FOTOEN - Tëscht Munnerëffer Strooss an Allerbuer
Doudewon kritt Eech ze paken
An? Gehéiert den Auto engem, deens de kenns? Waars du och schonn eemol do? Bass eréischt virun e puer Deeg op der selwechter Plaz laanscht gefuer, wou elo ee gestuerwen ass? Dat hei kéint eng Foto vun dengem Auto sinn. Vläicht ass et souguer eng Foto vun engem, wous du kenns? Du méchs der Suergen a wollts just sécher sinn, dass du déi Persoun net kenns. Kuerz has de Angscht. Angscht ass e gutt Geschäft. Du schudders dech. Elo drift däi Bléck zur Reklamm fir dat neit RTL-Format: „Driving Dreams“.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Waat_dann23.08.2023Die Seele brennt, für unser'n einzig wahren Star, die Seele brennt, für Mönchengladbach, VFL Borussia Stolzer Blick zurück, volle Kraft nach vorn, für den Namen, den die Welt so glorreich kennt, Die Seele brennt.
-
meteomann23.08.2023Déi Greeng hun an deenen leschten Joeren villeischt hirt bescht meiglecht gemaach well Car schonns ze déif am Dreck stëcht awer si hun Politik hei am Land net verändert, au contraire si hun sech der Politik ugepasst. Een contournement ob deen aneren gëtt gebaut dass den individuellen Automobilist seeng Freed um Auto net soll verléieren zugleich soll den co2 erof geschrauwt gin waat einfach een krassen Wiedersproch! Mam fetten SUV an den Bio Buttek ass fir mech net nohaltëch. Velofueren gefördert awer zum Deel den Velo un verschidden aggressiv Automobilisten Schutzloos ob der Strooss ausgeliewert. Et wir troztzdeem ze hoffen dass déi Greeng Partei, esou wéi et an Déitschland sech virzeechent, zu enger Majoritéitspartei wiesst, well et déi eenzegt Partei ass deenen ech halbweegs mein vetrauen virun ginn am Sënn vun enger gëftfreier Ëmwelt verbonnen matt enger besserer Liewensqualitéit wou et net just nach ëm Wachstum geet maat allen nociven Folgen fir Mënsch, Déier an Natur.
-
Politmotor23.08.2023Vill geschwaat fir naicht ze soen.
-
Matbierger23.08.2023An a wei enger Wahrsagerins Kugel huet eise Bettel daat gesinn?
-
Elo_haal_awer_op23.08.2023Den Télètravail ass ërem esou eng Schäindebatt déi gefouert gëtt an déi och nach un den Bediérfnisser vun villen Bierger verbäi gefouert gëtt an dréit den Suergen an den Problemer vun villen Schaffenden an och villen vum Partonat keng Rechnung. Den Télètravail bezitt sëch nëmmen op bestëmmten, spezifësch Beräicher. Ët maach sin dass esou Aarbëchtmoosnahmen virun allem Bürokraten zegudd kommen awer vill aner Mënschen kënnen guer näischt mat den Thema ufänken an si zéien keen Notzen doraus, am Contraire. Ëch hun z.b. elo schon eng ganz laang Zäit mat Bau an Renovatiounsfirmen ze din an déi Aarbëchter do kënnen räichlëch wéinëg mat esou Themen ufänken an vun Aarbëchtzäitverkierzungen schon guer net ze schwätzen, well Iwerstonen sin fir si schon bal eng Normalitéit an dat hëllëft hinen och nach fir hir kleng Paien opzestocken. Liwerfirmen gehéieren och dozou. Miwellgeschäfter och, virun allem déi Aarbëchter déi fir den Montage zoustännëg sin. D'Gastronomie an d'Hotellerie, faalen och net an den Beräich vum Télètravail. Gemengenaarbëchter mat Sëcherheet och net. Buschauferen an Lockführer och net. Déi vum Streedëngscht ënner anerem och net. Bëschaarbëscht gëtt och net vum PC aus erledëgt. D'Schëffer op der Musel kommen och net aus den 3D-Drucker an fueren och net vum selwen. Autobunnen gin och nach net esoubal vum 3D-Drucker an d'Landschaft gesprëtzt. Schinen an Catenairen verleen sëch och net vum selwen. D'Dreckskëschten gin och net vum selwen eidel gemaach. Den Auto en Panne oder d'Revisioun gëtt och net vum Roboter iwerholl. Den Blechschued beim Auto och net. Den Kulang den drëpst oder d'Leen déi beim Sturm vum Daach fléien, flëcken sëch och net vum selwen, do brauchen mer dann awer den Daachdecker. ......................... Elo sin ëch warm gelaaf an kéint nach eng sëlechen Berufer opziélen an d'Mënschen dohanner, déi awer och wiérklëch guer näischt mat dem Thema Télètravail kënnen ufänken an wou eis Gewerkschaften genuch ze din hätten fir dass iwerhaapt emol eng 40 Stonnenwoch kann respektéiert gin an dat ier ons houfrëg Parteien munch Aneren, maner Aarbëcht verspriéchen. Vergiéssen mer dann och net Doktoren an Infirmier an Infirmièren déi schon moies fréi bereet stin fir Patienten ze operéieren an déi d'Patienten duerno mussen rondërem d'Auer ze betreien. Schon emol iwerluecht, wéivill stonen esou en Chirurg um Bockel huet, ouni emol vun sënger Verantwortung ze schwätzen. Wéivill Stonen vill Patronen drumen fir hir Betrieber, zemols an dësen schwéieren Zäiten an vun Konkurenz um laafen ze haalen an Aarbëchtsplatzen ze sëcheren. An dann schwätzen hei Parteien an verschidden Mënschen aus bestëmmten Branchen an dat duerch eng global gefouert an am globalen geduechten an net duerchduechten Digitaliséierungsdebatt vun Télètravail an drämen emol dovun nach maner ze schaffen, ouni eng Grousszuel vun deels schwéier schaffenden Leit mat anzebezéien an hir Gedanken, well dat einfach net esou ëmzesetzen ass an den Télètravail fir si net oder nie méiglëch ass. Esou eppes nennt een eng Schäindebatt, well se nëmmen engem bestëmmten Deel vun der Gesellschaft en Notzen brëngt an virun allem, an dësem Fall, besonnëch déi kleng Leit ignoréiert an domader gesäit sëch dat klengt an och dat schaffend Vollëk vun esou Ideen vernoléissëgt, awer net nëmmen si. Wann ëch iech elo och nach soen, dass ëch selwer och Patron sin an dat ganzt Gespréich mär zimlëch op d'Nerven geet, vis-à-vis vum Patronat an och villen vun eisen Beschäftëgten, dann kënnt där iech all jo elo emol Gedanken maachen iwer déi Politik, iwer Parteien an och esou Schäindebatten an wéi wäit si alleguer vun den Besoins an den Problemer vum gréissten Deel vum Vollëk ëwech sin. Awer geschwën sin jo Wahlen an dann sin all Debatten gudd fir e puer Stëmmen ze fänken, zemols esouer, wou d'Gemidder vun Verschiddenen berouëgen déi doraus hiren Notzen zéien an Ideen déi den Staat esou direkt näischt kaschten. Awer Problemer léist een esou net, nee ët verschiebt een se.
-
agentorange23.08.2023Ass dat den Här deen d'Independanten net wollt ënnerstëtzen well déi grinsend mam Ferrari duerch d'Landschaft fueren an net matkritt hat dass och eng Coiffeuse, e Bäcker oder e Schräiner Independanten kënne sinn? Ass wierklech ustrengen dem Här Kersch senger Polemik nozelauschteren. Säit 40 Joer revendiquéiert d'LSAP virun all Walen ... a wann dann de Koalitiounsvertrag bis ënnerschriwwen ass, héiert een näischt méi vun hiren "Iddien".