FOTOEN - Tëscht Gantebeensmillen an Nuechtmanescht
Bagger rennt an Setzgromper
Photo: Vanessa & Leigha
An? Gehéiert den Auto engem, deens de kenns? Waars du och schonn eemol do? Bass eréischt virun e puer Deeg op der selwechter Plaz laanscht gefuer, wou elo ee gestuerwen ass? Dat hei kéint eng Foto vun dengem Auto sinn. Vläicht ass et souguer eng Foto vun engem, wous du kenns? Du méchs der Suergen a wollts just sécher sinn, dass du déi Persoun net kenns. Kuerz has de Angscht. Angscht ass e gutt Geschäft. Du schudders dech. Elo drift däi Bléck zur Reklamm fir dat neit RTL-Format: „Driving Dreams“.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
haldechkleng29.02.2024- Do ass kee Gréngen, an och keen aneren um Set, den dowéinst op Tromm schléit; awer de de Leit eng CO₂-Schnitzelsteier opbrummen!
-
Majo_secher_dat29.02.2024Enttäuschend an Inhaltslos: Mer hu keng Visiounen a liewen just an der Vergaangenheet. Mer wëlle gewannen mee machen eis keng Gedanken driwwer wéi d'Poste solle besaat ginn. Also wann ech dann géif schwaarz wielen, géif ech awer virdru gäere wëssen wien wou séng Kompetenzen gesäit. Sorry, mee net wielbar.
-
Kappressel29.02.2024Déi si jo all Direkter gin well se esou gut Handwierker waren an eppes vun deem Beruf verstin ;O) Wann e Patron säin Aarbechter gut bezillt, da kritt en och gut Aarbecht vu GUDDE Leit geliwwert. Wann e schlecht bezillt kritt e schlecht Aarbechter a schlecht Aarbecht! Et läit net un de GUDDE Leit, ma et läit ganz eleng un eisem System an de Betrieber selwer. Kleng Betrieber liwweren ze dat déi beschten Aarbecht, well de Patron do meeschtens mat dobäi as, a wees, wat seng Leit maachen, an e wees déi Qualitéit dann och ze schätzen an ze bezuelen. Grouss Betrieber si jhust um Emsaatz interesséiert, an do passt nun emol en deieren a gudden Aarbechter net dran. De Verglach muss een do zéihen mam Gehalt vum Betriebsaarbechter zum Gehalt vum Patron! E klengt Beispill,....ech hun en Zammermann an der Famill, dee bezillt seng Aarbechter anstänneg, déi Aarbechter sin zefridden, a se liwweren eng Top Aarbecht. Déi meescht sin do am Duerchschnett 25 bis 30 Joer agestallt, an zefridden. Aarbechter zefridden,Patron zefridden,Client zefridden,...wat well ee méi! Ma wann den Aarbechter näischt verdingt, mat Flemm op seng Schaff geht,....wou kann een dann vun deem e maximalen Obwand verlaangen? Zum Gehalt vun de Patroen,....wann ech als Client muss 2 Méint schaffen, fir déi Aarbechten ze bezuelen, déi en Handwierker bei mir an 2 Deeg mècht, da stellen ech mir schon emol meng Froen! A wann ech dann dobäi kucken wat seng Leit verdengen, an ech muss bezuelen, da muss ech mech jo em dem Patron seng Zukunft net suergen! GUT Leit gin et iwwerall, an déi fennt een wann een dee néidegen Respekt virun hinnen huet!!! Gudd Nuecht
-
fillt-iech-emol29.02.2024Et ass net d’Zäit déi mer vu Gebuert unn op onsem Konto hunn, mee dat wat mer draus machen…. D’Zäit ass dat Kostbarst wat mer am Liewen hunn!
-
Gaardebounen29.02.2024Get et eigentlich én Emoji mat engem Gehier?