Photo: FWnetz (CC BY-NC-SA 2.0)

Ee klengt Pelzegt Déierchen hat haut fir nawell vill Opreegung gesuergt.

Kaweechelcher si bekannt als Kloterkënschtler, ma et kënnt och emol vir, do klammen se op de falsche Plazen an d’Héicht. Dat war du wuel och de Fall bei engem klenge roude Kaweechelchen, dat vun de Pompjeeë vu Rëmeleng huet misse gerett ginn. D’Déierche souz um Daach vun engem Haus fest a wollt vun do aus an ee geféierleche Bam weiderkloteren.

Nieft der CGDIS ass um spéiden Owend dann och d’Police op d’Plaz geruff ginn. Beim Asaz vun der Hondsstaffel koum et zu engem trageschen Incident, bei deem 3 Hënn verletzt gi sinn an e Kand d’Liewe gelooss huet. Doropshi gouf d’Kaweechelche vun der Arméi vum Bam geschoss. Och hei gëllt d’Présomption d’Innocence.