Photo: kanonn (CC BY-ND 2.0)

Mir soen eise Lieser*inne villmools Merci, wëll se eng Saach besser kënne wéi jidderee soss.

Haut ass den internationalen Dag vum Merci soen – a fir eis all domat eng gutt Geleeënheet eise Léifste Merci ze soen. A firwat och net eng Kéier dem Noper, der Aarbechtskolleegin oder dem Bus-Chauffer? RTL Eent geet mat guddem Beispill viraus a seet Iech, léif Steierzuelerinnen a Steierzueler Merci fir déi iwwer 11 Mio. Euro, déi eleng dëst Joer un eise Sender fir seng Qualitéitsaarbecht ausgeschott gi wäerten. Merci och, dass der net allze genau hikuckt, wat domat eigentlech geschitt. A merci, dass dir net mol op d’Iddi kommt driwwer nozedenken, ob et zu Lëtzebuerg net och Alternativen zu eis gi kéint. Dofir soe mir villmools merci: Villmools merci!