© Internet

Zwou zousätzlech Opféierunge vum Theaterstéck „Ween stoppt RTL?“ si geplangt.

D’Opféierungen den 05., 06., 09., an 10. Mäerz um 20h00 sinn ausverkaf. Mee elo sinn zwou zousätzlech Virstellunge geplangt, fir déi dir elo Tickete reservéiere kënnt.

  • Samschdes 9.03. um 15h00
  • Sonndes 10.03. um 15h00

Elo gratis Tickete reservéieren: Schreift eis eng Mail un ticket@richtung22.org

Kasemattentheater
Sall “Tun Deutsch”
14, rue du Puits
L-2355 Luxembourg – Bonnevoie

Si däerfen alles. Si kréien alles. Si kënnen näischt.

Ouni RTL wier Lëtzebuerg ondenkbar. Et ass deen eenzege Sender, dee mir hunn. D’Geschicht vun RTL ass ontrennbar mat der Geschicht vum Land verbonnen. Ouni RTL brécht de Mediestanduert Lëtzebuerg zesummen. Mir brauchen RTL. Onbedéngt.

Et ass d’Geschicht vun engem diaboleschen Deal. „Ween stoppt RTL?” erzielt, wéi Lëtzebuerg mam Privatkonzern CLT-UFA, der Firma hannert RTL, e Pakt erneiert – deen eis all betrëfft. Et geet alt nees ëm richteg vill Suen. Obwuel alles perfekt virbereet gouf, brécht dës Kéier Chaos aus: et feelt eng Ënnerschrëft, de Bertelsmann klappt un der Dier a verlaangt een Affer an op ee mol steet eng Läich am Raum.

Richtung22 huet d’Geschicht hannert dem Mediemonopolist RTL an ee spannenden Thriller verpaakt a präsentéiert sou d’Recherche iwwer d’Verwécklungen, Interessekonflikter a Gesetzesbréch vun RTL.