Photo: Abbaye de Neumünster

Den 12. Abrëll um 20h00 ass et souwäit, da leeft an der Abtei Neimënster den neie Film iwwer RTL.

En Hai gouf am Stauséi entdeckt. Et ass déi perfekt Story fir RTL an d’Equipe vu Journalist*inne ronderëm d’CEO Joëlle Zander, all Mënsch ass um Wee an den Norde vum Land fir d’Nouvelle auszeschluechten. Huet RTL et dës Kéier iwwerdriwwen?

Historesch Location fir d’Avant-Première

Vill Stars a Promie gi sech fir d’Avant-Première vum Film „Stëmm vu Lëtzebuerg“ an der Abtei Neimënster erwaart. Et wäert also eng méi lass sinn. D’Event fënnt an enger fir RTL symbolescher Location statt an zwar an der „Salle Robert Krieps“, engem Sall also, deen nom Verfechter vun ëffentlech-rechtleche Medie benannt ass.

Dir kënnt Freides Owes mat dobäi sinn. Reservéiert elo séier Är gratis Plaze fir d’Avant-Première den 12. Abrëll um 20h00 an der Abtei Neimënster per Mail un: billetterie@neimenster.lu

Weider Virféierungen

  • 19. Abrëll um 20:15 am Ciné Sura zu Iechternach (Tickets)
  • An der Woch vum 8. Mee am CINEXTDOOR-Réseau
  • 18. Mee am Kader vum Festival „Koll an Aktioun“ zu Uerwermaartel
  • 25. Mee um 20:30 zu Lëlz am Ale Gemengenatelier

Hei nach eng Kéier den Trailer vum Film.