FOTOEN - Tëscht Beesslek an Schwéidsbeng
Flitzer rennt an Stäckelchersblumm
Photo: el freddy
Du weess schonn, dass RTL mam Ongléck vu Leit gutt Geschäfter mécht? Artikele vun Accidenter generéiere Klicks. Dësen Trafic ass d’Grondlag fir d’Statistik mat der RTL sech bei senge Reklammsclienten als wichtegst Medium vum Land präsentéiere kann. Mir soen Dir dowéinst Merci fir däi klengen, awer wichtege Bäitrag fir ze verhënneren, dass eise léiwe Lëtzebuerger Medienstanduert riicht an d’Mauer rennt. Metaphoresch. Wanns du lo trotzdeem ee schlecht Gewëssen hues, kanns de jo bei Télévie eppes spenden. Service. (Public).
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
gunman16.10.2023De Benzin an Diesel huet keng grouss Praïsélasticitéit. Et ass e quasi liewenswichtege Produit, wéi Iessen, Wasser, Heizung, Kleeder ... dofir können déi eis regéieren égal waat vu Steieren drop schlien a wëssen dass mir et schlecken. Hei e klengt Zitat aus Wikipédia „ La demande reste inchangée quel que soit le prix. C'est notamment le cas des produits de première nécessité : bien que le prix augmente, la consommation se maintient car il existe peu de produits de substitution“
-
Populiste16.10.2023Keen vun den EU-Verantwortlech hun Eer an der Box. Sie reagéieren eréischt wann et ze spéit as....wéi ëmmer.
-
Misanthrop16.10.2023An wann een wéi ech keng Kanner huet, mussen Ayants-droits déi mäint ierwen, ganzer 40% bezuelen! Wou bäi ech schon beim Akaaf dem Staat säin Steck vum Kuch gin hun mat TVA 3%+17% henno, Enregistrement etc... Kanner huet een keng well een keng kann kréien, keen Partner fonnt huet oder ganz einfach fir sech entscheed huet keng ze hun.
-
Mausketti216.10.2023Zu Letzebuerg muss een entweder schon een bekannten Politiker an der Famill gehaat hun oder wei d'Madame Minella bekannt aus dem Sport oder den Medien sin. Wat och obfällt ass dat wann een uewen ob enger Lescht steet och eng fill mei grouss Chance huet gewielt ze gin. Dofir gett et immens fill Politikerinnen an Politiker dei een Mandat hun deenen hiren Famljennumm mat A, B oder C ugeet. Esou een Systeem feiert dozou datt Leit mat Kompetenz an politeschen Visiounen mais ouni des Privilegien kaum eng Chance hun sech kennen duerchsetzen. Das misst onbedengt geännert gin zb daduerch dat just nach Parteien gewielt gin mais keng Käpp.
-
Aniwregens16.10.2023Wéi kann ee 4MW-Wandrad am Norde méi Leeschtung bréngen wéi am Süden ? Liwwert et do 6 MW ? Wann déi Rieder nët all 5 Minuten wéinst zevill Loft, ze kaal, de Flantermeis, dem Roudmiilan géife gestoppt ginn, wier hier Produktivitéit och scho besser
-
Iddefix16.10.2023Zitat Bettel: 'Mir hunn eis Verantwortung geholl' Ech mengen domadder ass alles gesot. Wann d'Zuelen net erof ginn da sollen d'Leit sech net bei der Regierung bekloen mee eben bei de Leit déi sech net un d'Regelen halen.
-
WaatSaachen16.10.2023Emmer dat selwecht Hamm = RMHAMM an net nemmen Hamm
-
Aniwregens16.10.2023De Profisport ass krank a misst reformeiert gin. Amplaz dass zb Futballsklibb international Konzerner sinn, misst een do einfach mol back to basics goen. Lokal Klibb, local finanzeiert, realistesch Gehaelter. Da geif dei ganz Korruptioun mol ophalen. Dei dei do am meeschten Muecht hun, sin d'Fans, si kennen de ganzen kommerzielle Bloedsinn einfach boykotteiren an em domadder dei finanziell Basis entzeien. Et kann een als normale Fan zb domadder ufaenken amplaz just stupid Futball op der Tele ze kucken sech selwer an sengem eegenen lokale Verain engageiren, jo soguer selwer als Hobby-Sportler aktiv gin. Huet just Virdeeler, besser vir dei eegen Gesondheet, besser vir d'Gesellschaft, besser fir de Planeit. Et misst awer och op europaischem an nationale Niveau de legalen Kader geschaafe ginn fir dei decadent kommerziell Auswuechs ze verhenneren, zb Gehaelter begrenzen, maximal Montant'en dei Futballsclub daerf besetzen an investeiren asw...
-
Politmotor16.10.2023« Wes Brot ich ess, des Lied ich sing. » Et geet keen onofhängegen Journalismus. Dat ass leider eng Utopie!