METEO - Meteolux mellt
Bronkegen Ëmschwong
Alerte Verte
Alerte Verte gëllt vun 19:53 bis 08:45 Auer
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Enn_Letzebuerger25.10.2023Kucke mir dat dach emol ganz nüchtern - 100.000 Milliounen bei enger Staatsschold vun 1.41 Milliarden ass dat eng Drëps op de waarmen Steen - sou oder sou muss jiddereen an Zukunft de Rimm uerdentlech festzéien.
-
nizefridden25.10.2023Wäer et net esou lues Zäit fir d'LST-Statiounen an Impfstatiounen ëmzewandelen ?
-
Gleewennetalles25.10.2023Gousdeldéng-Miersch? Serieux? Ma hu mer se na all?? 10m niervendrun geht eng Velospist!!!! Jo se mecht e Schlenker vun 100m, mee dat dierft dene Sportliche Leit jo näischt ausmaachen!!! Souwisou missten all déi Velosfuerer, déi do net vun der Velospist profitéieren, een décke Protokoll kréie, well an dem dote Fall ass et eng Zoumuddung iwwert Stroos ze fueren. Se ass well net breet .... Dabei kennt, well mer jo sou Gring sen, datt do oft em Emwee mam Auto muss gemeet gin. An nee, klemmt ee net op den Zuch em well am August ass jo weltbekannt, datten do vill Chantercher op den Zuchlinne sen, also gin alt rem déi normal leit emerdéiert, déi an den doten Zäite schaffen... Wat hun déi Gring sou u sech, datten sei momentan Narrenfräiheet hun, an ewer o keen, ewee wierklech keen (op Regierung oder Oppositioun) do dergéint hällt.... (jo eng parlamentaresch Ufro wou duerno souwisou näischt méi nokënnt, dofunner huet o keen eppes)
-
Baam25.10.2023Nujee, dass den Artikel an der Zeitung sech muss op Lux-Privat bezéien, déi sech als eenzeg géifen trauen eppes ze schreiwen, schwätzt elo nët fir d'Substanz vun deem Artikel. Ben il n'y pas de fumée sans feu.
-
Anna_List25.10.2023Den Juncker huet missen weinst der Geheimdengstaffär goen. Wann dat doten stemmt, ass dat jo nach vill mei schlemm. Ween muss dann elo goen ?
-
luxusbuerger25.10.2023Majo dann. Als éischt goufe mam Briecheisen Aspuerungen am Enseignement secondaire duerchgeboxt, elo dann oppene Sträit mat Police, SREL a Fleegesecteur. An deenen 3 éischte Fäll gouf respektiv gëtt et Mediatioun a Conciliatioun. An dat all Kéier mat heftege Virwërf, de Staat géif sech net un d'Spillregelen halen, mol Accorde quasi erfannen, mol Accorden net ëmsetzen. Am Fleegesecteur géife gesetzlech Assimilatiounsdispositiounen (e gewëssen Artikel 28?) einfach ignoréiert ginn. Do zeechent de Staat jo en immenst Beispill vu sech selwer. Souveräänt regéiere gesäit anescht aus. Awer Haaptsaach et gëtt sech gebretzt mat enger Steierreform vun där net emol kloer ass, ob se iwwerhaapt duergeet fir déi ugesammelt kal Progressioun auszegläichen. Op den Aarm huele kann ech mech och selwer.