FOTOEN - Tëscht Reisermillen an Brosiushaff
Auto kritt Wiseblumm ze paken
Photo: Ethan
Du weess schonn, dass RTL mam Ongléck vu Leit gutt Geschäfter mécht? Artikele vun Accidenter generéiere Klicks. Dësen Trafic ass d’Grondlag fir d’Statistik mat der RTL sech bei senge Reklammsclienten als wichtegst Medium vum Land präsentéiere kann. Mir soen Dir dowéinst Merci fir däi klengen, awer wichtege Bäitrag fir ze verhënneren, dass eise léiwe Lëtzebuerger Medienstanduert riicht an d’Mauer rennt. Metaphoresch. Wanns du lo trotzdeem ee schlecht Gewëssen hues, kanns de jo bei Télévie eppes spenden. Service. (Public).
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Gleewennetalles22.01.2024Wat Kommentaren méi spéit kommen, wat rout Léiwen ëmmer méi schlecht gespillt hunn, den Trainer näischt daacht, a.s.w. Wahrscheinlech hunn déi meescht eréischt haut an den Noriichten héieren, wéi Resultat war. Wann een sech Fakten awer ukuckt wat Lux/WRus ubelaangt, dann gesäit et schonn erëm aneschters aus...(jo ech weess, si hunn verluer). Ballbesëtz 49/51 %, Schëss 13/15, Päss 439/448, Passgenauegkeet 73/75%, Corner 3/7. Et ass also net, dat déi Wäissrussen sou fuerchtbar iwwerleeën waren, hir Päss waren net besser wéi eis, si haten och net méi den Ball. Et war awer ganz einfach Fakt, dat Wäissrussen Problemer haten, wann Lëtzebuerg flaach an séier gespillt huet, si kruten dann keen Zougrëff, an dat hätt een missen vun Ufank un spillen. Si sinn grouss an stabil, mee dat ass dann bal ëmmer en Nodeel, wann flaach an schnell gespillt gëtt, dann kritt een sech net schnell gedréit. Héich Bäll sinn dogéint fir sou Spiller licht ofzefänken. Et hat een bei den rouden Léiwen och an der 1ter Halschent dat Gefill, si hätten Angscht, en Goal geschoss ze kréien an hunn näischt riskéiert, wéi se dunn hannen louchen, an et keng Alternativ méi gouf, hunn se vill besser gespillt.
-
Egalwat22.01.2024Dem Suzie seng Leeschtung a seng Tenacitéit sollten e Beispill fir 'Couch-Potatoes' sin. Bravo zu daer langer Carrière. Ech weess dat's De trotzdem nach ëmmer de Sport héich hale waerts.
-
EsoueweiEchdaatgesin322.01.2024Muss daat dann elo sinn, nodeems de Fluchsektor bis op länger Zait keng wiirklech „nei“ Bunn brauch. Bis op weideres kinnt deen Belaag an dei Suen daat et kascht op Eis geluecht gin, bis den Findel op seng aal Kapaziteit könnt.
-
donquijote22.01.2024Sait weini brauch een dann eng 11ieme vir an d‘Armei ?
-
Fachmann22.01.2024Dee Mann huet wéinstens eppes ze zielen, ze soen. An dat, ouni Blumm virum Mond. Et mierkt een, dee kënnt vum Terrain; aus der Realitéit. Di politesch Verantwortlech hunn ëmmer aner Zuelen virun sech leien, där verschéinerter schéngt et, wann si an der Ëffentlechkeet untrieden. Do ginn et ëmmer nëmme minim Differenzen, am Verglach mat virdrun. Et ass jo awer och genau déi presentéiert Realitéit, déi d'Leit dobaussen, doheem, iergendwéi spieren, mierken, an dat souguer ouni konkret Donnéeën. Net nëmmen an deem Beräich! Interessant wier et och, gewuer ze ginn, wien sinn déi Täter, a wien déi Opfer. Dat da vläicht fir di nächste Kéier, no de Walen, wann dee Mann dann nach iwwerhaapt d'Méiglechkeet kritt, an e Mikro ze schwätzen.
-
Wuermdran22.01.2024Gefierer dei net konform sin, do sin der awer eng Masse dobai wou d’Hoer an der Zopp gesicht get vun den Employeen vum CT wei z.Bsp. wou d’Rumm vum Nummerscheld e waissen amplaatz e gielen Strëch huet (schrecklech geféierlech baussen op der Strooss^^) oder esou Klengegkeeten wei e feelenden gielen Gillet, de Gummi vum hënneschten Wischer futti...etc... Do ass ouni Etat de Crise schon all Daag absoluten Chaos op der Kontrollstatioun(en), do wëll ech net wëssen wei et an den nexten Wochen/Méint do viirun geht.