FOTOEN - Tëscht Giischterklaus an Breinert
Waggon kënnt net laanscht Streewon
Photo: Emily Boyd
An? Gehéiert den Auto engem, deens de kenns? Waars du och schonn eemol do? Bass eréischt virun e puer Deeg op der selwechter Plaz laanscht gefuer, wou elo ee gestuerwen ass? Dat hei kéint eng Foto vun dengem Auto sinn. Vläicht ass et souguer eng Foto vun engem, wous du kenns? Du méchs der Suergen a wollts just sécher sinn, dass du déi Persoun net kenns. Kuerz has de Angscht. Angscht ass e gutt Geschäft. Du schudders dech. Elo drift däi Bléck zur Reklamm fir dat neit RTL-Format: „Driving Dreams“.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Populiste03.07.2023wisou soll d'Sofinco aus der Belsch da besser sin wéi eis national Pauvres chaussées ????
-
Anna_List03.07.2023No baal 40 Joër Paus, do haat ech mir eigentlëch ganz vill méi awaard. Leider zimmlëch flaach "léiw" Lidder. Keen richtigen Hit deen ee vun der Couch rappt! Ech wees nët op sii sëch an hiire Fan's heimat e Gefaale gemaat hunn. Schéin daat déi 4 nach do sinn, mee denken den Album Voyage 2021 ABBA as fir mëch leider nët daat....an hunn ën elo schonn 2x gelauschtert. Zu deenen "Abba-vare Concerts" ...leider nee merci fir mëch! Wa schonn, dann richtëg LIVE!
-
Aniwregens03.07.2023Ech gesin just 3 Problemer fir 2023. Den M.Wiseler ass dem Politbarometer no an enger bedenklech schlechter Positioun. Si huet sech schon zu der Zeit vun dem M.Juncker obgebaut, d'Léisung brauch Zeit. Den M.Graf geseit d'Europäer als eng Satelliten- Politik. Effektiv ass d'Kommunikatioun mat den Länner beachtlech schlecht. Alt nach en Problem den méi wéi 1 Joer brauch. An der Ukraine gin ech dovun aus dass den Problem net owbremst ouni Ansatz vun Fissioun & Strahlen. Ech hoffen just dass si net just mat Kobalt d'Anlagen attackéiren.
-
luxusbuerger03.07.2023A woufir brauche mer 705 Parlamentarier plus 14 Vizepraesidenten an eng Praesidentin. .Zousaetzlech zu all deenen um Krautmaart. D’Demokratie ass net proportional zu der Zuel vun den Depute’erten. Am contraire. Wat se zu me’ sin wat et me’ ontransparent get an d’Dir fir Korruptioun emmer me’ grouss opgeet.
-
Gaardebounen03.07.2023Eis Gesellschaft as Schold un,dem Desaster. Mir passen eis iwerall un Op Sproch dann Europaschoul Internationalschool asw Awer wat machen dei Leit sech de Letzebuerger an dem letzebuergeschen Schouldsysthem unzepassen??? Ma Neischt sie kreie wat se wellenum selwerne Plateau serveiert a nach gesot sie wiere besser wei dei letzebuergesch Schoul. Sin iwer 50 hat 3 portugiesesch Kanner bei mir an der Primärschoul ma dei hu seier eis Sproch geleiert an hier Elteren och. Dei wollten sech an hier Kanner integreiren an et as gelongen.Sie hu keng extra Schoul gebraucht. Fördert d'Elteren mat de Kanner ze leiren. Mee leider sin ech um Terrain a wann ech froen wase mer urufen wei hescht dann d'Joffer vuneirem Kandda wessensedat am 3.Trimester mol net oder et kennt just e Virnum an da geht nach aus Nathalie e Natalia gemach. Do geseut enden Interessi vun den Elteren a wat soll dann aus de Kanner gin wann do den Hiewelnet ugesat fet. Et sinnunmol hier Kanner
-
Kappressel03.07.2023Majoo da loose mer jideren maachen soen a posten waat e well da kucke mer wou ma dann hikommen. Ech wees beim beschten Wellen net waat de Mann sech denkt fir esou e Blödsinn ze soen. Wann zum Beispill jideren an der Pandemie seng Fräiheeten behaalen hätt dann hätte mer nach vill mei Doudecher gehaat. Ech fannen dass mer zu Letzeburg méi wei genuch Fräiheet hun. Da loosen mer der ganzer Kriminalitéit nach mei Fräiheet z.b an eiser Stad da kuke mer wou Rees dann hingeet?Ech kann nemen de Kapp resselen
-
Waat_een_Kaabes03.07.2023Schuett dass den Hummels nett derbei ass den Kommetair hätt ech gär heieren
-
Knadderhary03.07.2023Respekt Mme Hoffmann, richteg gudden Apropos.. Hm, komesch Geschicht daat ganzt, De Ministère brauch nemmen bei deenen zoustännechen Gemengen nozefroen vifill Tonnen all jährlech gesammelt gin laanscht Stroossen, Feldweer, Wasserleef, Parkanlagen, asw...daat geet schons zech Jooeren esou...hun och schons öfters den Fierschter, Gemeng, an wann ech u keen komm sin d'Police kontakteiert fir esu illegal drecksplaatzen ze mellen.....et brauch een nemmen d'Aen opzehaalen an net ewegkucken, dokumenteieren, asammelen wann et net ze vill ass, an ze ensuergen... Ps, et brauch en keen grengen ze sinn fir esu ze handelen, et geet schussendlech em ons Natur ( Fauna an Flora ) MbG.
-
MELLECHKOU03.07.2023Zitat: Nett all doudegen ass och un covid-19 gestuewen, mee e wor just infizéiert!! Wéiviel Persounen sin dann lo wierkleg reel um Virus gestuewen??? Déi ganz Statistique ass naicht waert!🙈🤷♂️