METEO - Meteolux mellt
Lëftegen Tornado
Photo: freepik.com
Alerte Verte
Alerte Verte gëllt vun 15:56 bis 21:13 Auer
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
De_Popst09.08.2023Einfach schrecklech wat do soll realiséiert gin. Esou gesäit dach keng Entree vun enger Stad aus. Wien sin déi Stadplanger ?? Bestëmmt keng Lëtzebuerger. Wäerten erëm auslännesch Firmen sin, déi am Optrag vun Fongen oder egal ween och do werkelen. Genau esou wäert ët och herno zu Hollerech ,mat der Porte de Hollerich, ausgesin. Vun der Autobunn direkt an eng Betonwüst eran. Wat d'Stäreplaaz ugeet,wärte mer domat dann den 3ten Belval schaafen. Well den 2ten as jo op der Cloche d'or. Do waerten an Zukunft eng Partie Geschäftrer zoumaachen. Ech hun dat schon geschriwwen,wéi se nach am Bauen waren. D'wier besser d'Grousgaas géif emol erëm belieft gin. Kann nët sin dass de Kär vun der Stad eng Akaafswüst gët, an baussen erëm sin Geschäfter. Dat as dem Gemengeroot seng Aufgab.
-
WouereschtdeetWei09.08.2023wei as et dann mat.deem am.Bambesch? Deen wousst dat en positiv war an as awer gang, oder net?
-
Kappressel09.08.2023Ech drecken dem jonke Mann Dommen, den Här Philippe hued saint gemach (an dofir Merci a Respekt) awer et ass un der Zait frësche Wand an d'FLF eran zebrengen
-
kleinGEIST09.08.2023Eng gudd Iddie dat do! An mäin Slogan wiér! "Eng gesond Balance" oder wann dat zevill franséisch klëng, "En gesond Gläichgewiicht", well dat ass verluer gangen an geet ëmmer méi verluer tëscht der Gesellschaft, der Politik, der Wirtschaft, den Finanzen, an der Welt insgesamt an et freet oder et soll een sëch froen firwat eigentlëch. Dat géing och besser klëngen wéi en "Mär" wou keen ass oder wou een sëch freet, sin mär dann och domader gemengt oder den "Zesummen" oder den "Zesummenhalt" den zerstéiert gouf, an denen leschten Joeren zemols an d'Solidaritéit ze wënschen iwrëg léist oder "är Stëmm", déi bal ni gehéiert oder respektéiert gëtt, an een sëch och freet hun mär iwerhaapt eng oder wann mär nach eng hun, wéi lang dann nach, bon, engagéiert klëngt nawell schon net schlecht, dofir gouf Verännerung jo awer schon sou oft versprach an net gehalen, mee wat guer net geet dat ass wann een seet et hät een alles gemaach an och nach gudd, dat steet zwar net esou do, mee esou ass et jo awer gemengt. An d'Gerechtëgkeet déi huet wuel keen sëch méi getraut als Slogan ze huelen, hëchstwahrscheinlëch well et déi net méi gëtt oder well keen sëch domader méi wëll d'Fangeren verbrennen oder si hun se vergiéss oder si denken un den Martin Schulz, dem déi sozial Gerechtëgkeet zum Verhängnis gouf ier hién se iwerhaapt konnt ëmsetzen, den Armen. Pardon, dach, si taucht an den Programmer op, mee just si ass méi kleng geschriwen. Wat soll een och fir eppes kämpfen wou een souwisou wees dass sëch näischt wärd äneren un der sozialer Gerechtëgkeet. Mee just dann froen ëch mëch wat soll den "Mär" den "Zesummen" den "Zesummenhalt" déi Stëmm, "är Stëmm", déi net unerkannt gëtt an wou een um Enn sëch "seet", wat hun déi dann "GEMAACH"! Fir eis! Op déi richtëg "Verännerung", kënnen "Mär" all "Zesummen" wuel nach lang warden, well egal wéi si sëch "Engagéieren" fir "Är Stëmm" an den "Zesummenhalt", wärd et och an Zukunft alles anescht wéi gudd ausgesin, egal wat si dann um Enn "Gemaach" hun! Awer wéi gesot warden "Mär" emol of an wat si eis alles nach esou verspriéchen. Mol kucken bis den 14ten ass et jo nach, mee sou richtëg Loscht an Freed kënnt do net op an am Vergläich zu denen leschten Wa(h)len ass jo schon souzesoen, Windstille.
-
Tata-Sidoni09.08.2023Hofft d'Madame Reuland op weider Failliten am Secteur fir dass déi Entreprise dann och genuch Leit kritt? D'Firme bekloën elo schons nët genuch qualifizéiert Leit ze fannen, da mëcht ee parastaatleche Betrieb dee Secteur dann och elo platt, oder wou sollen d'Leit hierkommen. D"Madam soll emol hannerfroën op déi guttgemengte Mesure vun de leschte Joër nët éischter d'Präisexplosoiun weidergedriwwen huet anstatt se ze bremsen. Bei neie Lotissementer esouvill Wunnéngen zu'abordabele Präisser' un d'Gemeng ginn, an neie Residencen 10% vun de Wunnenge behënnertegercht bauen grad ewei d'Partes communes.Daat si lauter Käschtepunkte déi op déi "normal Wunnéngen" drop geprafft ginn
-
gestressten09.08.2023Eigentlich wollte ich mir auch so ein E-Mobil kaufen, aber nachdem ich mich informiert hatte, da wurde mir klar das der Turmes auch nicht übers Wasser gehen kann
-
Knadderhary09.08.2023Hätte mier de Pärdsschwanz errëm gud zu Brèissel
-
Knueterbatti09.08.2023Déi Gréing hu schons erëm gekifft....
-
luxusbuerger09.08.2023widderhuellen mech, mee fir villes sin Suen do. Wahlgeschenker an Form vun villes Gratis. Eisen Staat geheit Suen mat der Schepp raus, well se net färdeg brengen, mei einfach, an mei belleg Invester ze maachen. Muss een net protzen a klotzen. An dorfir, fuert der weider, dei kleng Leit, an kleng Betrieber Steierlech stark ze belaschten, an dei "deck" Kennen weiderhinn, quasi keng bezuellen, am verglach zu hiren Einahmen, well se alles kennen emgoen, wat dei normal net kennen. Ass et richteg Mme Back, dei eng permanent bei Lisette ze lossen, an dei aner kennen sech een decken seenen?