METEO - Meteolux mellt
Sonneg Reeschauer
Photo: Richard Allaway
Alerte Verte
Alerte Verte gëllt vun 05:13 bis 05:38 Auer
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
WaatSaachen02.04.2024No den Eu-Kandidatewalen e Samschde, ass dann wuel d‘Opspléckung vun der Partei ugesot. Et dierf een gespaant sinn wien am Coole Grupp, a wien an deem anere Grupp wäert sinn.
-
MELLECHKOU02.04.2024Déi gréng hu matt deem do de "grand premier crû" aus dem Osten op hir Lëscht gesat. No de Walen wäerten se vum héige Päerd erofklammen wann se gesin wéivill Stëmmen se duerch hie verluer hun.
-
gunman02.04.2024Natierlech sin mailen vun der Mme Cahen an d'Affaire Gaardenhaischen-Dieschbourg déontologesch dubios an ze hannerfroen, mais mir wier léiwer d'Oppositioun géing wesentlech Dysfunktionnementer an Edukatioun a Logement uprangeren. Waat ech nach ëmmer nët verstinn ass dass de Prinzip vun enger "Mietpreisdeckelung" hei am Land tabuiséiert gëtt an da Gedeesems gemeet gëtt wa wuelbekannten "Wohlständler" déi eng Politesch Funktioun hun zoufälleg privat op Air BnB eng vun hieren Propriétéiten ubidden. Ech fannen den ongenéierten Nepotismus an d'Schaafen vun deieren Posten vun verschiddenen Memberen vun dëser Regierung vill méi bedenklech wéi der Mme Cahen hier Gestioun vun hierem privatem Patrimoine. Privat mailen mat der Ministère's Adress kann eemoleg als Feeler duerchkommen, mais et sin vill méi grav Mësstänn ënner dëser Regierung unzeprangeren wéi Gardenhaisercher an der Mme Cahen hier mailen.
-
donquijote02.04.2024NEE et wier un der Zäit komplett ëmzedenken. Solar-, Wandenergie an AKW brengt guer näischt wa mir ALL an den industrialiséierte Länner et net fäerdeg brengen op dee ganze Luxus, dee fir esouvill Leit ‘normal’ an anscheinend ‘liewenswichteg’ sinn, ze verzichten ouni déi puer Dozen Multimillionnairen ze vergiessen déi sech duerch ons Dommheet an Ignoranz eng gëlle Nues verdengen wat all Mënsch inklusiv de Politiker egal ze sinn schéint?!?!?! Geld regéiert d’Welt. Geld regéiert d’Politik. Geld mecht awer net méi gescheit!!! An dorun gi mer futti, lues awer secher. Kee wëll et verston. Vive den Egoïsmus.......
-
Trump197802.04.2024Madam Ministesch schengt net ëmmer ze wëssen wat hei am Land leeft. Si seet si wären ganz fréih aktiv gewierscht an den Altersheemer. Weiderhin schwetzt se vun brutalen Zoustänn an aneren Länner matt méintelangem Besuchsverbuet fir Famill an den Heemer. Ech dierf drun erënneren dass genau den méintelangen Besuchsverbued hei am Land di batter Realitéit wor. Demols sin nach wochelang Pensionnairen infizéiert gin well d'Personal keng Masken a.s.w. hat. Duerno ass verpasst gin fir Konzepter an eng Teststrategie fir Personal an Résidents duerchzezéien. Elo gin dann di meescht Infizéiert net méi hospitaliséiert, sondern leien an Covid-Statiounen ouni optimal Betreiung an den Heemer. Iwer d'Halschent vun eisen Doudeger kommen aus den Heemer. Bescht Gréiss 🩺