FOTOEN - RTL EENT war live dobäi
Quad op der Kopp zu Déierbech
Photo: andras kare
Du weess schonn, dass RTL mam Ongléck vu Leit gutt Geschäfter mécht? Artikele vun Accidenter generéiere Klicks. Dësen Trafic ass d’Grondlag fir d’Statistik mat der RTL sech bei senge Reklammsclienten als wichtegst Medium vum Land präsentéiere kann. Mir soen Dir dowéinst Merci fir däi klengen, awer wichtege Bäitrag fir ze verhënneren, dass eise léiwe Lëtzebuerger Medienstanduert riicht an d’Mauer rennt. Metaphoresch. Wanns du lo trotzdeem ee schlecht Gewëssen hues, kanns de jo bei Télévie eppes spenden. Service. (Public).
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
EsoueweiEchdaatgesin312.04.2023Ganz interessant d'Ausfeierungen iwwert Sartre a Nietzsche. Ech mengen domadder kennen hautesdags emmer mei Leit appes ufaenken amplaz vun bibleschen Maerercher. "La vie n'a pas de sens, a priori. Avant que vous ne viviez, la vie, elle, n'est rien, mais c'est à vous de lui donner un sens, et la valeur n'est pas autre chose que ce sens que vous choisissez." (Jean-Paul Sartre - L'existentialisme est un humanisme)
-
den_Kneckert12.04.2023D'Populatioun wiisst ze séier, dat ass evident. Fir datt de Bausecteur de Retard kann ophuelen, misst serieux a nohalteg iwer e Ralentissement nogeduecht ginn. Mee dat schéngt en Tabu-Thema ze sinn; et pour cause...
-
LibrePenseur12.04.2023Firwaat hu mir hei zu Lëtzebuerg, héichgerechent, doubel esou vill Covid-19 Douderwéi Daïtschland?
-
Knueterbatti12.04.2023Här Schmidt, et deet mir leed, dass dir sou eng Erfahrung musst maachen. An leider sidd dir keen Eenzelfall. All déi Experten déi eisen Schoulministère anscheinend agefouert huet, gëtt et leider vill just um Pabeier. An de Schoulen selwer gesait een se net wierklech. Et ass och esou, dass vill Lehrpersonal am Reen stoen gelooss gëtt. D’Enseignant sinn jo net Expert wann et z.b.ëm Hyperaktivitéit, Autismus, Sproochschwieregkeeten an sou weider geet. En Diagnostik kënnen an dierfen se jo och net man. Oft gëtt dann ëm Hëllef gefrot mee et ass keng do! Oder gett et och den ëmgedréinten Fall, dass Elteren naischt dovunner wëssen wëllen an dann och naischt kann gemaacht ginn. Ech hunn grousse Respekt virun Elteren wéi iech, déi net opginn an sech fir hir Kanner esou ansetzen. Courage
-
Nei_Hei12.04.2023Denkt all dorun vill Leit liewen haut well Baueren hier Grousselteren am Krich do eppes gehamstert hun, an ee Land wat net seng Lievensmettel selwer produzeiert ass en armt Land well och hei kann et mar klaken an dann kachen se hei zu Letzeburg secher och keng Banken. Wann ee vu Bio schreift soll ee wessen dass haut schons d halschent zevill ass .Ech hoffen dir denkt all drun wann dir bein Patt setzt do stecht ee Bauer hannen drun . Et ass secher net richtech de Bauer als domm ofzestemmplen ee wess secher ganz vill meei wi den den eng Arbecht mecht .Gidd mol bei ee Bauer kuke wa Kalwer op d Welt kommen wa Besamt gett wa Mascine musse gefleckt gin ,wa Kloe gebotzt gin a sou weider .
-
Waat_een_Kaabes12.04.2023Eng Kontinuitéit, wou den Schoss no hanne lass geet.
-
kloreMenscheverstand12.04.2023wart emol of wann meer alleguer mussen mee deef an tesch greifen wann steieren mi heesch gin mee krankenkees an mee kommunaltaxen mussen bezuelen an den staatsbeamten hier paien ant luet ginn🇱🇺
-
Waat_dann12.04.2023De Niveau vun de Posten wär méi héich, wann d'Leit emol géife nosiche, wat 'Korruptioun' heescht an net egal wat schreiwen, ouni eng blass Ahnung ze hunn.
-
Kritiker12.04.2023Fréier hu mir awer éischter mat enger Immigratioun oder Émigation ze di gehaat. D.h. Leit hun hiert Heemechtsland verlos (émigation) fir an en anert bestëmmtent Land anzerésen an do hier Zukunft ze maan (immigratioun). Haut hu mir an Europa et virun allem mat Migatioun ze din, aus engem Land eraus fir an en anert, kee bestëmmtent, eranzereese. Dann iwer kuerz oder lang erëm weider ze migréieten an en anert Land. Dës „Migratioun“ ass waat nei ass par rapport zu fréier.