METEO - Meteolux mellt
Fiicht Wieder
Alerte Rouge
Alerte Rouge gëllt vun 13:20 bis 03:59 Auer
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
DirtyHarry17.12.2023Leider ass et esou dass desen sekretär nach nie vill vum Bankensektor verstaanen huet,an nemmen vill Loft mecht
-
Letzpower17.12.2023Verkéiersproblem zu Dideleng, jo dat as scho méi wi ée Problem. Keng Planung, keng Visioun a wahrscheinlech kéen Interessi vun der Gemeng, sou kann éen de Verkéiersproblem zu Dideleng beschreiwen. De neie Rond-point ënnert der Autobunn fonkzionéiert null. Rond-point Biereng fonktionéiert nët am Gerengsten. Eppes éemoleges gët et zu Dideleng, eng flott Ëmgehungsstroos aus Frankräich, gët dann no riets matzen an den Zentrum geléet. Einmaleg..... dat as Verkéietsplanung, wëll nët wëssen wat de neie Quartier nach wärt brengen.
-
Iddefix17.12.2023No Chreschtdag kennt den groussen Lockdown, do sin ech mir ziemlich secher. Well dat Gepidells vun denen leschten Wochen, huet naischt bruecht.
-
Baam17.12.2023D'Garde parallèle fonctionneiert perfekt an et sin 1/3 mei Leit all Dag an der Urgence? Ursprünglech war dei Garde parallèle vun der Mme Mutsch "erfonnt" gin, fir dass manner Leit pro Dag pro Spidol an d'Urgence komme sollen, fir dass d'Wardezeiten erof gin. Et kann also keng rieds sin dass alles perfekt klappt. Au contraire, d'Problemer an den Duercherennen gi just nach mei grouss. Mei Leit dei an d'Urgence kommen, parallel gin awer maisons médicales finanzeiert an Dokteren bezuelt fir do Permanence ze maachen während dei am Spidol mol einfach onbezuelt duebel sou vill Garden mussen maachen. D'Personal op de Stäck schléit de Kopplabunz well elo all Dag vill Admissiounen sin, ouni dass nëmmen 1 Persoun mei Personal zur Verfügung steht. Et as eng Katastroph.
-
Minettsdap17.12.2023o.k. ech duerf kee plastiks Chalümo mei gebrauchen, ech duerf kee Plastik ukucken, soss tröfft mech de Blötz... mee fir Peischt Croisiere (ech vergonne Jidferengem sei Spaass), Vakanzreese mam Fliger, opp Expo opp Dubai etc gin löschteg Reklame gemeet, och vu Politiker ... W.e.g erklärt mer, wei engt Yoghurtsdöpchen, opp der falscher Plaatz, am groen Drecksdöppen eis Welt dem Önnergank mei no brengt...?