FOTOEN - Police mellt
Passagéierschëff op der Kopp zu Gilsdref
Photo: roli_b
Du weess schonn, dass RTL mam Ongléck vu Leit gutt Geschäfter mécht? Artikele vun Accidenter generéiere Klicks. Dësen Trafic ass d’Grondlag fir d’Statistik mat der RTL sech bei senge Reklammsclienten als wichtegst Medium vum Land präsentéiere kann. Mir soen Dir dowéinst Merci fir däi klengen, awer wichtege Bäitrag fir ze verhënneren, dass eise léiwe Lëtzebuerger Medienstanduert riicht an d’Mauer rennt. Metaphoresch. Wanns du lo trotzdeem ee schlecht Gewëssen hues, kanns de jo bei Télévie eppes spenden. Service. (Public).
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Aniwregens14.01.2024„Fundamental liberal Iddien“ 😳 Den Här Reding wäert, nodeem hien LSAP an ADR Politiker war, elo net och nach Member an der liberaler Partei ginn. 🙈
-
Infowars14.01.2024Ech froen mech waat se deem Besétzer dann an séin Dosier schreiwen!
-
Heemecht_lu14.01.2024Wann ech all děi gehåsseg Commentairen hei liesen da froen ech mech wéi frustéiert dach vill Leit musse sinn. Ech sinn houfreg op eise jonken a coole Premier, hie brauch Samschdes net a Costume a Cravatte am Studio vun RTL ze setzen, hie mecht e Super Job an ech hoffen datt hien eis nach laang erhale bleiwt.
-
guy114.01.2024par Rapport zum Interview vu gëscht, wi Daag a Nuecht. Woubäit haut éischter Nuecht war.
-
Duke_of_Lux14.01.20240 Emissiounen , naja ,mir wësen et jo ;-)
-
De_Jonggesell14.01.2024D'Banken hun äis bis elo emmer gebi...t an waerten daat och lëschteg fir an Zukunft maachen. Esoumat wënschen mer all denen déi esou eppes décidéieren een décken bass um hennechten an een kuerzen arem soumat sech net kënnen kraatzen .
-
Alles-Quatsch14.01.2024Ech fannen et e NO GO wann eng Partei d’Leit regelrecht benotzen déi bekannt sinn, sierf et duerch Sport oder soss eppes, an dat just fir e puer Stëmme méi ze kréien?! Ech denken, dass wann e Mënsch sech wirklech fir Politik interesséiert, en dat souwisou a senge jonke Joeren decidéiert a selwer weess wéini de Moment do ass?! Wann ee sech awer decidéiert eng Famill ze grënnen, missten d’Kanner, esou ewéi dir dat selwer sot Madamm, de Mëttelpunkt sinn a bleiwen. D’Kanner verlangen weder Crèche nach maison relais, mee éischter esouvill wéi méiglech d’Präsenz vun den Elteren! Et profitéieren net nëmmen d’Kanner doduerch, mee och d’Eltere selwer wann se gesinn wéi se sech entweckelen a wéi dankbar se duerno sinn?! Et ass fir mech einfach déi schéinst Episode am Liewen!!! Well ech mech e puermol fir dem Vollek säi Wuel mat Succès engagéiert hat, wor ech och gefrot ginn fir an d’Politik. Ech sinn haut nach frou, dass ech nee gesot hunn, zemols wann ech gesinn wat do säit 20 Joer leeft
-
gestressten14.01.2024Déi si jo all Direkter gin well se esou gut Handwierker waren an eppes vun deem Beruf verstin ;O) Wann e Patron säin Aarbechter gut bezillt, da kritt en och gut Aarbecht vu GUDDE Leit geliwwert. Wann e schlecht bezillt kritt e schlecht Aarbechter a schlecht Aarbecht! Et läit net un de GUDDE Leit, ma et läit ganz eleng un eisem System an de Betrieber selwer. Kleng Betrieber liwweren ze dat déi beschten Aarbecht, well de Patron do meeschtens mat dobäi as, a wees, wat seng Leit maachen, an e wees déi Qualitéit dann och ze schätzen an ze bezuelen. Grouss Betrieber si jhust um Emsaatz interesséiert, an do passt nun emol en deieren a gudden Aarbechter net dran. De Verglach muss een do zéihen mam Gehalt vum Betriebsaarbechter zum Gehalt vum Patron! E klengt Beispill,....ech hun en Zammermann an der Famill, dee bezillt seng Aarbechter anstänneg, déi Aarbechter sin zefridden, a se liwweren eng Top Aarbecht. Déi meescht sin do am Duerchschnett 25 bis 30 Joer agestallt, an zefridden. Aarbechter zefridden,Patron zefridden,Client zefridden,...wat well ee méi! Ma wann den Aarbechter näischt verdingt, mat Flemm op seng Schaff geht,....wou kann een dann vun deem e maximalen Obwand verlaangen? Zum Gehalt vun de Patroen,....wann ech als Client muss 2 Méint schaffen, fir déi Aarbechten ze bezuelen, déi en Handwierker bei mir an 2 Deeg mècht, da stellen ech mir schon emol meng Froen! A wann ech dann dobäi kucken wat seng Leit verdengen, an ech muss bezuelen, da muss ech mech jo em dem Patron seng Zukunft net suergen! GUT Leit gin et iwwerall, an déi fennt een wann een dee néidegen Respekt virun hinnen huet!!! Gudd Nuecht
-
den_hexemeeschter14.01.2024Eise Gesondheetssystem foerdert unheibar Krankheeten well se nik mat Zeit entdeckt gin , dreiwt Leit an d'Invaliderent wat oft zu aarmut feiert , irreversible Schied well nik mat Zeit behandelt get , den doud , den suicide , medikamentesucht , aarbectsplatzverloscht weinst ze langem Krankeschein ouni d'Foerderung vun psyschesche Beelaschtungen ze schwetzen dei derbei entstinn duerch lang wuardezeiten fir ze wesen een Kribs huet oder nik an dat dann vielleicht ze speit as .. . Dat as Psychofolter , Folter grad bei Schmierzpatienten , non assistance a personne en danger an coup et blessures involontaires - Leif Politiker denkt mol driwwer no well dat as et wat hei leeft duerch aer Vernolessung an derbei geheiert zu aeren primaeren Pflichten d'Vollek ze schuetzen...... Ennerhuelt eppes well ech mengen dir sidd Iech nik bewosst weivill Menscheliewen der zersteiert hutt an weivil Doudeger der op dem Gewessen hutt just well Dir apathesch , lethargesch an realitaetsfriem sidd. mfg Havenne A.