Photo: lukeamotion (CC BY-NC-ND 2.0)

Et léiert een ni aus! Wat mir alles net iwwer Popcorn wossten.

Wann ee bei RTL1 muss een Artikel schreiwe fir Content ze produzéieren a Klicks ze generéieren, da kuckt een sech alt mol sou Säiten un déi witzeg Fester a Feierdeeg iwwerall op der Welt an eng Lëscht packen. Haut ass den Dag vum Popcorn an Amerika. Wat soll een do soen. Ass lecker. Mais, deen ee ganz waarm mécht, dann explodéiert en, mécht ee witzege Popp-Sound. Dann nach Zocker drop. Oder Salz fir déi Leit, déi deen degelassen Mix gär hunn. An dann ësst een dat. Oft am Kino. Voilà. Artikel fäerdeg… lo nach een Titel.

Wann engem näischt affällt, da kuckt een alt bei de Kolleege vun RTL laanscht, wat déi sou iwwer Popcorn schreiwen. Dobäi stellt een da fest, dass si lescht Joer och schonn een Artikel zum Popcorn-Dag an den USA haten. Do stellt ee fest, dass ee villes vergiess huet. All déi Optioune wéi ee Popcorn nach maache kann. An natierlech och, dass jo de Muppen hir Féiss no Popcorn richen. Do hätt een elo kéinten eng Veterinärin uruffen an nofroen, firwat dat ass, an zack: Content.

Genial! Dat interesséiert een direkt, leider huet elo schonn all Déierepraxis zou an den Artikel muss haut fäerdeg ginn. Mee Gottseidank ass all Joer Popcorn-Dag an den USA an dowéinst kënne mer eis dat fir d‘nächst Joer halen.

Mee ier mer et vergiesse, ruffe mer nach eemol kuerz an Erënnerung, dass Popcorn am Kino natierlech am meeschte Spaass mécht. Näischt geet driwwer, scho wärend de Reklamme vun IP sech iwwert den Eemer hier ze maachen.