FOTOEN - Tëscht Meespelt an Bierden
Bëtonneuse rennt an Fliger
Moment, hues du grad op d’Accidentsfotoe geklickt? Hues du ze mann Drama an dengem eegene Liewen? Wat erhoffs de der? Verbéite Blech, vreckte Beem, ofgerappten Äerm? Du weess dach, wéi dat ausgesäit? Mee du wëlls Fotoe gesinn, gell? Du krankt Schwäin. Mee bon, si mir dat net all? RTL acceptéiert och deng däischter Säiten. Huel de Popcorn raus a klick dech duerch d’Fotosgalerien.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Verstinechnet25.11.2023Aha, also awer näischt anescht maachen? Also näischt aus den Feeler geleiert dei d´Regierung bis op e pur gemeet hun. Witschaft un d´Mauer gefuer mat ären Verbueter an Regelen. Dei eenzeg, dei een gudden Job ofgeliwert haat, wor Madame Lenert. All dei aaner woren lamentabel an deem waat se presenteiert hun, an wei se sech no baussen gewissen haaten. Vun deenen Grengen ass do och nix gescheites op Tapeit komm, ausser sech Verbueter sou ze maan wei et hinnen gefall huet( Siehe Bausch & Co) An elo geet d´Regierung mat der Strenz duercht Land, an verdeelt Suen dei se nett huet, an huet missen leinen goen, dobäi wir et och aneschters gangen. Baustellen hätten guer net missen zou gemeet gin, do wär et mat Maskenpflicht och gangen fir weider ze schaffen. Daat selwescht wir och an deenen klengen Geschäfter, Butteker an Restaurants gangen. Et fonktioneiert jo och elo gudd lo wou dei Regelen angefouert goufen. An der Kriis gouf et nemmen ee Gewener, daat woren dei grouss Supermarchéen, dei niervt Liewensmettel och nach Kleeder, Schung, Gardenartikel Blummen an eletrogeräter verkaaf hun, an dei kleng Betrieber an Geschäfter hu missen zou bleiwen. An während der Kriis hun dei grouss Liewensmettengeschäfter nach Präisser geheckt! Also wei gesoot Här Bettel, näischt anescht maan? Ma dann hudd dir aus ären Feeler nix geleiert. Är Pei wor och an der Kriisenzäit garanteiert, dei vun villen Independaten an kleng Patroen nett. An desem Senn: Vive den klengen Geschäftmann /Fra, Independanten an all dei dei an der Kriss massiv gelidden hun, oder guer net rem op maan.
-
Duke_of_Lux25.11.2023Ech huelen un dass dat awer nach net fir haut oder muer ass ,domat ged sech emol nach gud Zäit geloos.et as schons traureg wann een kukkt wat et haut kascht wann en an enger 1.Klass leit .Froen mech firwat en Dr.Recht huet do esou vill méih ze froen et ged keen do mat göllenen Händschen ugepaakt. Waat CP ugeed ,do glewen ech net drun ,et wöllt ken Minister sech dorunner Fanger verbrennen .Et deet jo kéngem Minister wéih ,well de Patient jo den CP aus sénger Täsch muss bezuelen.
-
Egalwat25.11.2023LSAP bedeit eng schläichend Enteegnung vum Vollek. Mat der uviséierter Logementspolitik hun d Leit zwar en Dach iwwert dem Kapp, awer och soss näischt. Un d Kanner ze verierwen gëtt et dann och näischt méi. Déi ginn dann och hirt Liewen lang lounen an bezuele mat hirem Loyer anere Léit hir Häiser. Esou geréit de Wunnraum am Land ëmmer méi an d Hänn vun ëmmer manner Léit. Et muss een sech bewosst sinn dass der LSAP hir Chancëgläichheet an Gerechtegkeet just eent heescht, nivellement vers le bas. Et soll keen mengen et géif hinnen drëms goen dass déi Aarm zu eppes kommen, nee et geet drems dass déi wou eppes hunn härno och näischt méi hunn. Déi Politik suergt just dovir dass de Besëtz ëmmer méi an d Hänn vun wéinegen geréit. An de Recht gëtt mat Almosen vum Sozialstaat esou just iwwer Waasser gehal. Dat ass et wat Sozialismus heescht.
-
den_hexemeeschter25.11.2023Ass dach lachhaft dat doten, wat dei verdingen,an no der Armei een gesecherten Arbechtsplaatz ,mussen keng 45joer schaffen (Ech schwetzen bei vun richteg schaffen) an durno eng deck Pensioun. Waat wellen dei mei ???? Gidd an Privatwirtschaft,oder macht ierch selbststänneg mat engem Betrieb ,dann kuckt duer emol weivill Stonnen een Aarbechtsdaach huet ,an wann der nach Personal huet,kommen nach sellechen Probleemer dobei Ech Sees vun waarm ech schwetzen,Hun vill Bekannter dei an der Armee woren an lo super Aarbechtsplatzen ,mat super Paien,an anerer mat super Pensiounen hun. An nee,ech sin net jalous,an wor et och nie op meng Kollegen, Ech hun emmer am Handwierk beim Patron geschafft,an duerno och bal 20 joer selbst-ab ständeg geschafft .Elo an der Pensioun (net ze vergleichen,wann een virdrun beim Staat wor) An ech sin stolz dropp,an liewen mat dem wat ech hun Eisen Staat soll roueg esou virun machen,kleng an mettelstänneg Betreiber futti machen ,nemmen nach heich studiert Leit ausbilden Ech kann nemmen soen,leiert een Beruf oder Handwierk dat ierch Spaass mecht ,an kuckt net nemmen no de Souen an no denen lidderechen Plaatzen,dann liewt dir och nach gesond dobei 😉
-
meteomann25.11.2023Oh jo, besonnesch am Stroosseverkéier mierkt en dat. Déi Schëlder virun den Tunnellen z.Bsp., wou 90 drop steet, absolut schwiereg ze liesen. Mä esouguer déi Stricher op der Strooss, wou Foussgänger driwwer gin, iwerfuerderen schon vill Leit, si bleiwen einfach mam Auto drop stoen. Och dat Kräiz op der Strooss, dat eigentlech bedeit, dass déi Plaz soll fräi bleiwen (siehe virum Pescatore), och dat ass schon zevill ! A wann en dann d'Kommentaren am Fratzebuch liest, op RTL oder Essentiel, schrecklech ! An d'SMS-Sprooch eréicht, Wahnsinn. Mä gutt, wéi hat den Einstein schon gesoot ? Jo, Där wësst et bestëmmt ! Ech wenschen é wonnerschéinen Dënschdeg ! Ah jo, ech fannen, dass en net sollt "studéiert" Léierpersonal an Quereinsteiger géint eneen ausspillen. Déi Mëschung vun geléierten Saachen op dé'er enger Säit an Liewenserfahrung (z.Bsp. Hausfraen a Mammen, déi nees wëllen schaffen) kann durchaus eppes brengen. An et ass, wie an all aneren Beruff och: Et gëtt ganz gutt Leit an et gëtt schwaarz Schof.
-
Mengmegnung25.11.2023Et rett een d’Klima nët wann een Taxen aféieiert ! Dofir flitt kee manner mee d!Keese gi gefëllt! Grëng halt !
-
Baam25.11.2023Einfach schrecklech wat do soll realiséiert gin. Esou gesäit dach keng Entree vun enger Stad aus. Wien sin déi Stadplanger ?? Bestëmmt keng Lëtzebuerger. Wäerten erëm auslännesch Firmen sin, déi am Optrag vun Fongen oder egal ween och do werkelen. Genau esou wäert ët och herno zu Hollerech ,mat der Porte de Hollerich, ausgesin. Vun der Autobunn direkt an eng Betonwüst eran. Wat d'Stäreplaaz ugeet,wärte mer domat dann den 3ten Belval schaafen. Well den 2ten as jo op der Cloche d'or. Do waerten an Zukunft eng Partie Geschäftrer zoumaachen. Ech hun dat schon geschriwwen,wéi se nach am Bauen waren. D'wier besser d'Grousgaas géif emol erëm belieft gin. Kann nët sin dass de Kär vun der Stad eng Akaafswüst gët, an baussen erëm sin Geschäfter. Dat as dem Gemengeroot seng Aufgab.
-
JEAN-FRANCOIS25.11.2023Gudd dat Wei ass et dann mat dem Mani
-
Eieiei25.11.2023Majo dann. Als éischt goufe mam Briecheisen Aspuerungen am Enseignement secondaire duerchgeboxt, elo dann oppene Sträit mat Police, SREL a Fleegesecteur. An deenen 3 éischte Fäll gouf respektiv gëtt et Mediatioun a Conciliatioun. An dat all Kéier mat heftege Virwërf, de Staat géif sech net un d'Spillregelen halen, mol Accorde quasi erfannen, mol Accorden net ëmsetzen. Am Fleegesecteur géife gesetzlech Assimilatiounsdispositiounen (e gewëssen Artikel 28?) einfach ignoréiert ginn. Do zeechent de Staat jo en immenst Beispill vu sech selwer. Souveräänt regéiere gesäit anescht aus. Awer Haaptsaach et gëtt sech gebretzt mat enger Steierreform vun där net emol kloer ass, ob se iwwerhaapt duergeet fir déi ugesammelt kal Progressioun auszegläichen. Op den Aarm huele kann ech mech och selwer.