FOTOEN - Tëscht Trudlermillen an Neihaff
Trottinett rennt an Drecksauto
Photo: Nadir Hashmi
An? Gehéiert den Auto engem, deens de kenns? Waars du och schonn eemol do? Bass eréischt virun e puer Deeg op der selwechter Plaz laanscht gefuer, wou elo ee gestuerwen ass? Dat hei kéint eng Foto vun dengem Auto sinn. Vläicht ass et souguer eng Foto vun engem, wous du kenns? Du méchs der Suergen a wollts just sécher sinn, dass du déi Persoun net kenns. Kuerz has de Angscht. Angscht ass e gutt Geschäft. Du schudders dech. Elo drift däi Bléck zur Reklamm fir dat neit RTL-Format: „Driving Dreams“.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
den_Schockeierten07.05.2024Loost w.e.g. jidderengem säi (On)-Glawen. 🤡
-
Josy_Barthel07.05.2024Well se lo mäi Tester gemach hun.! Et gin weder fiable Statistiken vum Alter vun den Betraffenen nach par rapport zu den Uertschaften. Esou dat keen versteht waat vier engem Risiko een ausgesat as
-
Egalwat07.05.2024Bei enger Saach gin ech dem Josée recht: Ech hun dat scho lëschten Hiers ht gesoot iert d’Impfungen zougeloss goufen. D’Regierunge hätte misste massiv Reklamm fir dei Impfung maachen, an sech demonstrativ dofir ausschwätzen. Well et egal wéi keng Alternativ get falls ee hemols rem wëll an d’Normalitéit kommen. An dat as net geschitt!
-
Elo_awer07.05.2024Et gëtt een dat Gefill net lass dass déi Juristen an deenen jeweilegen Ministèren entweder déi konfus Ideen vun hiren Chefen (Ministeren) mussen op d'Blad setzen an do keen décken Choix hunn, oder hinnen hir jeweileg Universitéiten hunn et net esou richteg bruecht. Héiert sech elo vläit haart un, mee deen neien Check durabilité deen virum engem Mount ageféiert gouf (https://infos.rtl.lu/actu/luxembourg/a/2061151.html) war eigentlech geduecht dass et net zu esou enger penibler Nummer sollt kommen 🤷
-
BAARTJANG07.05.2024Eise "Mister 2 Ronnen" bleift sengem Numm schéin trei .....
-
De_Popst07.05.2024" Kruzial ass et och, der Populatioun, esou wäit et méiglech ass, ze soen, wou d’Rees higeet". Leider wees d'Régierung selwer net wou se higeet. Si warden emol oof, wat esou den Nooper mecht, wéi emmer. Et ass méi einfach alles noomaachen (kneipen), ewéi selwer eppes op d'Been ze setzen. Wat dat schlemmst ass, ass dass keen vun der Régierung d'Initiativ ergreiwt, an emol duerchgréiwt. Gudden commentaire Herr Aulner! mbg Lusy
-
knadderpit07.05.2024Ass deen doten och nach do?
-
de-ben07.05.2024Ginn d‘Ongläichheeten an d‘Luucht? Fänkt et net scho beim Virus un, wou ee gesäit, wat fir eng Altersgruppen ongläich betraff sinn? Schlëmm ass eng Ongläichheet, wann se „produzéiert“ gëtt. Wa Mann a Fra net d‘selwecht behandelt géinge ginn, sou op der Aarbecht (Verdéngscht); wa viru Geriicht d‘Gravitéit vun der Dot net méi ausschlaggebend wier, mä soss Krittären. Asw. Dat kéim jo engem ongläiche Behandele gläich: Di eng däerfen, di aner net. Wann awer elo een et „besser“ kann, wéi en aneren, ass do nach Ongläichheet ginn? Talenter, Kompetenzen, Preferenzen, lafen déi och op der Schinn vun der „Ongläichheet“? Dee Futtballspiller an der éischter Equipp, dee verdéngt e Verméigen; deen an der zweeter, wann dann, hält sech sou iwwer Waasser. An der drëtter, besser net driwwer ze schwätzen. Oder de Chirurg, dee scho moies um 7 am OP steet a bis Owes Consultatiounen erleedegt, ass dat eng Ongläichheet am Verglach mat aner Beruffer, déi schonn am Nomëtteg „fäerdeg“ sinn? Sollen déi zwee, hei als Beispill, mat deem selwechte Gehalt heem goen? Kloer, wann een do munch Direkteschposte amplaz vum Chirurg asetze géing ... an d‘Verantwortung vu mi no kucken... da kréich e Minister bestëmmt ni genuch an e representative Staatschef, ëmmer ze vill... Gëtt mat Ongläichheet net gären Ongerechtegkeet suggeréiert, ouni déi sou ze nennen? Wann e Bréifdréier sech mat dem Chirurg vergläicht, dann huet dee Bréifdréier e Problem, a soss keen. Hien also mat sech! Op déi Persoun allerdéngs genuch verdéngt, wat säi Liewensënnerhalt vun him ofverlaangt, dat ass eng ganz aner Fro. An deem Kontext vun Ongläichheet schwätzen, wier da mol net fair vis-à-vis vun deenen eenzele Beruffssparten. Wann enger Persoun soss näischt berufflech iwwreg bleift, oder souguer, et ass e ganz perséinleche Choix, Serveur (m/w) ze sinn, da kann een sech natierlech ongläich behandelt fillen, mä, am Verglach zu wiem an zu wat? Wann den „Digitalismus“ sech duerchsetzt a Roboter oft ermiddend a manner erfreelech Aarbecht ewech huelen, ass oder wier dat eng ongläich Behandlung, well do op där Plaz da manner bis wéineg Aarbechtskraaft nach gebraucht gëtt? D‘Kannergeld einfach héijen, dat kléngt wuel gutt, an ass ni héich genuch, mä, wien seet dann, datt dat och do ukënnt, woufir et bestëmmt ass? A wien ka verhënneren, datt domat net méi en décken Auto ugeschaaft ka ginn, endlech eng Vakanz méiglech gëtt, wou d‘Kanner da souguer bei d‘Bomi déi Zäit verfracht ginn? Och eng Koppel brauch Zäit fir sech, op awer duerfir d‘Kannergeld...? Wéi de Lompekréimer, de Blechschléier, de Steemetzer, an aner Beruffer zäitbedéngt „verschwonnen“ an aner nei opkomm sinn, änlech wéi haut, huet sech do eng Ongläichheet breet gemaach? Déi Wierder wéi „Ongläichheet“, Ongerechtegkeet, passen déi nach an de Kontext vun där Iwwergangsperiod, an där mer eis befannen, Corona hin, Corona hir? Soen se nach dat aus, wat een domat wëll ausdrécken an eigentlech verständlech well maachen? Mä, wat genau? Wann net, da brauche mer eng méi kloer Sprooch.