FOTOEN - Vill lass
Frombuerger Haffer Pinot gristreff
Gëscht war zu Frombuerger Haff rem eng Méi lass. Eisen Reporter war live mat dobäi.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Iddefix12.10.2023Fréiher zu menger Zait war ett soi-disant eng obligatioun Klibberen ze goen! Wor praktesch e skandal wanns de als jonke Mënsch oder Massendënger nett matgang bass! Haut ass ett, wann iwerhaapt nach, a volonté....
-
Trump197812.10.2023Verglächt een d'Zuel vun den Doudegen a Blesséierten op eise Stroosse proportional mat deenen an de Nopeschlänner, da sinn et der hei nach ëmmer ca. 25% méi wéi do. Soll dat alt net mat engem gesellschaftleche Problem zesummenhänken? Datt den Eenzelne sech selwer hei net méi genuch wäert ass. Datt e sech net bewosst ass wat e sech selwer schëlleg ass. Datt en dofir net op sech selwer oppasst, wann e sech an ee Gefier setzt fir op ëffentleche Stroossen ze fueren. Dofir gëtt awer samschdes eng Stonn laang de Statussymbol Auto gebotzt. Fir datt en nëmme blénkt. Wat soe soss d'Kollegen an d'Frënn.
-
DatAssMengAnalyse12.10.2023Ech fanen et flott dass och emol Kardiolog am Studio as. War en ganz flotten Reportage well de Mann wees vun waat e schwetzt. Och ganz intressant well iwert de Long Covid geschwaat gin as well daat emer vergiess get. Ech war selwer bei dem Dokter no enger langer Odysee an hien hued mir durch e Medikament zu enger neier Liewensqualitéit verholef . An daat an enger ganz schwacher Dosis. Esou Dokteren gin et der net méi vill.
-
Elo_haal_awer_op12.10.2023Öffentlechen Transport gratis , dass ech net lachen . Haut zu Käerjeng op der Gare , huelen den Zuch em 10h30 , an wéi ëmmer keng Parkplaatz !! Hu mech alt gestallt wou ech keen gestéiert hunn . Den Owend wéi ech vum Schaffen koum , e Protokoll vun 74€ !!!! Merci Bausch , waat get dat eréicht vum 1te März un , wann der nach méi den ÖT wellen huelen ? Kuckt mol fir d’eischt dat der genuch Parkplaatze dohinner kritt !! Do kritt een direkt d’Flemm den ÖT ze huelen !!
-
Kridelech12.10.2023Bezillt de Patron dem Employé dann e substantielle Supplément fir déi Suen déi hie spuert well de Bureau doheem ass?
-
Waat_dann12.10.2023Gousdeldéng-Miersch? Serieux? Ma hu mer se na all?? 10m niervendrun geht eng Velospist!!!! Jo se mecht e Schlenker vun 100m, mee dat dierft dene Sportliche Leit jo näischt ausmaachen!!! Souwisou missten all déi Velosfuerer, déi do net vun der Velospist profitéieren, een décke Protokoll kréie, well an dem dote Fall ass et eng Zoumuddung iwwert Stroos ze fueren. Se ass well net breet .... Dabei kennt, well mer jo sou Gring sen, datt do oft em Emwee mam Auto muss gemeet gin. An nee, klemmt ee net op den Zuch em well am August ass jo weltbekannt, datten do vill Chantercher op den Zuchlinne sen, also gin alt rem déi normal leit emerdéiert, déi an den doten Zäite schaffen... Wat hun déi Gring sou u sech, datten sei momentan Narrenfräiheet hun, an ewer o keen, ewee wierklech keen (op Regierung oder Oppositioun) do dergéint hällt.... (jo eng parlamentaresch Ufro wou duerno souwisou näischt méi nokënnt, dofunner huet o keen eppes)