LIFESTYLE - Hannerhältegen Ugrëff op d'Press
Hallefstaark "Konschtschafender" stelle sech de Batti
© Internet
Eng Usammlung u Chaot*innen maachen sech mat Hëllef vun enger satirescher Websäit iwwer eis Redaktioun lëschteg. Witzeg ass dat allerdéngs net.
Wéi an der Presse gëschter Moien ze liese war, huet sech ee gewësst „Konschtkollektiv“ mam krypteschen Numm „Richtung22” anonym an ënner falschen Numm online als Service Publique ausginn. Zanter Wochen zirkuléieren an de soziale Reseaue jo sou munch Biller a Links zu enger Websäit, déi vun dësen Onéierleche bedriwwe gëtt. Visuell erënnert dat staark un dëse Site.
Als Service Publics Medium huet RTL Eent d’Aufgab, iwwer alles ze beriichten, wat am Land Relevantes geschitt. Ëmmerhi gi mir dofir bezuelt a si gesetzlech dozou verpflicht. Mir géifen also op kee Fall eng Preselektioun am Eegeninteresse treffen a mussen och iwwer Saache beriichten, souguer wann se eis ferme geint de Stréch ginn. Et gëllt, eiser „Informatiounsflicht“ nozekommen.
Hei ass e Link zu der Satiresäit: https://www.rtl.lu/
Dat schéint un eiser Demokratie ass jo, dass all Mënsch fräi dat soen däerf, wat hien oder hatt denkt. Och wa muncher méi gehéiert ginn ewéi anerer. Mee d’Meenungs- an och d’Pressefräiheet huet dee Moment eng Grenz, wou et ëm Strofdote geet. Hei däerf een net driwwer ewech kucken. An um Site rtl.lu sinn eng ganz Rei Strofdote begaange ginn - an dat vun enger Organisatioun, déi mat Steiergelder finanzéiert gëtt. Et kann ee bal vun engem Ugrëff géint d’Press schwätzen.
Screenshot: Handy
An wéi mir dat bei RTL Eent sou gäre maachen, kopéiere mir iech hei einfach de Communiqué vun deenen näischnotzege Lidderhanessen.
Wien huet Angscht virun RTL?
Statement vu Richtung22 zum Lancement vun RTL Eent
Gesetzesbréch, Verstéiss géint de Pressekodex, nawell zolidd politesch Verstréckungen, Favoritismus an Ofhängegkeete bis an d’EU Kommissioun eran, Täuschung a Vertuschung, ganz vill grotteschlecht redaktionell Aarbecht an natierlech: Reklammen, Reklammen, Reklammen. Bei RTL Lëtzebuerg wor des lëscht jo nees eng méi lass. Wéi mir mat Richtung22 am Mee lescht Joer mat der intensiver Phase vun der Recherche iwwer de Mediemonopolist ugefaangen hunn, wosste mer nach net, wat fir en däregen Dossier op eis duerkomme géif.
Monument virum Kulturministère Zanter dem éischte Januar leeft elo eisen Internetsite RTL Eent. Vun dësem Datum un huet RTL nämlech vertraglech nach méi Sue vum Staat zegutt fir seng Aufgab als Service Public net z’erfëllen. Kann e Medium, dat säi Publikum als Konsument*innen versteet, wierklech ee vun de wichtegsten Déngschter an enger Demokratie erfëllen, nämlech dee vun der Opklärung an Informatioun vun de Bierger*innen? Offensichtlech net.
Richtung22 Informatiounen no huet RTL ee Wee fonnt, sech punktuell „Defiziter“ a Milliounenhéicht vum Staat ausgläichen ze loossen, wärend si am nämmlechte Moment an anere Beräicher an iwwer Schwësterfirmen ee Milliounegeschäft man. RTL verstéisst mat verstoppten an iwwerdriwwe villen Reklammen net nëmme géint e puer Reegelen aus dem Pressekodex, mee och géint d’Gesetz. Dat ganzt Konstrukt baséiert op enger systematescher Interessensvermëschung tëscht Politik an RTL. D’Interesse vum Konzern haten ëmmer Virrang virun den nationalen Interessen, woubäi déi responsabel Politiker*innen perséinlech profitéiert hunn. Involvéiert si bekannten Nimm wéi de Gaston Thorn, de Jacques Santer, d’Viviane Reding awer och de Jean-Louis Schiltz.
D’Enn vun RTL
D’Leit hunn eppes Besseres verdéngt. Mir sollten ophalen, Milliounen ëffentlech Gelder an d’Täsche vum Medienimperium hannert RTL Lëtzebuerg, Bertelsmann, ze stiechen. Mir sollten d’Selbstbewosstsinn hunn, staark ëffentlech-rechtlech Medien opzebauen. Déi Diskussioun fänkt elo un, just ouni d’Leit an hannert zouenen Dieren. Schonns an dëser Legislatur wäerten de Staat an RTL sech nämlech alt nees eng Kéier zesummesetze, fir de Reklamme-Konzern och no 2030 mat ëffentleche Gelder gnädeg ze stëmmen.
Egal wéi vill een sech de Batti stellt, wéi soll een eng ëffentlech Diskussioun ronderëm d’Machenschafte vun RTL ufänken, wann RTL selwer de facto ee Monopol op dem nationalen Discours huet? Richtung22 huet sech dowéinst entscheet selwer zum Monopolist ze ginn a mat RTL1 de Kontroll iwwer d’Land vum falschen RTL ofzezéien. Geplangt sinn nieft dem Site rtl1.lu, op deem deeglech neie Contenu publizéiert, weider Aktiounen a Projeten sou ewéi de Bau vun zwee Tierm um Kierchbierg, déi ee bëssi méi héich si wéi déi vun RTL. D’Theaterstéck Ufank Mäerz am Kasemattentheater ass eng weider Etapp.
Fir dass sech eppes ännert, däerf awer lo net ofgewaart ginn, op ee Konschtkollektiv eleng de gréisste Medienkonzern an Europa stierze kann – och wann d’Chancë ganz gutt stinn. All Eenzelnen zu Lëtzebuerg huet d’Recht anzefuerderen, dass d’Subventionéiere vun RTL mat Steiergelder gestoppt gëtt. Et mussen sech vill weider gesellschaftlech Acteuren aschalten. Dozou gehéiert Press, déi sech déi onfair Konkurrenz duerch de staatlech subventionéierte Site rtl.lu net mei bidde loossen däerf. Dozou gehéiert d’Politik, déi sech aus hirer gefillter Ofhängegkeet erausbeweegen an endlech d’Interesse vun der Bevëlkerung vis-a-vis vun RTL – an net ëmgedréint duerchsetze muss. An dozou gehéieren och d’Journalist*innen innerhalb vun RTL, déi warscheinlech besser wéi all anere wëssen u wéi enger Shit-Show si bedeelegt sinn.
-
Expert18.01.2024Wat eng virgzunnen Karnevallssetzung. Am Chamberaum misst elo eng Bütt eran.
-
KNOUTERBATTI18.01.2024Jidfereen kann beim fëmmen machen wèi e wëllt soulang e Mech als Netfëmmert net emmerdéiert. Dat machen Fëmmerten awer wann se zB op enger Zerasse néiwend mir fëmmen. Da froen ech se op et se net stéiert wann ech éissen während sie fëmmen. Oder déi Zigarettenkippen um Wee, ekeleg. Wann esouvill Knätsch oder ugeknaten Kamellen géifen do leien géifen Fëmmerten sech och beschwéieren. Respekt vun béiden Saiten as gefrot. Fir seng egen Gesondheet as jidfereen selwer zustänneg.
-
den_Kneckert18.01.2024Am Idealfall vun 6 Testzentren, muss all Zenter ronn 100.000 leit impfen an der Moyenne. Wann een bedenkt dass jidderen muss 2x geimpft gin sin dat dann 200.000 rdv pro Zentrum. Wann mir dovun ausgin dass een an 6 Meint well duerch sin mam Impfen (Wees et ass extrem optimistesch) dann misst all Zentrum 33.334 leit den mount impfen, 8334 pro woch, 139 pro stonn (bei 60 stonnen pro Woch) bzw bessi mei wei 2 Persounen pro minute. Ass een Sportlechen Tempo, mee mengen dat keint een hin kreien wann natiirlech alles sou leeft wei et soll.
-
Eieiei18.01.2024Dei gelassenheet vun der Mme Lenert bewonneren ech , wat een vum Här Bettel neck kann soen. Waat Restoratioun ugeet , fannen ech et neck gudd bisden 1. Juni ze waarden, do sen der lo ganz vill dei hir Diren neck mei kennen opspären
-
KengduebelMandater18.01.2024Hoffen datt deen zeenario do net Wierklechkeet gett , dann wär datt Land net mei ze regeieren…. Jiddereen matt jidderengem an och net……..
-
HeiMengMeenung18.01.2024Et ass jo och vill méi liicht, sech bei RTL o.ä. an den douzou gehéirende Commentairen ze informéieren.
-
EsouAwerNet18.01.2024Et war och zou eiser Zeit an de 70 er e Luxus. Mir hunn zeitweileg 10 1/4 % Zensen op eis Schold bezuelt a sinn mol einfach 10 Joer net an eng Vakanz gefuer. An en decke Prime-Car ass et och net ginn. Awer ass Haut esou Eppes gesellschaftlech nach machbar?
-
Maxximal18.01.2024Ech giff och net opmachen mat all deenen Euros weu se lo vumm Staat kreien!!!;)
-
KengduebelMandater18.01.2024Wonnerbar Noriichten, meng Félicitatiounen!!!
-
den Trellert18.01.2024Ganz einfach. All Camionneur huet eng Plaque. Souvill Liter si frai, all mei ginn taxeiert. Besteiert de Patron a schon ass et eriwwer. Bestrooft dach net dei Leit dei heihinner schaffe kommen.
-
JEAN-FRANCOIS18.01.2024Oje Här Fayot Dir könnt dem Här Frieden Wasser nit rechen Op esou eng Platz wei Wirtschaft brauchen mir definitiv mei en kompetenten Mann !
-
Matbierger18.01.2024Wohltaten verdeelen ,awer net woessen wie se finanzeiert ginn! .Wie wieret mat engem Congé parental plus plus als Belounung vir dei,die de Congé parental plus huelen ?
-
Trulla18.01.2024Hätte mier de Pärdsschwanz errëm gud zu Brèissel
-
Waat_dann18.01.2024Här Asselborn, mat allem Respekt, mee waat gëtt ët do nach ze diskutéieren!? Vill ze laang kuckt dir schonn dëm Putin sängem onmënschlëche Regime durech d'Fangeren. Act Now !!! Och wann d'Sozi'ën sëch méi zu Russland hii gezu fillen! Merci....
-
den_Kneckert18.01.2024A woufir brauche mer 705 Parlamentarier plus 14 Vizepraesidenten an eng Praesidentin. .Zousaetzlech zu all deenen um Krautmaart. D’Demokratie ass net proportional zu der Zuel vun den Depute’erten. Am contraire. Wat se zu me’ sin wat et me’ ontransparent get an d’Dir fir Korruptioun emmer me’ grouss opgeet.
-
jangmetti18.01.2024Richteg. Mir brauchen weder Greenpeace nach de Mouvement Ecologique. Firt escht de Corona bekämpfen an dann villeicht eis mat deenen hieren Topeschkeeten beschäftigen.
-
DirtyHarry18.01.2024Obwuel ech seit gudd 35 Joer net mei bei engem Coiffer war , well ech daat och ganz gudd eleng hinkreien : Ech war solodaresch an hun mir während dem Lockdown d'Buuschten net geschnidden ... fir net dei ze deprimeieren, dei net hun dirfen während dér Zeit bei hieren Coiffer goen. Geschter hun ech daat awer erem gemaach ... an ass Haut kengem opgefall.
-
NONDIKABES18.01.2024De Glyphosat-Incident zu Bréissel wor esouvill en Alleingang vun engem däitsche Minister wéi d'Rulings-Maschinn op der Gare ee vun engem lëtzebuerger Fonctionnär wor.
-
jangmetti18.01.2024- D'NATO war de facto als Verdeedegungspakt virgesinn, ass awer säit laangem zum Ugrëffspakt mutéiert, deen ënnert dem Deckmantel vun der Freiheit mat provozéierte Kricher vill Länner destabiliséiert, an de Koup bommt, an Milliounen Doudeger ze veräntweren huet. - Wéini gëtt d'Positioun vun der NATO endlech iwwerduecht?
-
Neckel300018.01.2024Geigenpropse Dividenden dei aus dem Betrieb geholl ginn därfen net mei heig sinn wei 1,5x salaire médian an ginn zu 100 % besteiert. Präisser ginn just 1x am Joer geheckt em maximal 2,5% En Betriebsauto (amortissement an frais) därf am Joer net mei kaschten wei 1,5x salaire médian, den Recht ass net mei ofsetzbar. Den Stonnenloun deen engem verrechent gett därf net mei heig sinn wei 1,5 mol vum Stonnenloun médian. Mat mengrn Virschlei geiffen Praisser net esou an Lucht goen an Index geiff mei rarr ergmfahlen.
-
Donald Duck18.01.2024An der sendung "Denn sie wissen nicht was passiert", do bewonneren ech den thomas gottschalk zwar nach emmer, wann heen sech a sengem alter nach esou gudd un der mauer festklammert.
-
Donald Duck18.01.2024Ze dachs en Hond wäschen ass mol guernett gesond vir se.... Muppen haalen sech selwer propper!! Wann en nett graad voller Bulli ass, gett de Schlauch nett geholl! Just Patten oofgemach, weint den Spuren am Haus..
-
DirtyHarry18.01.2024firwat get dei Päischtcroisière hei an den medien sou heich gehaal?huet dat irgendeppes mat der Letzebuerger Kultur ze din?ech mengen net.
-
KNOUTERBATTI18.01.2024Dee Numm "Piraten" ass katastrofal ! Guer net zeitgemäss ..... kascht Iech vill Stëmmen !
-
Minettsdap18.01.2024Ech si geimpft a wäert mir geschwënn mäin Booster siche goen an an e puer Méint wuel meng véiert Impfung. Dat ass eben am Moment deen eenzege Wee fir d'Pandemie iergendwéi am Grëff ze behalen. Trotzdem sinn ech skeptesch wat eng Impfpflicht oder een Impfzwang ugeet. Hu mir wierklech all aner Moyens genotzt fir all d'Leit ze informéieren, ze sensibiliséieren, opzeklären? Kann een net nach méi Impfbusser o.ä. asetzen oder an all den Akafszentren präsent sinn? Op youtube oder aner soziale Medien nach méi gezielt sensibiliséieren? Wann d'Leit nët bei d'Impfung kommen (kënnen/wëllen ...), da muss d'Impfung bei d'Leit kommen!
-
luxusbuerger18.01.2024A wou sinn dann d'Hamilton Fans ? Et héiert ee kee méi ...
-
DePefferkaerchen18.01.2024Ganz schwaach dat do, mee säit d'CGFP de CovidCheck nach méintelaang forcéiert huet nodeems d'Gesetz schon ausgelaf war kann een net mi vill erwaarden.
-
knadderpit18.01.2024E cleveren Schachzuch vun der Direktioun ze erzilen dat Primme vun +80.000 € ausbezuelt goufen . De Mann huet just vergiess ze soe wivill Primme am Detail jidderee kritt huet .Huet all Mataarbechter esou vill kritt oder ass dat d'Moyenne. Mee de Leit Dobaussen ass dat egal . Déi liesen 80.000 a schonn ass d'Bëtschel fett . An Gewerkschaften a Personal stinn. Wisou huet den CEO net gesot wéi héich d'Primme virdru woren ? An wivill Primme et gëtt wann eng Kéier manner Emsatz generéiert gëtt. Eng linear Erhéijung huet een ëmmer, an 1% pro Joer ass net d'Welt
-
den_Schockeierten18.01.2024Et war effektiv een Fehler op d‘Eegeverantwortung vun de Leit ze zielen . Et senn puer aaler ,mee haaptsächlech jonker dei sech absolut onverantwortlech geintiwer der Gesellschaft verhaalen. Keen Respekt an keen Verantwortungsgefill geintiwer aneren. Traurig .Skandaleis. Et dauert villen Herrschaften ze laang , dat ganzt. Haut des Daags muss dauernd Party senn , net vill Leit kennen an wellen sech Zeit huelen fir och mol eroof ze kommen , ze Liesen , stonnenlang spazeieren ze goen a.s.w .
-
Politmotor18.01.2024par Rapport zum Interview vu gëscht, wi Daag a Nuecht. Woubäit haut éischter Nuecht war.
-
KNOUTERBATTI18.01.2024um enn vumm daag muss een vunn senger pay liewwen kënnen - an daat w.e.g. ouni hëllefen lënks an riets. dozou gehéiert och, datt die kleng payen net well 7% steieren bezuelen. métiers vunn deenen een net liewwen kann, die ginn gemieden an d'leit sichen sech eppes aaneres. an soulang deen probleem net ugepaakt gëtt, soulaang ass all den recht just dekoratioun. daat stellt och d'fro wie weit mer wuessen wëllen an uewwen um turm nach drop bauen wëllen, ouni datt d'fundament ënnen ugepasst gëtt.
-
Mellechmann18.01.2024Alles nemmen gebraddels E meindeg ales vergies wat se haut verspriechen Nemme weider Leien do ass en den da jo gudd kann Ee wiessel muss kommen fort mat Greng der Befiermundungs a Verbuetspartei De Blo nemen o e men show mat Liigen ennermauert a mat de Lei blenden
-
Meckerhary18.01.2024Also eisen Nationalgoalkipp haat gescht och keen gudden Daag!🙈🤷♂️ Vun deenen 3 Goaler geet de läschten op hien! Hun mir kee besseren ...🤔
-
kartoffel18.01.2024Firwat ginn dLeit eigentlech nach wielen? Sollt et net esou sinn, datt dei Gewielten sech mussen eens ginn wann de Wieler dat gaeren esou haett? Dat doten ass politesche Mobbing a soss naeischt! Fir dei Punkte wou een sech net eens gett, kann ee jo e Referendum organiseieren, wou ass do de Problem? Vive dei participativ Demokratie!
-
Weltbiirger18.01.2024Dir stitt net eleng do. Och mir si concernéiert, awer mat der CNS. Si wëlle säit Joeren alles vereinfachen, mee ech hunn nach näischt dovun gemierkt?! Et huet ee Rechter, mee et muss een dofir streiden, méintelang! An dat an engem Land déi esou top wëlle sinn an no de Stäre wëlle gräifen. Si kréien den Alldag emol net an de Grëff. Dëst sollt iech e klengen Trouscht sinn!!!
-
Donald Duck18.01.2024Ah deen Mann huet bestemmt een Plang
-
Duke_of_Lux18.01.2024här holtz.....w.e.g. ned aeppel matt bieren verwieselen wann der punkten aus deenen aalen gruppen vergleicht
-
WouereschtdeetWei18.01.2024Natirlech leiden dei falsch erem ennert esou Decisiounen an dei dei vir den Schlamassel zoustänneg sinn,kommen erem gudd eweg.
-
Trump197818.01.2024... an dat ganzt ouni Stadion.
-
donquijote18.01.2024Et wier besser 5-0 forfait ze erklären, da wier Goal Differenz net esou grouss !
-
Egalwat18.01.2024Madame Lenert mescht hier Arbecht gudd. Hiere Message geet un Vollek fir zesummen zeschaffen. An wann jidderen sech geing un d'reegel haalen packen maer daat och zeguer wann een an anner Länner an Vakanz fiert zesummen haalen. Mee nee gin da leider dei mengen sie missten Rambo spillen an sie kréien den Virus net. An haalen sech net un d'reeglung. Daat beschte Beispiel erem geschter Owend zu Hesper geldstrof ass net héisch genuch
-
De_Jonggesell18.01.2024D'Belsch 890 Doudeger op eng Millioun Awunner - Letzebuerg 209 op 1 Millioun Awunner héichgerechent. Wou ass ët dann elo méi geféierlech? Alles poligiych Gespills an den Ufang vum Enn vun der EU. Leider!
-
Heemecht_lu18.01.2024Aus angscht keng Hoer mi ze hunn, huet hie keng chemo gemaach. Wahnsinn, dat nennen ech Logik.
-
Infowars18.01.2024" Kruzial ass et och, der Populatioun, esou wäit et méiglech ass, ze soen, wou d’Rees higeet". Leider wees d'Régierung selwer net wou se higeet. Si warden emol oof, wat esou den Nooper mecht, wéi emmer. Et ass méi einfach alles noomaachen (kneipen), ewéi selwer eppes op d'Been ze setzen. Wat dat schlemmst ass, ass dass keen vun der Régierung d'Initiativ ergreiwt, an emol duerchgréiwt. Gudden commentaire Herr Aulner! mbg Lusy
-
Trump197818.01.2024De Benzin an Diesel huet keng grouss Praïsélasticitéit. Et ass e quasi liewenswichtege Produit, wéi Iessen, Wasser, Heizung, Kleeder ... dofir können déi eis regéieren égal waat vu Steieren drop schlien a wëssen dass mir et schlecken. Hei e klengt Zitat aus Wikipédia „ La demande reste inchangée quel que soit le prix. C'est notamment le cas des produits de première nécessité : bien que le prix augmente, la consommation se maintient car il existe peu de produits de substitution“
-
Letzpower18.01.2024Gett een gelackelt mat Primen vum Staat. Nee Merci well mat däer enger Hand gin se an mat däer Annerer huelen se däer se rem seier. Daat gesait een jo schon bei der Steiererklärung hun soubaal een e puer Euro weider verdingt sin se do dann gett kasseiert, dann gin Avancen geheischt, sie kreien Léit schon kleng. An dann ass eng Wärmepumpe bei waiten net genschteg wou soll een Normalverdinger dei Suen dann hir huelen. Ech fueren mat Mazout an dobai bleift et och.
-
Tata-Sidoni18.01.2024Liewensqualitéit, wat ass dat iwwerhaapt? Déi, déi elo iwwerall am Quartier kënnen um Vëloswee jauwen, déi soen: Super! Genial! Gëtt dee Wee mat Foussgänger gedeelt, da soen déi: Merde! Do hält da fir béid, eng gewësse Qualitéit op! Eng Spillplaz, déi och dee Numm verdéngt? Wou dach de ganzen Dag di zwee schaffen, an d‘Kanner gutt versuergt sinn. An di Leit, déi ronderëm wunnen, hätte gären hir Rou, net nëmme verdéngt, wann se vun der Aarbecht heem kommen. Wann ech jonk sinn, a selwer kleng Kanner hunn, dann ass meng Welt anescht, wéi schonn 10 Joer méi spéit, wann d‘Kanner beemool aner Interessie manifestéieren, wéi op d‘Spillplaz, am Quartier. Kann ee Liewensqualitéit op laang Siicht veruerdnen? Kommt, mir bauen eis en Duerf *, déi Kéier als Erwuessener. Op mer eis als Erwuessener wuel kéinten eens ginn? Cf. online "Town village" (op D an F)
-
Iddefix18.01.2024Daat ass wuel richteg a wichteg fir eis d'Land. Déi gudd Kichen muß gepusht ginn. Malbouffe muss verschwannen an d'Elteren mussen sech vill Zäit huelen fir hir Kanner richteg a gesond ze "'fidderen".
-
Knouterer218.01.2024Den Scenario deen eisen Premier jo privilegiert huet, daat heescht een Emprunt op Europeechem Niveau, aus Solidarität matt denen Laenner (Italien, Spuenien, ...), dei wann se alleng missten goen , vill mei schlecht Konditionen um Marché kreien, ass jo op Europeeschem Niveau ofgelehnt ginn (merci Holand, Eistereich, Finnland an Deitschland, an vive t'Solidariteit an Europa). Dann bleift Letzebuerg naischt aanerescht iwweresch ewei "cavalier seul" ze maachen.
-
Baam18.01.2024Super News! RTL: w.e.g losst d'Publikum matt décidéieren ween fir eis sangen soll. Ech soen: schëckt d'Jongen vun DE LÄB
-
gestressten18.01.2024Ech well mol gesinn an 20 Joer wann Klima Katastrofen den alldag ginn, ob d'Lëtzebuerger sech just nach hieren eegen Gaart ukucken. Ech fannen, die Gréng sinn net radikal genuch géigeniwwer die Krisen die eis erwaarden. Mee wéinstens maan se eppes, an bréngen die aner Parteien och op eng Klima fokaliséiert Politik.
-
donquijote18.01.2024Keen Mënsch brauch dat.
-
nizefridden18.01.2024Mäin Härz geet och mat der Commemoratiounsfeier fir de 75. Anniversaire vun der Ardennenoffensiv. Wellkommen fir d’Madame Pelosi Nancy hei am Land.
-
kloreMenscheverstand18.01.2024Gëtt Zait fir eng nei Aangel🙂 nee Spaß bei Sait, d'Mierer sinn iwwerfëscht, ass awer schon eng Zaitchen de Fall a gewosst.
-
geftzwersch18.01.2024Ech fannen et ass gutt wann een heleft mee dauernd schwätzen mir vun der ukraine dee schon millionnen kritt hun et ass schlemm watt do geschitt mee geifen dee eis och helfen mengen net dann kreien mir ob denn autobunnen all 60 km eng schnellladestation ass eis autobuhn sou lang ????? Ech Sin gespannt wee et weidergeet an ob dee leit hei am Land richtech geholef kreien well et schafft net jideren beim Staat. Net daat mir geld all gespennt hun an waat denn Elektroauto ugeht gitt mol ob eng schnellladestation dann rechnet dir mol waat daat kascht ass Jo grengen strom do stellen Ech mir och fro wou denn soll hierkommen bei dennen grengen an hierer fantasie
-
Infowars18.01.2024Den Juncker huet missen weinst der Geheimdengstaffär goen. Wann dat doten stemmt, ass dat jo nach vill mei schlemm. Ween muss dann elo goen ?
-
JEAN-FRANCOIS18.01.2024Fannen déi ganz Affaire schrecklech vis à vis vum Grand Duc a Famill. Ganz schappech get iwer Sachen geschriwen wou keen awer och keen eppes wees. All wöllen se alles wössen. Wat eng Gesellschaft as dat do
-
DatAssMengAnalyse18.01.2024Schuett dass den Hummels nett derbei ass den Kommetair hätt ech gär heieren
-
Knueterbatti18.01.2024Hallo Zusammen , Vorab wünsche ich mir für alle das wir egal ob in Luxemburg oder Deutschland oder sonst wo auf dieser Welt diese weltweite Pandemie überstehen vorallem Gesund . Hier meine Frage Leider ist es aktuell für viele Personen nicht gestattet sein Haus / Wohnung zu verlassen , was aber wenn ich ein Haus im Ausland gekauft habe und mein Haus Fristgerecht Fixdatum z.b 1 Juli 2020 verkauft haben. Aktuelles Haus liegt in Luxemburg und man ist gebürtiger Luxemburger und man hat ein Haus gekauft in Deutschland . Wie sieht es dort aus mit dem Umziehen ??? Ist es Erlaubt die Kisten und Möbel über die Grenze auf direktem Weg ins neue Haus zu Transpirtieren als Eigentümer des neuen Hauses Ja oder Nein und wenn ja was muss ich tun ??? Bitte um Antwort und danke vor ab . Bleibt Gesund und haltet durch , Gemeinsam schaffen wir diese Krise
-
Knadderhary18.01.2024Waow! Eng Sensibiliséierungscampagne fir d'Leit erem méi no bei d'Natur ze kréien... mat engem Virtual-Reality-Brëll an engem Decor vun gefällten Beem an opgestoppten Déieren.
-
den Trellert18.01.2024- Wat schwéier nozevollzéien ass, dass di Gréng net erkläre wéi mat hirer Politik, wou si jo géint Atom-a Kuelestroum sinn, eis Energieversuergung assuréiere wëllen. - Wa bei Flatterstroum, oder Dunkelflaute, gemengt ass, wa keng Sonn schéint, oder kee Wand bléist, oder nach schlëmmer béides zesummen, da muss an dem Moment Atom- a Kuelestroum importéiert ginn, wat dann näischt méi mat grénger Politik ze dinn huet.
-
Die_Wahrheit18.01.2024DKanner kënne mat näischt Spille waat dEltere net och an dHaus bréngen
-
meteomann18.01.2024Bravo F91.Si spillen einfach an enger Liga fir sech.Dat dotend Resultat hätt och den Trainer Paulo Amodio fäerdeg bruecht,ma deen war dem Chef vum Progres jo net mei gutt genuch.Den Progres muss oppassen,iwerhapt europäesch ze gin...
-
Kropefra18.01.2024Bonne chance Dan fir deen neien Challenge!
-
de_Feierbop18.01.2024D'Populatioun wiisst ze séier, dat ass evident. Fir datt de Bausecteur de Retard kann ophuelen, misst serieux a nohalteg iwer e Ralentissement nogeduecht ginn. Mee dat schéngt en Tabu-Thema ze sinn; et pour cause...
-
den_hexemeeschter18.01.2024Lo gëtt sech rëm e puer Deeg opgereegt, Begrëffer wéi Favoritismus, Banannerepublik, .... fille à Papa falen ...... an an e puer Deeg schwätzt keen méi dovunner an alles ass ok. D`Mme Goebbels ass op hirem Posten an den wéi an wou ass vergiess. D`Zukunft vun der Mme ass geséchert, en gutt bezuelten Posten; wie dreemt net dovunner. D`Oppositioun klappt e bëssi mat den Flilleken ...... a well si et wärend hirer Amtszäit net anescht gehandhaabt huet mam Verdeelen vun den Posten ass dat och nëmmen Show. Business as usual. An d`Politiker stellen sech iergendwann `Fro firwat d`Vollek ras le bol huet.
-
jangmetti18.01.2024R.I.P éng ganz grouss Monarchin
-
Nickla18.01.2024Sou steieren mer op eng absolut Vollkatastroph hënn
-
Kappressel18.01.2024Super Guigui.Dei näckste Keier klappt et💖😘
-
Knueterbatti18.01.2024Virwaat huet d' CSV da keng Reserven ugeluecht virun der Kriis, wéi sie un der Regierung waren? Virtéicht näicht maachen an dono meckeren.
-
gestressten18.01.2024Mech iwerfuerdert daat, awer ech géif hei gären ën Opruf maachen dozou, eng Corona a.s.b.l. (Letzebuerg, oder International) ze crééierën an där Spende kënne gesammelt gin fir all Menschen a Nout kurzfristeg an onbürokratesch Hellef zoukommen ze loossen. Ech bedeele mech awer gäre mat engem Don. Vir deen Zweck bidden ich RTL un meng Mailadress un esou eng Associatioun weider ze leeden, soubaal se gegrënd ass. Merci am Viraus
-
Baam18.01.2024Ech froen mech waat se deem Besétzer dann an séin Dosier schreiwen!
-
Tata-Sidoni18.01.2024Ech gèiw soen, datt ganz um Umfang steet, eiser Gesellschaft an besonneg deenen Jonken mool nees d' Gefill ze vermëttelen, datt een Handwierk eppes besonneges an wertvolles ass, an net daat deen jèinigen doo geland ass well et "fiir mèi net duergoung". Soulaang dèi Haltung gèigeniwer dem Handwiirk an den Handwiirker net besser ass, get schwerer dèi Jonk ze begeeschteren. Dann kënnt een net dolaast deenen Leit eng interessant finanziell Aussicht ze bidden, waat eigentlich èng Selbstverstaendlichkeet soll sin.
-
nizefridden18.01.2024Daat soll een offiziellen Breif sinn, ohni offiziellen Logo vun der Staadt an ohni Stempel ? Daat ass just eng Fatz Papei'er ! So'u Eescht get de Problem vun der Gemeng geholl ! Garer Leit, loost iech net iwert den Desch zei'hen !
-
luxusbuerger18.01.2024"Den krich an europa" Ehm? Dei leschte keier daat ech geguckt hun, waar d'Ukrain nach net an der EU weder nach gouf et eng Kricherklaerung vun eis. Oder wees deen Herr mei wei mier? "Ech well een mei starken sozialstaat" Ech iwersetzen: "Ech well nach mei gratis hei and gratis do. Ech well mei heisch steieren. Ech well mei eng grouss oofhaengeschkeet vum staat. An ech well d'grenzen nach mei grouss oprappen. Emmerhin, existeiert nach emmer eng mettelschicht."
-
Letzpower18.01.2024Et sinn nemmen eis Pensionäre dei sech hei obreegen. Wann der an äerem Alter net ausgesuergt hutt, as iergend eppes an äerem Liewen schief gaang….
-
LuxTroll18.01.2024Sin zwar kéen vum Här Frieden senger Partei, iewer dat wat do gesot a proposéiert gouf, dat as iergendwéi verständlech a logesch. Dem jetzege Premier an senge Ministeren, as jo nët méi nozelauschteren. Déi aktuell Regierung as um Enn ukomm, 2 Legislaturperioden wou all Partei mache ka wat se wëllt, e Premier ouni Linn, an déen jidderée gewärde léist, dat kann net esou weidergoen.
-
Politmotor18.01.2024Mech wonnert guer naïscht méi.
-
Trulla18.01.2024Dei Situatioun as wirklech schweier anzeschätzen! Ziedelt Amerika wei sou oft erem e Krich un, manipuleiert an flunckert? Oder sin ed awer dei aus dem Iran, dei och schons oft fragwürdeg Meenugen, Aktiounen am laaf vun hirer Geschicht duerchgesaat hun? Hoffentlech bleiwt ed fridlech !
-
Mengmegnung18.01.2024Dei GRENG wellen perfoce nach e puur Stemmen retten. Si sollen dach e Schlussstrech enert Gambia machen.
-
JEAN-FRANCOIS18.01.2024Ass jo flott. Dann koennen aallspoetzepolitiker emol eroem durch d'welt fleien op kaeschte vum steierzueler an ouni schlecht gewoessen fir den klima. Den normalbierger bleift doheem weenst dem klima. Mee wei goet oemmer gesoot: " Geld regiert die Welt".
-
WaatSaachen18.01.2024Endlech bei baal 700.000 Bierger onbedingt néideg.
-
Nickla18.01.2024Ee Skandal wa Frankreich elo de Biontech blockéiert. Mir sollte séier aus der EU eraus. Ech mengen Lëtzebuerg soll bei Biontech déi 1,8 Milliarden Dosen ofkaafen. Da kéinte mir vun haut op mar jiddereen dee well impfen. Zeguer 3 Mol. Déi leideg Prioritéit Diskussioun wier fäerdeg. An duerno hätte mer nach genuch fir vill Leit aus onsen Caritasgebitter glécklech ze maachen. Här Asselborn, tommelt iech soss as Deitschland nees virun ons!
-
Gleewennetalles18.01.2024Interessant, emol eppes net esou alldeegleches. Bon chance dem Kevin nach.
-
HeiMengMeenung18.01.2024Jalousiteit ass schlemm ! Ech selwer verdengen 12.000 €, meng Fra 11.000.-€ an villen eis ennerbezuelt. Wien vill schafft an Responsabiliteit huet muss eben vill verdengen
-
DirtyHarry18.01.2024Ohhh wie ist das schöön 💙⚒
-
Eieiei18.01.2024De weekend ass alles voller net letzebuerger Plaquen op den parkingen vun de grandes surfaces an an der Stadt. Sie dierften un sech just erankommen mat valablem Grond awer net vir akaafen ze kommen oder durch d'Stadt ze bummellen well sie daat bei sech net dierfen. An mir Résidents sollen oder mussen op esou vill wei meiglech kontakter verzichten. Zuelen vun positiven Fäll bei den non-résidents gin mir jo schon laang net mei gewuer, et freet een sech firwaat.
-
tetrapack18.01.2024Wann sou eng tickend Brandbomm nuets an der Garage steet kann een jo net roueg schloofen.
-
Iddefix18.01.2024Fir eng Kéier dass Gladbach doheem konnt Punkten huelen
-
Nei_Hei18.01.2024Majoo da loose mer jideren maachen soen a posten waat e well da kucke mer wou ma dann hikommen. Ech wees beim beschten Wellen net waat de Mann sech denkt fir esou e Blödsinn ze soen. Wann zum Beispill jideren an der Pandemie seng Fräiheeten behaalen hätt dann hätte mer nach vill mei Doudecher gehaat. Ech fannen dass mer zu Letzeburg méi wei genuch Fräiheet hun. Da loosen mer der ganzer Kriminalitéit nach mei Fräiheet z.b an eiser Stad da kuke mer wou Rees dann hingeet?Ech kann nemen de Kapp resselen
-
den_hexemeeschter18.01.2024Gambia-Koalitioun schafft awer wierklech mat Système! Yuriko Backes huet last minute DP Parteikaart geholl/krut an zack war se Finanzministesch. Do zéien déi Gréng eben no!! Same procedure... Last minute dei gréng Parteikaart an zack Emwëltministesch. Und ist der Ruf mal ruiniert, lebt sichs ganz ungeniert 😱
-
Politmotor18.01.2024Ganz einfach aus der fridaysforfuture-Maniff eng sundaysforfuture-Maniff maachen. Do huet bestëmmt keen eppes dergéint.
-
Egalwat18.01.2024Des Fakten si korrekt. Hei muss een dann awer och a Betruecht zéien datt des 'natierlech' Immunitéit eng dach begrenzt Liewensdauer huet. Also hei och de ganzen Kontext betruechten. Et ass och wëssenschaftlech erwissen datt, vereinfacht gesoot, eng iwwerstaanen Infektioun (am beschten dann net onsymptomatesch) den Equivalent zu enger Dosis Impfstoff ass. Also just ee begrenzten Schutz bewierkt, sowuel an der Dauer wéi och bei de gesondheetlechen Auswierkungen op de Mënsch. Dofir, ass ee kompletten Impfschéma, mat drei Impfungen (oder zwou an eng iwwerstaanen Infektioun) dee beschte Schutz souwuel fir deen eenzelnen Mënsch, wéi och fir déi ganz Gesellschaft duerstellt. Dofir sinn ech zu 100% iwwerzeecht, an dëser besonnescher Situatioun wou mir elo 2 Joer dra sinn, datt et noutwenneg ass eng allegement Impfpflicht anzeféieren. Begrenzt an der Zeit an encadréiert mat den néidegen Mesuren an och Opklärungen.
-
Elo_haal_awer_op18.01.2024Wat seet déi gréng Ministesch Dieschbourg an hieren Parteifrënd Turmes dann heizou!? Terrain verbetzt an Natur verschandelt :( Gréng wierkt :(
-
Letzpower18.01.2024Irgend eppes stemmt hei net: mir kreien vum Minister Bausch net duechgerechnet vivill Tonnen CO2 enstin fir den Satelitt héichzeschéissen. Wehe awer mir furen mam Auto dann muss sech geschummt ginn, well mir zevill Besin verbetzen.
-
Josy_Barthel18.01.2024Keen vun den EU-Verantwortlech hun Eer an der Box. Sie reagéieren eréischt wann et ze spéit as....wéi ëmmer.
-
geftzwersch18.01.20247,8 Mio mecht dann ronn 130000.- Euro pro Deputéierten aus, plus e Parking fir d’Velosfuerer an de Congé politique….an, an fir waat ze machen. Fir ze neipen, mam Smartphone ze spillen a wann et em eegen Interessien geet mam Kapp ze wenken.
-
Aniwregens18.01.2024Bezillt de Patron dem Employé dann e substantielle Supplément fir déi Suen déi hie spuert well de Bureau doheem ass?
-
Nickla18.01.2024Tëscht der EP an der 1. Dividisoun ass nett méi souvill differenz.... Déi équipen, déi an der 1 Divisoun matt virbai spillen an Opstiegskandidaten sin, hun EP niveau....daat ass nett méi sou wéi fréiher!🤷♂️
-
De_Popst18.01.2024Police ass chronesch ennertbesaat.... Emplus kommen nach Stonnen Pabéierkrich derbai! Alles Wonschdenken.....🤷♂️