FOTOEN - Police mellt
Liwwerwon op der Kopp zu Furels
En Accident kanns du och selwer bauen. Schéck eis eng Foto dovunner, da muss eise Fotograf net bei all Wierder iwwer d’Stroosse renne wéi eng Sau, fir als éischte sur Place ze sinn.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Letzebuerger_Patriot02.05.2023Macht Photo'en an eng virtuell Reconstruktio'un fir an de Musée !
-
Yuppy02.05.2023Et get nemmen een Skandal!!!!! An zwar dass zu Lëtzebuerg anscheinend sou lues ALLES een Skandal get, egal waat gemaach get, egal waat net gemaach get, egal waat erlaabt get, egal waat verbueden get. Ech sin an d'Ausland geplennert, guer net wäit. An waat gesin ech? Do as d'Mentalitéit nach wéi virun 50 Joer. Fein, manéierlech, Kanner soen souguer moien ouni dass se een kennen, Noperen haalen zesummen, et kann een nach normal schwätzen. Wann hei an enger Strooss een eng nei Fassade mecht, as an 5 Joer déi ganz Stross nei gemaach. Wann ech entreprener wier, géif ech déi éscht Fassade all Stroos gratis maachen. Déi Bornéiertheet, Rechthaberechkeet, deen Egoismus, deen Näid as nemmen just een Zeechen dass et vill ze vill Leit hei am Land gudd geet, oder dass se net wessen waat mat hierer Zäit unzefänken. Dobai gesin der vill mol guer net wéi lächerlech dass se sech maachen... Déi eng Säit get et Politik, déi nemmen un sech selwer interesséiert as, sech selwer luewt an mengt wann et hinnen géif gudd goen wier daat och den Fall bei jidderengem. Dann get et den Kapitalist, deen souwiesou alles duerchgesaat kritt waat en wellt, waat een iwerall gesäit. Dann get et deen éiwegen Nörgeler, deen un allem an jidderengem eppes auszesätzen huet an selwer nie zefridden as. An dann??? Dann get et een wéi den Kiddelschass. Deen keng Loscht méi do drop huet. Deen es saat huet nemmen schaffen ze goen fir dierfen ze wunnen. Deen probéiert mat jidderengem gudd auszekommen. Deen gemierkt huet dass just en groussen Deel vum Bekanntekrees sech dach nemmen mellt wann en eppes brauch... deem et egal as waat enerer denken, deen en Handy vun 2013 benotzt, an Auto vun 15 Joer fiirt mat bal enger halwer million kilometer, an deen et genéisst dass et mengen neien Noperen an Bekannten sch.... egal as!
-
WouereschtdeetWei02.05.2023De Benzin an Diesel huet keng grouss Praïsélasticitéit. Et ass e quasi liewenswichtege Produit, wéi Iessen, Wasser, Heizung, Kleeder ... dofir können déi eis regéieren égal waat vu Steieren drop schlien a wëssen dass mir et schlecken. Hei e klengt Zitat aus Wikipédia „ La demande reste inchangée quel que soit le prix. C'est notamment le cas des produits de première nécessité : bien que le prix augmente, la consommation se maintient car il existe peu de produits de substitution“
-
Kropefra02.05.2023Interessant, emol eppes net esou alldeegleches. Bon chance dem Kevin nach.
-
Knouterer202.05.2023Super Guigui.Dei näckste Keier klappt et💖😘
-
Trulla02.05.2023Virwaat as Lezebuerg emmer virbei wann et em bezuelen geed?mir hun es well saat domat. Eis Zieler sin net aer Zieler.Main Portemonaie as net aeren. Gleich richten mir eis all een Gaardenheis-chen op,an da machen mir eis Vacanz dodran.
-
Kridelech02.05.2023...Mënschlechen Aarmut, genau déi Beschreiwung passt op dat wat de Moment op der Tierkesch Griichescher Grenz geschitt ! Den Här Erdogan bei dem bis elo Milliounen Flüchtlingen "geparkt" goufen, an hien duerfir ganz ferm a vill finanziell Mëttelen vun der EU krut, a weider Milliounen fuerdert...vir eis virun der Invasioun vun deenen Leit déi viru Krich an Elend aus hirer Länner flüchten an iwwerfëllten aremséilegen Lageren dobehält… D'Griichen ville sech ...a mat Recht.... zimmlech am Stéch gelooss vun der EU, well si de Pech hunn am nächsten vun der Tierkei mam Flüchtlingsdrama konfrontéiert ze sinn...villes vun der EU versprach kruten, mä ganz wéineg ëmgesat ! ..a wat mech EU....mir diskutéieren an déi di am allermeeschten vun der EU gehollef kruten, speziell Länner wéi Ungarn, an aner Staaten aus dem fréieren Ostblock, ….déi blockéieren alles a refuséieren och nëmmen een eenzegen Flüchtling bei sech Asyl ze accordéieren ! Et ass eng desaströs lamentabel an inhuman Situatioun...vu Mënschen verschëllt...an elo ze gesinn, mat wéi engen Mëttelen Tierken a Griichen "hir" respektiv Astellung zum Problem weisen, net akzeptabel dass Tierken mat Falschinformatiounen d'Flüchtlingen op Griichesch Grenz lackelen….an d'Griichesch "Grenzschützer" déi mat Gewalt op d'Flüchtlingen andreschen….an esou guer op se schéissen !!!!!! ...dass einfach degueulasse an e "Mënschlechen Aarmut" wéi d'Madamm Maxime Gillen an hiren commentaire ausdréckt trëfft den Nol op de Kapp ! Ganz grousst Kompliment un eisen Ausseminister, den Här Jean Asselborn, den Flüchtlingskanner (...wann ech richteg informéiert sinn, sinn et Kanner déi net vun Erwuessenen begleet sinn) ugebueden huet se hei zu Lëtzebuerg opzehuelen an no hinnen ze kucken …..Chapeau Här Asselborn !
-
Infowars02.05.2023Do feelt en Frank Engel, ehrenlos erausgeheit gin.
-
Donald Duck02.05.2023Sitt Dir nach emmer domadder amgang?