FOTOEN - Tëscht Aasselburrer Millen an Mënjecker
Rollstull kritt Wiseblumm ze paken
Moment, hues du grad op d’Accidentsfotoe geklickt? Hues du ze mann Drama an dengem eegene Liewen? Wat erhoffs de der? Verbéite Blech, vreckte Beem, ofgerappten Äerm? Du weess dach, wéi dat ausgesäit? Mee du wëlls Fotoe gesinn, gell? Du krankt Schwäin. Mee bon, si mir dat net all? RTL acceptéiert och deng däischter Säiten. Huel de Popcorn raus a klick dech duerch d’Fotosgalerien.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
BAARTJANG12.02.2024Majo dann. Als éischt goufe mam Briecheisen Aspuerungen am Enseignement secondaire duerchgeboxt, elo dann oppene Sträit mat Police, SREL a Fleegesecteur. An deenen 3 éischte Fäll gouf respektiv gëtt et Mediatioun a Conciliatioun. An dat all Kéier mat heftege Virwërf, de Staat géif sech net un d'Spillregelen halen, mol Accorde quasi erfannen, mol Accorden net ëmsetzen. Am Fleegesecteur géife gesetzlech Assimilatiounsdispositiounen (e gewëssen Artikel 28?) einfach ignoréiert ginn. Do zeechent de Staat jo en immenst Beispill vu sech selwer. Souveräänt regéiere gesäit anescht aus. Awer Haaptsaach et gëtt sech gebretzt mat enger Steierreform vun där net emol kloer ass, ob se iwwerhaapt duergeet fir déi ugesammelt kal Progressioun auszegläichen. Op den Aarm huele kann ech mech och selwer.
-
Misanthrop12.02.2024Wéi ass et dann mam Gesetz vum 18. März dass all öffentlich Platzen zou / gespart si. Sin do etwa Gemenge an Federatioune déi sech doriwer echsetzen. Da ka jo awer net si.
-
Anna_List12.02.2024Jo, och Lëtzebuerg ass an der gréisster Kris säit 1945. Allerdéngs gëtt elo vun verschiddenen Säiten eng Lawin lassgetrëppelt vun enger Mentalitéit vun Net-Bezuelen. Op der enger Säit mengt den LSAP-Präsident Rechnungen missten (??!) bezuelt ginn an op der anerer Säit sollen awer verschidden (!!) Rechnungen (wéi eben den Loyer) net bezuelt ginn ...... Wann den circuit économique nach e puer Wochen am Koma léit, wäert sech Lëtzebuerg wuel ganz schwéier, a vläicht souguer iwwerhaapt net, dovunner erhuelen. En fin: en gutt opgestallten Betrib bezilt KEEN Loyer fir seng Gebaier, hien ass nämlech selwer den Proprietär!
-
Eieiei12.02.2024Den Gerson scheisst regelmeisseg seng Goler an e ger gudder CL Ekipp An den Sinani spillt regelmässeg , neierdengsbei Waasland- Beveren , wär en Gedanken wert , datt den Laurent Jans dohinner zreck geing goen , 2 letzeburger do beieneen an enger Ekipp.....