FOTOEN - Tëscht Wandhaff an Peppeng
Avion rennt an Avion
Iwwerraschung: Hannert dëser Headline an der skandaléiser Foto verstoppt sech een informativen an ausgeglachenen Artikel, deem seng journalistesch Qualitéit a gesellschaftlech Relevanz… ah nee.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Weltbiirger15.05.2024Obwuel ech seit gudd 35 Joer net mei bei engem Coiffer war , well ech daat och ganz gudd eleng hinkreien : Ech war solodaresch an hun mir während dem Lockdown d'Buuschten net geschnidden ... fir net dei ze deprimeieren, dei net hun dirfen während dér Zeit bei hieren Coiffer goen. Geschter hun ech daat awer erem gemaach ... an ass Haut kengem opgefall.
-
Meckerhary15.05.2024Virwaat nett mol vum Beienstierwen algemeng schwätzen? Wann emmer vun der "Hunnegbei"riets geet,geseit een wei materialistesch mir denken.Souvill ech wees sin d´Bommelen nett vun der Varroa-Milb betraff,an si sin um ausstierwen.Duerch Pestiziden,Mangel un Trachtplanzen an Buedemversiegelung wouduerch och hier Näschter zersteiert gin. Mir wessen waat mer musse maan, virwaat gett dann nett endlech gehandelt?
-
KengduebelMandater15.05.2024Schéi Pensioun gewënscht 🤗
-
den_Kneckert15.05.2024Zweeschen Bashing an den Leit den Mond wëllen verbidden ass vill Sputt! Net all Kritik ass direkt Bashing, eis Politiker mussen och mol erem léieren vun hierem héichen Päerd erof ze kommen! Wiem seng Schold ass et dann, dass sie sämtlechen Kredit verspillt hunn mat hieren Magouillen an Dysfonctionnementer? An dat esouwuehl déi Parteien an der Regierung ewéi déi an der Oppositioun!
-
Politmotor15.05.2024Des Fakten si korrekt. Hei muss een dann awer och a Betruecht zéien datt des 'natierlech' Immunitéit eng dach begrenzt Liewensdauer huet. Also hei och de ganzen Kontext betruechten. Et ass och wëssenschaftlech erwissen datt, vereinfacht gesoot, eng iwwerstaanen Infektioun (am beschten dann net onsymptomatesch) den Equivalent zu enger Dosis Impfstoff ass. Also just ee begrenzten Schutz bewierkt, sowuel an der Dauer wéi och bei de gesondheetlechen Auswierkungen op de Mënsch. Dofir, ass ee kompletten Impfschéma, mat drei Impfungen (oder zwou an eng iwwerstaanen Infektioun) dee beschte Schutz souwuel fir deen eenzelnen Mënsch, wéi och fir déi ganz Gesellschaft duerstellt. Dofir sinn ech zu 100% iwwerzeecht, an dëser besonnescher Situatioun wou mir elo 2 Joer dra sinn, datt et noutwenneg ass eng allegement Impfpflicht anzeféieren. Begrenzt an der Zeit an encadréiert mat den néidegen Mesuren an och Opklärungen.
-
Josy_Barthel15.05.2024Soulang d'afghanesch Regierung net och selwer mat den Taliban verhandelt as dat do alles Quatsch. Fir déi zesummenzeféiren mussen awer nach e puer Dill gebuert gin.
-
EsouAwerNet15.05.2024virun 25 Joer war ech all Daag op der Four, d' Dikrecher Beierstuff huet ganz Paien vun mier (net nemmen vun mier) kritt ... an et war flott. Dei lescht Joeren war ech 1x, allerhechstens 2x mat den Kanner do, e puer Spiller, eppes Iessen, daat war et. Alles huet seng Zeit an et soll een net vergiessen. (iwwregens, esou een Beierglaas huet 26 Rillen ;) )
-
Trulla15.05.2024Et ass schons verdaechteg deen Theater deen eis alleguer manner Netto vum Brutto opzwengt, an d'Eu mat dem Brexit beschaeftegt , anstatt gudd Politik am Senn vun all hiere Bierger ze machen. Sou lues keint een mengen dass et een Test ass nom Gutsherren Motto: "Wir werfen was in den Raum und warten ab was passiert. Gibt es kein großes Geschrei, machen wir weiter, Stück für Stück, bis es kein zurück gibt. Bevor die Bevölkerung versteht was überhaupt passiert, ist es zu spät." Mei antidemokratesch geet bal nit.Quo Vadis Europa. Ech wees waat ech den 26.5 maachen. Diir och??