FOTOEN - Fier Iessen an Drénken war gesuergt
Sommeter Drëpptreff
Der Deeg war zu Sommet rem eng Méi lass. Eisen Reporter war live mat dobäi.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Enn_Letzebuerger30.09.2023Landesplanung ass d'Wuert, an do si mer néierens, an dësem Land. Et ka nët sin dass d'Gemengen an de Staat déi ellen a sënnlos Appartementsschongkëschten an eisen Dierfer weider wéi Onkraut spréissen lossen. Et ass vollkommen idiotesch logerment de Masse an eisen Dierfer wou all Stonn vlaicht ee Bus derduerch fiert bauen ze lossen. Déi Stéit brauchen dann een bis drei Autoen wann d'Kanner bis grouss sin, well jo d'Businfrastruktur nët nozitt. Et gëtt Leit déi sech iwwer eidel Bussen opreegen, ech reegen mech op dass ee Moies keng Plaz méi am Bus huet, well nëmmen een an der Stonn hei fiert, an dass mein Duerf zur ellener Schloofgemeng mutéiert well eis Landesplanung eben keen Plang huet. Dëst Land brauch een Audit, fir dass endlech définéiert ka gin wa mer eigentlech brauchen, an daat ass définitiv nët deen liberalen guer nët nohaltegen Wuesstum deen den Regierung ënnerstëtzt a fuerdert. De Gemengepapp argumentéiert dann eben dass Leit an der Gemeng Finanzement bedeit,an de Bauer/Spekulant/Promoteur dreemt sech irrtümlech als Beitrag zur Léisung vun der Wunnproblematik hei am Land a fëllt sech niewenbei d'Täschen, um Bockel vum Land a senger Bevölkerung. Ech hoffen dass lo glaich een do d'Handbrems fënnt, well daat geet garantéiert soss voll an d'Mauer.
-
HeiMengMeenung30.09.2023Ech fannen et e NO GO wann eng Partei d’Leit regelrecht benotzen déi bekannt sinn, sierf et duerch Sport oder soss eppes, an dat just fir e puer Stëmme méi ze kréien?! Ech denken, dass wann e Mënsch sech wirklech fir Politik interesséiert, en dat souwisou a senge jonke Joeren decidéiert a selwer weess wéini de Moment do ass?! Wann ee sech awer decidéiert eng Famill ze grënnen, missten d’Kanner, esou ewéi dir dat selwer sot Madamm, de Mëttelpunkt sinn a bleiwen. D’Kanner verlangen weder Crèche nach maison relais, mee éischter esouvill wéi méiglech d’Präsenz vun den Elteren! Et profitéieren net nëmmen d’Kanner doduerch, mee och d’Eltere selwer wann se gesinn wéi se sech entweckelen a wéi dankbar se duerno sinn?! Et ass fir mech einfach déi schéinst Episode am Liewen!!! Well ech mech e puermol fir dem Vollek säi Wuel mat Succès engagéiert hat, wor ech och gefrot ginn fir an d’Politik. Ech sinn haut nach frou, dass ech nee gesot hunn, zemols wann ech gesinn wat do säit 20 Joer leeft
-
Waat_een_Kaabes30.09.2023Deet mer leed, mais daat do ass erem en Beweis fier naiwt Gutmenschentum. Ech ging der Mme Kinsch proposéieren emol während 3 Woch entweder an d'Stroossbuergerstrooss oder aal an d'nei Avenue ze kommen an sech daat ukucken. D'Leit kréien d'Kellerdieren opgebrach hier Entréesdieren gin als Toilette benotzt. D'Leit kréien vun denen aarmen Drogéierten hiert Egentum futti gemét an verknascht. Wén schützt dann déi Bierger do virdrun, se mussen fier den Schued dén se gemach kréien selwer opkommen. Ech war och emol esou naiv, schaffen awer ewell zenter 5 Joer hei an der Stoosbuergerstrooss an ganz éierlech mäin Matleed ass séier verflunn. D'Leit hei gin vun der Politik am Stach gelooss, siewt et vum Minister oder der Mme Burgermeeschter. Et ging Zäit gin dass d'Leit nach méih op d'Strooss gin, well esou gut ewéi eis déi Politiker déi elo um Ruder sin wellen anrieden, esou gut gét et eis hei net. Well se den Leit schéin Geschichten erzielen, d'Wiehler awer am Stach loossen.
-
luxusbuerger30.09.2023Tëscht der EP an der 1. Dividisoun ass nett méi souvill differenz.... Déi équipen, déi an der 1 Divisoun matt virbai spillen an Opstiegskandidaten sin, hun EP niveau....daat ass nett méi sou wéi fréiher!🤷♂️
-
EsouAwerNet30.09.2023Genuch : daat ass bësse jhust Gutt : daat wär ideal Iwwerfiddert : wéi an dësem Fall, ass definitif schlecht
-
Neckel300030.09.2023Majo Jessi as jo deng Alterskategorie da neischt wei eran an d'Sardinebex pleneren.
-
Mengmegnung30.09.2023Wann sou eng tickend Brandbomm nuets an der Garage steet kann een jo net roueg schloofen.