METEO - Meteolux mellt
Niwwelegt Wieder
Alerte Bleue
Alerte Bleue gëllt vun 03:04 bis 00:27 Auer
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Gaardebounen02.07.2023wann d´Gewerschaften sech just stark machen fir déi net geimpften,dann sollen all déi geimpften hir Memberskaart an Dréckskescht werfen
-
WouereschtdeetWei02.07.2023Fir dei Leit dein an enger greisserer Stad wunnen an geschäfter an der geigend hun kann den velo eng meiglechkeet sin. Et kann een awer net glaich fir all situatioun glaichstellen. Ech wunnen an engem klengen Duerf am Norden wou et ausser Haiser naischt gett. Mueres um 5h40 opgestannen mam auto op d'Gare an dann den zuch an d'Staat an dann Bus. wann alles gudd leeft sin ech um 7h30 um Büro. um 16h40 den zuch nees erop an 17h45 sin ech dann doheem. Erwaard der dann dass ech dann nach den Velo huelen vir bis op Pommerlach ze fueren an do eenmol Woch akaafen gin??? Ech fueren elo 1x woch mam auto an d'Stat an gin dann no der Aarbecht nach schnell akaafen an dann erop. Mam auto sin ech souguer mei schnell wei Auto/Zuch/Bus... Den Velo as gudd fir dei Leit dei Zäit hun gemittlech dohinner ze fueren wou se wellen ouni zaitdrock asw.
-
DatAssMengAnalyse02.07.2023Lo gëtt sech rëm e puer Deeg opgereegt, Begrëffer wéi Favoritismus, Banannerepublik, .... fille à Papa falen ...... an an e puer Deeg schwätzt keen méi dovunner an alles ass ok. D`Mme Goebbels ass op hirem Posten an den wéi an wou ass vergiess. D`Zukunft vun der Mme ass geséchert, en gutt bezuelten Posten; wie dreemt net dovunner. D`Oppositioun klappt e bëssi mat den Flilleken ...... a well si et wärend hirer Amtszäit net anescht gehandhaabt huet mam Verdeelen vun den Posten ass dat och nëmmen Show. Business as usual. An d`Politiker stellen sech iergendwann `Fro firwat d`Vollek ras le bol huet.
-
LibrePenseur02.07.2023Mir hun duerch eis 40 Stonnewoch awer e Kompétitivitéitsavantage vis-à-vis vum Ausland. Leider muss ech soen dass de Beispill vun der Belsch richteg ass, a sie kruten och hiren Index trotz 200 Arbechtsstonne manner oro Joer, also 5 Wochen)
-
Alles-Quatsch02.07.2023Wärend der Pandemie ass vun Solidaritéit geschwat ginn a wou ass déi elo ?