FOTOEN - Mega-Stëmmung
Wickrenger Päerdsbiersgebeessmaart
Gëscht war zu Wickreng rem eng Méi lass. Eisen Reporter war live mat dobäi.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Mausketti215.10.2023Moral Wann een géint een ass dann mescht laut iech den alles falsch just den Juncker huet alles gud gemaach????
-
luxusbuerger15.10.2023All Respekt fir déi intressant Sendung!👍🏻👍🏻👍🏻 Do héiert een och ganz klor eraus, datt vill Problemer lang bekannt sin, awer wéi ëmmer, op deenen falschen Platzen gespuert gëtt! Och d’Zukunft vun eisen Kanner an Jugëndlechen, gesäit ganz schlecht an traurëg aus, an du freess dech wirklech, op déi eng Hand an eiser Regierung weess, waat déi Aner mecht! Ech bezweifelen daat ganz stark...!!!!!😡😢
-
Baam15.10.2023Duerfir stelle mer och lauter Quereinsteiger an der Edukatioun an, well mer ze knekkeg sinn fir genuch Formateuren op der Uni.lu ze engagéieren an esou genuch Studente kennen ausbilden fir eise Kanner eng pädagogesch heischwaerteg Educatioun ze bidden.
-
Letzebuerger_Patriot15.10.2023Majoo da loose mer jideren maachen soen a posten waat e well da kucke mer wou ma dann hikommen. Ech wees beim beschten Wellen net waat de Mann sech denkt fir esou e Blödsinn ze soen. Wann zum Beispill jideren an der Pandemie seng Fräiheeten behaalen hätt dann hätte mer nach vill mei Doudecher gehaat. Ech fannen dass mer zu Letzeburg méi wei genuch Fräiheet hun. Da loosen mer der ganzer Kriminalitéit nach mei Fräiheet z.b an eiser Stad da kuke mer wou Rees dann hingeet?Ech kann nemen de Kapp resselen
-
WouereschtdeetWei15.10.2023Chiche1973 ; Richteg !!!. Ech hunn et schon enkéier gesoot . 3x eng Aarbecht refuséiert , keen Chaumage an keen RMG mee.Een klengen Putin als Premier zu Lëtzebuerg wir emol guernet esou schlecht !!!.
-
Matbierger15.10.2023wann d´Gewerschaften sech just stark machen fir déi net geimpften,dann sollen all déi geimpften hir Memberskaart an Dréckskescht werfen
-
DirtyHarry15.10.2023...gutt dass Leit déi vum Terrain kommen, a genau wëssen wéi et do leeft zu Wuert kommen! Dem Här Reuter seng Ausso : "...wann een 200 Busser hätt, awer just 100 Chauffeuren, da wier dat net optimal " ..dat ënnersträicht alt erëm eng Kéier de Mangel u Fachpersonal ! Firwat ass d'Ausbildung vu Fleegepersonal hei zu Lëtzebuerg systematesch vernoléissegt gin ? Wouru leit dat ?...ass et e Mangel un Interessi, Defiziter bei der Ausbildung an den Infrastrukturen, leit et un de Berufscarrièren an der Pai vir den extrem schwéieren an verantwortungsvollen Beruff ? Firwat huet d'Politik dësen extrem wichtegen Aspekt vernoléissegt, wou d'Konsequenzen dervun elo dramatesch zum Virschäin kënnt ! ....desweideren seet den Här Reuter : " Patienten, deenen hir Iwwerliewenschancë souwisou schlecht sinn, kommen net op d'Reanimatiounsstatioun, well et nämlech eng enorm Belaaschtung wier ..." Domat wés jo och elo jiddereen wat en an dem Fall erwaart, wann d'Medezinner hir Entscheedungen huelen .....