FOTOEN - Vill lass
Direndaller Crufest
Hënt war zu Direndall rem eng Méi lass. Kuckt hei déi flottsten Andréck.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Trulla16.02.2024All guddes gewenscht
-
den Trellert16.02.2024Den Télètravail ass ërem esou eng Schäindebatt déi gefouert gëtt an déi och nach un den Bediérfnisser vun villen Bierger verbäi gefouert gëtt an dréit den Suergen an den Problemer vun villen Schaffenden an och villen vum Partonat keng Rechnung. Den Télètravail bezitt sëch nëmmen op bestëmmten, spezifësch Beräicher. Ët maach sin dass esou Aarbëchtmoosnahmen virun allem Bürokraten zegudd kommen awer vill aner Mënschen kënnen guer näischt mat den Thema ufänken an si zéien keen Notzen doraus, am Contraire. Ëch hun z.b. elo schon eng ganz laang Zäit mat Bau an Renovatiounsfirmen ze din an déi Aarbëchter do kënnen räichlëch wéinëg mat esou Themen ufänken an vun Aarbëchtzäitverkierzungen schon guer net ze schwätzen, well Iwerstonen sin fir si schon bal eng Normalitéit an dat hëllëft hinen och nach fir hir kleng Paien opzestocken. Liwerfirmen gehéieren och dozou. Miwellgeschäfter och, virun allem déi Aarbëchter déi fir den Montage zoustännëg sin. D'Gastronomie an d'Hotellerie, faalen och net an den Beräich vum Télètravail. Gemengenaarbëchter mat Sëcherheet och net. Buschauferen an Lockführer och net. Déi vum Streedëngscht ënner anerem och net. Bëschaarbëscht gëtt och net vum PC aus erledëgt. D'Schëffer op der Musel kommen och net aus den 3D-Drucker an fueren och net vum selwen. Autobunnen gin och nach net esoubal vum 3D-Drucker an d'Landschaft gesprëtzt. Schinen an Catenairen verleen sëch och net vum selwen. D'Dreckskëschten gin och net vum selwen eidel gemaach. Den Auto en Panne oder d'Revisioun gëtt och net vum Roboter iwerholl. Den Blechschued beim Auto och net. Den Kulang den drëpst oder d'Leen déi beim Sturm vum Daach fléien, flëcken sëch och net vum selwen, do brauchen mer dann awer den Daachdecker. ......................... Elo sin ëch warm gelaaf an kéint nach eng sëlechen Berufer opziélen an d'Mënschen dohanner, déi awer och wiérklëch guer näischt mat dem Thema Télètravail kënnen ufänken an wou eis Gewerkschaften genuch ze din hätten fir dass iwerhaapt emol eng 40 Stonnenwoch kann respektéiert gin an dat ier ons houfrëg Parteien munch Aneren, maner Aarbëcht verspriéchen. Vergiéssen mer dann och net Doktoren an Infirmier an Infirmièren déi schon moies fréi bereet stin fir Patienten ze operéieren an déi d'Patienten duerno mussen rondërem d'Auer ze betreien. Schon emol iwerluecht, wéivill stonen esou en Chirurg um Bockel huet, ouni emol vun sënger Verantwortung ze schwätzen. Wéivill Stonen vill Patronen drumen fir hir Betrieber, zemols an dësen schwéieren Zäiten an vun Konkurenz um laafen ze haalen an Aarbëchtsplatzen ze sëcheren. An dann schwätzen hei Parteien an verschidden Mënschen aus bestëmmten Branchen an dat duerch eng global gefouert an am globalen geduechten an net duerchduechten Digitaliséierungsdebatt vun Télètravail an drämen emol dovun nach maner ze schaffen, ouni eng Grousszuel vun deels schwéier schaffenden Leit mat anzebezéien an hir Gedanken, well dat einfach net esou ëmzesetzen ass an den Télètravail fir si net oder nie méiglëch ass. Esou eppes nennt een eng Schäindebatt, well se nëmmen engem bestëmmten Deel vun der Gesellschaft en Notzen brëngt an virun allem, an dësem Fall, besonnëch déi kleng Leit ignoréiert an domader gesäit sëch dat klengt an och dat schaffend Vollëk vun esou Ideen vernoléissëgt, awer net nëmmen si. Wann ëch iech elo och nach soen, dass ëch selwer och Patron sin an dat ganzt Gespréich mär zimlëch op d'Nerven geet, vis-à-vis vum Patronat an och villen vun eisen Beschäftëgten, dann kënnt där iech all jo elo emol Gedanken maachen iwer déi Politik, iwer Parteien an och esou Schäindebatten an wéi wäit si alleguer vun den Besoins an den Problemer vum gréissten Deel vum Vollëk ëwech sin. Awer geschwën sin jo Wahlen an dann sin all Debatten gudd fir e puer Stëmmen ze fänken, zemols esouer, wou d'Gemidder vun Verschiddenen berouëgen déi doraus hiren Notzen zéien an Ideen déi den Staat esou direkt näischt kaschten. Awer Problemer léist een esou net, nee ët verschiebt een se.
-
EsouAwerNet16.02.2024Majo abwarten bis nach den Wahlen da werden wieder die Bürgerinnen und Bürgern betrogen,
-
Yuppy16.02.2024Ganz interessant d'Ausfeierungen iwwert Sartre a Nietzsche. Ech mengen domadder kennen hautesdags emmer mei Leit appes ufaenken amplaz vun bibleschen Maerercher. "La vie n'a pas de sens, a priori. Avant que vous ne viviez, la vie, elle, n'est rien, mais c'est à vous de lui donner un sens, et la valeur n'est pas autre chose que ce sens que vous choisissez." (Jean-Paul Sartre - L'existentialisme est un humanisme)
-
Mister X16.02.2024Dee Mann huet wéinstens eppes ze zielen, ze soen. An dat, ouni Blumm virum Mond. Et mierkt een, dee kënnt vum Terrain; aus der Realitéit. Di politesch Verantwortlech hunn ëmmer aner Zuelen virun sech leien, där verschéinerter schéngt et, wann si an der Ëffentlechkeet untrieden. Do ginn et ëmmer nëmme minim Differenzen, am Verglach mat virdrun. Et ass jo awer och genau déi presentéiert Realitéit, déi d'Leit dobaussen, doheem, iergendwéi spieren, mierken, an dat souguer ouni konkret Donnéeën. Net nëmmen an deem Beräich! Interessant wier et och, gewuer ze ginn, wien sinn déi Täter, a wien déi Opfer. Dat da vläicht fir di nächste Kéier, no de Walen, wann dee Mann dann nach iwwerhaapt d'Méiglechkeet kritt, an e Mikro ze schwätzen.
-
Knadderhary16.02.2024Dat gleeft jo kee Mënsch dass et net méiglech ass fir esou eng Autorisatioun séier ze kréien. Mir ginn dach ëmmer am Ausland domadder un dass d'Administrativ Schrëtter hei zu Lëtzebuerg esou séier ginn. D'Joer huet dach eréischt ugefang. An elo séier!