FOTOEN - Tëscht Wemperhaart an Grolënster
Pompjeesauto kënnt net laanscht Fernlaster
Du weess schonn, dass RTL mam Ongléck vu Leit gutt Geschäfter mécht? Artikele vun Accidenter generéiere Klicks. Dësen Trafic ass d’Grondlag fir d’Statistik mat der RTL sech bei senge Reklammsclienten als wichtegst Medium vum Land präsentéiere kann. Mir soen Dir dowéinst Merci fir däi klengen, awer wichtege Bäitrag fir ze verhënneren, dass eise léiwe Lëtzebuerger Medienstanduert riicht an d’Mauer rennt. Metaphoresch. Wanns du lo trotzdeem ee schlecht Gewëssen hues, kanns de jo bei Télévie eppes spenden. Service. (Public).
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
haldechkleng06.05.2023Ech fannen et ass gutt wann een heleft mee dauernd schwätzen mir vun der ukraine dee schon millionnen kritt hun et ass schlemm watt do geschitt mee geifen dee eis och helfen mengen net dann kreien mir ob denn autobunnen all 60 km eng schnellladestation ass eis autobuhn sou lang ????? Ech Sin gespannt wee et weidergeet an ob dee leit hei am Land richtech geholef kreien well et schafft net jideren beim Staat. Net daat mir geld all gespennt hun an waat denn Elektroauto ugeht gitt mol ob eng schnellladestation dann rechnet dir mol waat daat kascht ass Jo grengen strom do stellen Ech mir och fro wou denn soll hierkommen bei dennen grengen an hierer fantasie
-
BAARTJANG06.05.2023NEE et wier un der Zäit komplett ëmzedenken. Solar-, Wandenergie an AKW brengt guer näischt wa mir ALL an den industrialiséierte Länner et net fäerdeg brengen op dee ganze Luxus, dee fir esouvill Leit ‘normal’ an anscheinend ‘liewenswichteg’ sinn, ze verzichten ouni déi puer Dozen Multimillionnairen ze vergiessen déi sech duerch ons Dommheet an Ignoranz eng gëlle Nues verdengen wat all Mënsch inklusiv de Politiker egal ze sinn schéint?!?!?! Geld regéiert d’Welt. Geld regéiert d’Politik. Geld mecht awer net méi gescheit!!! An dorun gi mer futti, lues awer secher. Kee wëll et verston. Vive den Egoïsmus.......
-
Virwatnet06.05.2023Schued fir de Russell, mee dem Jong gehéiert d'Zukunft. Ee grousst Talent 👍
-
Maulwuerf06.05.2023Den Här Bettel soll lo net de Ball erëm ofgin, wéi hien daat jo gären an verschidde Situatioune mécht. Wann d'Leit sech dann impfen loossen, ass eng ganz schwaach Approche. Ech sin iwwerzeegt, dass wéinenstens 60% vun der Bevëlkerung impfen loossen. Mee wéini, daat entscheed eis Regierung jo ganz alleng matt hirem Verschleefen. Ze spéit bestallt, net genug bestallt, keng Eegeninitiativ, an alles d'EU machen loossen. Ganz schwach.
-
Meckerhary06.05.2023Die Schuh, der Schuhen, sou gëtt verbessert a bäibruecht. Hätt ech et net selwer gesinn, géing ech et net gleewen. D'ass jo gutt datt et déi Infrastrukture gin, mee qualifizéiert Personal, wou ass dat? An et gëtt es ëmmer méi gebraucht. De Wuesstem bréngt méi Negatives mat sech wéi positives. D'Elteren hun jo och quasi kee Choix méi a mussen hir Kanner dohinner schécken. Mee och dat ass gläich eriwwer, wa verschidde Leit bis mierken datt et méi bëlleg gëtt wann een Doheem bleift, ewéi schaffen ze goen ass et eriwwer domader. Da geet den Niveau och erëm erop an da geet GRATIS och net méi duer fir d'Leit ze lackelen. A mir wëssen alleguer datt "Gratis" net näischt kascht. Mir, och d'Elteren bezuelen de "Gratis" mat. An dat ëmmer méi. Et kënnt emmer manner eran an et geet ëmmer méi eraus. Gläich huet e Stoot geet näischt méi a senger Hand. Emol net seng eege Kanner.
-
Neckel300006.05.2023Op jidden Fall as et GANZ interessant ze gesin, dass den Barrel Praiss ähnlech as wei virun 10-12 Joer, den Spritt awer 2.5x mei kascht. Fannen et wierklech erstaunlech, dass sech do net mei Leit Froen stellen, virun allem dei, dei an der Chamber setzen. Well iergendeen verdengt gudd domm mat drun...
-
Aniwregens06.05.2023um enn vumm daag muss een vunn senger pay liewwen kënnen - an daat w.e.g. ouni hëllefen lënks an riets. dozou gehéiert och, datt die kleng payen net well 7% steieren bezuelen. métiers vunn deenen een net liewwen kann, die ginn gemieden an d'leit sichen sech eppes aaneres. an soulang deen probleem net ugepaakt gëtt, soulaang ass all den recht just dekoratioun. daat stellt och d'fro wie weit mer wuessen wëllen an uewwen um turm nach drop bauen wëllen, ouni datt d'fundament ënnen ugepasst gëtt.
-
de-ben06.05.2023Ma se hu jo genuch positiv Spiller säit Kroatien Firwaat dann net mol rem d'Infektiounszuelen a Frankreich an d'Luut dreiwen :-D :-D