METEO - Meteolux mellt
Kloert Äis
Alerte Verte
Alerte Verte gëllt vun 01:10 bis 06:07 Auer
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Trulla18.09.2023Der Name ist Programm.
-
WouereschtdeetWei18.09.2023Ech sin mat alles d'accord waat de Mann seet,mais datt en vir een weideren Ausbau vun der Wand-a Solarenergie plädéiert,kann ech nët verstoen. Déi erneierbar Energien hun guer nët de moyen vir ons Energie ze sëcheren,well se einfach déi sougenannten "Grundlast"nët könne garantéieren,well se nët ëmmer gin,(kee Wand ,keng Sonn). Da mussen derniewend nach ëmmer déi konventionell Kraftwierker laafen,vir de Stroum ze machen,well een déi nët einfach kann aus an uschalten. An déi arem Länner gin ausgebeut vir un de Rohstoff vir Solarzellen ze kommen,Kanner mussen do ënner onméiglechen conditioune schaffen,an ganz Landstrécher gi verseucht mam Ofbau vun der matière première. An dann ass den recyclage vun den Baudeeler vun de Wandmillen am Moment nach nët machbar,do gin dausenden Tonnen vum Material,z.B.vun de Rotoren,einfach a riesen Lächer am Buedem agebuddelt. Déi sëlleche Viegel déi dene Wandmillen zum Opfer falen,Landschaftsverschandelung,an alles vir eng Technik,déi nie eis Energie ka sëcheren.Daat ass alles nëmmen reng Geldmacherei,déi eenzeg déi eppes dovun hun,sin d'Firmen déi se opriichten,déi Leit de se op hiere Stécker stoen hun,an déi déi bestach gi sin vir datt déi Dénger iwerhapt daerfen opgeriicht gin! Awer daat erzièlt éch kee Gréngen a keen vum Mouvéco.
-
MELLECHKOU18.09.2023...ech kann der Madamm Back hier Positioun gutt verstoen...an ech mengen och ganz vill aner Leit entretemps och !
-
Matbierger18.09.2023Vun de Relioune weess een, wann een déi géing gewäerde loossen, egal vu wou se hier kommen, ganz séier stéing d‘Inquisitioun erëm virun der Dier; eng Inquisitioun, déi verschidde radikal Formen unhuele kann. Mat de politeschen Iwwerzeegungen, ass et do anescht? Wann dann erëm Iddien opkommen, déi ee fir endgëlteg erleedegt gemengt a gehofft huet, da muss een sech natierlech Froe stellen, firwat dat. Beim Duerchbliedere vun der Press, kritt ee schonn d‘Impressioun vermëttelt: Alles vu lénks ass ok; alles vu riets genau sou schlecht an dernieft. Entstinn dann net aus deem radikalen a gären exklusive Muechtusproch Reaktioune bei de Leit, déi mol net verständlech – bis hin, verwerflech -, sinn? Stéisst ee mat der Weltgeschicht net op dat Muster? Iwwregens, wann d‘Assurancë weltwäit mat der Hallschent vun hirem Profit géingen Impfstoffer kafen, - liewen se net vun deenen, déi nach kee Schued hunn -, wier dann dee Probleem net séier weltwäit geléist?
-
Waat_een_Kaabes18.09.2023Ech waar eemol mamm Vtt op enger Randonnée do konnt ech frou gewiecht sinn den Helm ze hunn! Mega am Besch geflattert. Laut Doc am Spidol wär ech bestemmt net esou gudd ewech komm ouni Helm.
-
Mellechmann18.09.2023H. Urbé, Komesch ausso haut bei der virstellung vum sozial almach: Dir sidd der meenung ët wir ongerecht, wann den, den 10 mindestléin verdingt, nëmme op 5 mindestléin cotiséiere däerf. Op der aner säit reegt dir iech iwwer déi déck pensiounen op. Mengt dir nët, wann de legislateur erlaabe géif op 10 mindestléin ze cotiséieren, da géifen d’pensiounen nët bedeitend méi héich gin zu lëtzebuerg wéi är befierchtung? A wann ee chiffren vun décke pensiounen avancéiert, da sot de leit och vu wéivill mindestléin dir schwätzt; de mindestloun läit ëmmerhin bei +2000 € monatlech! Nët ze vergiessen de positiven impakt vun de pensiounen op d’wirtschaft vun eisem land!
-
Letzebuerger_Patriot18.09.2023Dat fannen ech eng gudd Initiativ