Photo: Tristan Schmurr (CC BY 2.0)

Erhéichte Radioaktivitéit am Ree méiglech déi nächsten Deeg.

Hënt koum et zu Cattenom zu engem klengen Tëschefall, deen eis an de fréie Mueresstonnen e bëssen Nidderschlag uechtert d’ganzt Land brénge wäert. No deeglaanger séisser Sonn, musse mer elo e puer Deeg sauere Reen iwwert eis ergoe loossen. De Ministère de l’Agriculture, de la Viticulture & du Développement rural réit d’Geméis an d’Wäsch eran ze huelen, d’Drauwen hänken ze loossen (et kéint zu enger wënschenswäerter erhéichter Acidité am Wäin féieren) a beim Erausgoen entweder ee Prabbeli oder den ABC-Kostüm net ze vergiessen.