© Internet

Et huet net emol 5 Deeg gedauert, du waren all d’Virstellunge vun „Ween stoppt RTL?“ ausverkaf. RTL Eent Informatiounen no si beim Konschtkollektiv „Richtung22“ mol nach net d’Affichë geliwwert ginn, mat deenen nach Reklamm fir d’Stéck gemaach sollt ginn. Peinlech. Lo stellen sech eng Rei Froen.

Wäerten et nach weider Virstellunge ginn a wäert d’Stéck vläit souguer op franséisch iwwersat an am Ausland opgefouert ginn? Wäert de Kulturminister Eric Thill lo endlech de Portmonni opmaachen an dem Kasemattentheater déi dringend noutwenneg 4 nei Stackwierker dropbauen? A kann et sinn, dass zu Lëtzebuerg Saache geschéien, déi en plus nach eng Rei Leit interesséieren, iwwert déi RTL awer net beriicht?

RTL Eent versicht op all dës Froe méiglechst geschwënn eng Äntwert ze fannen. All nei Entwécklung kann hei um Site vun Ärem Liblings-Service-Public suivéiert ginn. RTL Informatiounen no wäerten och weider RTL Eent-Projeten nach geschwënn op dëser Plaz ugekënnegt ginn.