eng Sensibiliséierungscampagne fir d'Leit erem méi no bei d'Natur ze kréien... mat engem Virtual-Reality-Brëll an engem Decor vun gefällten Beem an opgestoppten Déieren.
-
Mausketti217.05.2024De Lëtzebuerger Code de la Route ass dem Vertrieder aus dem Nohaltegkeetsministère kloer genuch. Hahaha.... Mol Uerdnung an den CdlR brëngen, da versteet den normale Bierger en och. An, wann se sech alleguerten am Verkéier behuelen a géigesäiteg respektéieren, da geet et och gudd.
-
DePefferkaerchen17.05.2024Majo dann. Als éischt goufe mam Briecheisen Aspuerungen am Enseignement secondaire duerchgeboxt, elo dann oppene Sträit mat Police, SREL a Fleegesecteur. An deenen 3 éischte Fäll gouf respektiv gëtt et Mediatioun a Conciliatioun. An dat all Kéier mat heftege Virwërf, de Staat géif sech net un d'Spillregelen halen, mol Accorde quasi erfannen, mol Accorden net ëmsetzen. Am Fleegesecteur géife gesetzlech Assimilatiounsdispositiounen (e gewëssen Artikel 28?) einfach ignoréiert ginn. Do zeechent de Staat jo en immenst Beispill vu sech selwer. Souveräänt regéiere gesäit anescht aus. Awer Haaptsaach et gëtt sech gebretzt mat enger Steierreform vun där net emol kloer ass, ob se iwwerhaapt duergeet fir déi ugesammelt kal Progressioun auszegläichen. Op den Aarm huele kann ech mech och selwer.