LIFESTYLE - RTL am Krisemodus
Mir ginn ënner!

Quell: RTL EENT
Et ginn nawell eng Rëtsch Grënn sech Suergen ze maachen.
RTL Eent Informatiounen no huet de gréisste Mediekonzern vu Lëtzebuerg aktuell mat multipele Krisen ze kämpfen. Wéi et heescht, wier domat souguer d’Existenz vum Betrib a Fro gestallt.
Zejoert ass d’Bertelsmannduechter jo eng éischte Kéier an d’Kritik geroden, wéi sech Onéierlecher op engem Site, deen dësem hei gläicht, nawell zolidd de Batti gestallt hunn. An den Artikelen, déi publizéiert goufen, goung Riets vun engem Verstouss géint d’Reklammsgesetzer, vu verstopptener Publicitéit, Verstéiss géint de Pressecodex, dem Ignoréiere vun de Programmoplagen an och engem falsch gerechenten Defizit. RTL, sou huet et geheescht, hätt de Staat ëm Millioune beduckst.
Op Basis vu verschiddenen Plainten huet dunn Uganks Februar 2024 d’ALIA, déi lëtzebuergesch Medienopsiicht, mam Enquêtéieren ugefaangen. Allerdéngs goufe scho kuerz drop bei enger Zort politeschem Putsch géint d’Spëtzt vun der ALIA déi wichtegst Käpp ausgetosch an d’Medienopsiicht domat ënner d’Kontroll vun der CSV bruecht, eng CSV déi jo an der aktueller Regierung de Medieministère an der Hand huet.
Den Ufank vum Enn?
An awer. Et wier eppes un d’Rutsche komm, dat héiert een hannert de Kulissen um Kierchbierg. Zwar géif een hoffen, dass sech einfach kee Mënsch fir d’Virwërf interesséiere géif, dass dat esou bleift gëllt awer mëttlerweil als onwarscheinlech. Et gëtt d’Gerücht vun enger Plainte déi net zu Lëtzebuerg, ma zu Bréissel deposéiert gi wier an op déi ee keen Zougrëff méi hätt.
Och d’Politik an déi eng oder aner Stëmm aus der geschriwwener Press kéint kuerzfristeg op de Fall opmierksam ginn, Ongereimtheeten déi ënnert den Teppech gekiert goufen, kéinte public ginn. Et rumouert nawell ferm. A wéi wann dësen Drock nach net genuch wier steet elo och nach de Verkaf vum Sender zur Diskussioun. Zwou Offere géife virleien an den CEO vu Bertelsmann, den Thomas Rabe, hätt et elo genuch vu Lëtzebuerg.