FOTOEN - Fier Iessen an Drénken war gesuergt
Altwiser Siropfest
Hënt war zu Altwis rem eng Méi lass. Kuckt hei déi flottsten Andréck.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Trump197808.02.2024"Reese wäert och am Joer 2021 schwiereg bleiwen" Et wir well vill gedoe, wa mer mat den Neiinfektiounen ënnert déi 50 Fäll op 7Deeg an 100000 kéimen. Da wire mer kee Corona-Riskoland méi. An d'Reese géif méi einfach fir äis Lëtzebuerger. Wann den Här Buach awer sou schwätzt, mengt hien dann, datt dat net ze erreeche wir? Enn Januar misst et awer sou lues sou wäit sënn. Oder wíe gesäit den Här Bausch dat? E bësselche méi Optimism, nieft der Impfhoffnung, misste mer äis awer all wënsche fir dat Neit Joer!
-
BAARTJANG08.02.2024Nach Eppes gefällt mir guer net. Et duefen nemmn 4 Leit zesummen spazéieren goen. De ganzen Summer ass gesoot gin „ dobaussen ass et am sechersten, well Aerosolen sech direkt verflüchtegen“ an et ass fir mech keen Problem Ofstand ze haalen. Mir duefen net matt eisem Fils senger Famill goen, well sie hun een Kand.
-
Elo_awer08.02.2024“Den éischten Deel vun hirer Ried wier ganz staark gewiescht” D’ganz Ried wor net schlecht, well se ganz vill Informatioun iwwer lafend europäesch Projetën, inklusiv deenen hire Stand an déi erreecht Resultater hat. Zuele goufe genannt. Soss héiert ee vun der Politik net sou vill konkret Donneeën. Dat wor natiirlech geduecht fir ze weisen, datt een eppes mécht. Mee et si jo Aktivitéiten, déi well méi laang gëtt, wéi z.Bsp. de Green Deal mat elo 3 Milliarden Investitiounen an de Waasserstoff fir d’Industrie. Oder de sougen. Global Gateway och. Do baut d’EU am Ruanda an am Senegal zwou Fabrécke fir mRNA-Impfmëttel fir Afrika ze produzéiren. Ähnleches soll a Latäinamerika passéieren. A Villes méi, wéi eenheetlech Steuervirschrëfte fir d’europäesch Geschäftswelt. Et kann een d’Ried noliesen. Do wonnert et awer, datt eis Deputéierten dat alles nawell sou abstrakt kommnetéiren.
-
Mellechmann08.02.2024Ech si geimpft a wäert mir geschwënn mäin Booster siche goen an an e puer Méint wuel meng véiert Impfung. Dat ass eben am Moment deen eenzege Wee fir d'Pandemie iergendwéi am Grëff ze behalen. Trotzdem sinn ech skeptesch wat eng Impfpflicht oder een Impfzwang ugeet. Hu mir wierklech all aner Moyens genotzt fir all d'Leit ze informéieren, ze sensibiliséieren, opzeklären? Kann een net nach méi Impfbusser o.ä. asetzen oder an all den Akafszentren präsent sinn? Op youtube oder aner soziale Medien nach méi gezielt sensibiliséieren? Wann d'Leit nët bei d'Impfung kommen (kënnen/wëllen ...), da muss d'Impfung bei d'Leit kommen!