Photo: Automobile Italia (CC BY 2.0)

Hei ass eng Lëscht mat den 10 sëcherste Passwierder, déi dir gratis benotze kënnt.

Wien kënnt et net. Schonn nees op ee Link an enger SMS vun der Post geklickt a schonn nees sinn tëscht 5 an 50.000 Euro spuerlos verschwonnen. Leider ass et Iech eréischt e puer Woche méi spéit opgefall a bei der Bank héiert Der nëmmen „Luxtrust, blabla, Fishing, blabla, Passwuert änneren“. Domat ass kengem gehollef.

Mir hunn nogefrot bei den IT-Forscher vun der UNI.LU an den Experte vu BEE-SECURE fir Tipps an Tricks, dass och Dir an Zukunft keng Angscht méi musst hunn, virun Hacker an aneren Onéierlechen am WorldWideWeb.

Als éischt muss ee verstoen, dass ee Passwuert ëmmer nëmmen sou sécher ass, wéi engem seng Zännbiischt! Déi ersetzt der jo och reegelméisseg, ausser dir hutt eng elektresch, da kann een dat einfach updaten. Dat gëtt och vun Zänndokteren allgemeng empfuelen, well d’Resultater hei am Schnëtt besser sinn. Mee eng gutt Zännbiischt ass ëmmer nëmmen sou gutt, wéi hir Zahnpasta. A wann een do nëmmen nach sou ee klenge Wippchen am Tube huet, deen dann iwwer 2 Woche gestreckt muss ginn, ass et kee Wonner, wann een da gehackt ka ginn.

Fir dass dat Iech an der Zukunft net méi geschitt, hu mi eng Lëscht mat de sëcherste Passwierder zesummegestallt, déi Dir gäre Gratis benotze kënnt. Fir weider Tipps, kuckt gäre bei eisem Partner POST oder BEE-SECURE laanscht.

  • zu234{≠#8290suki
  • groussenhexemeeschter7
  • 4321
  • qwertzuiop
  • paßwoart
  • 92komma5
  • acab-FlickenSiMärderHeiansdo
  • LucFr13d3n4Pr3m1er
  • LuxTrust
  • MäinNummMeeDenEeAssEng3
  • **************