FOTOEN - Police mellt
Weenchen op der Kopp zu Habscht
Photo: Emily Boyd
Du weess schonn, dass RTL mam Ongléck vu Leit gutt Geschäfter mécht? Artikele vun Accidenter generéiere Klicks. Dësen Trafic ass d’Grondlag fir d’Statistik mat der RTL sech bei senge Reklammsclienten als wichtegst Medium vum Land präsentéiere kann. Mir soen Dir dowéinst Merci fir däi klengen, awer wichtege Bäitrag fir ze verhënneren, dass eise léiwe Lëtzebuerger Medienstanduert riicht an d’Mauer rennt. Metaphoresch. Wanns du lo trotzdeem ee schlecht Gewëssen hues, kanns de jo bei Télévie eppes spenden. Service. (Public).
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Majo_secher_dat22.03.2023Gudde Witz, loosst Der Iech vun engem Quereinsteiger operéieren, an d'Vakanz fléien oder d'Hoer schneiden ? Nee, mais an der Schoul geet daat. Komesch gëll ?
-
Maulwuerf22.03.2023Liewensqualitéit, wat ass dat iwwerhaapt? Déi, déi elo iwwerall am Quartier kënnen um Vëloswee jauwen, déi soen: Super! Genial! Gëtt dee Wee mat Foussgänger gedeelt, da soen déi: Merde! Do hält da fir béid, eng gewësse Qualitéit op! Eng Spillplaz, déi och dee Numm verdéngt? Wou dach de ganzen Dag di zwee schaffen, an d‘Kanner gutt versuergt sinn. An di Leit, déi ronderëm wunnen, hätte gären hir Rou, net nëmme verdéngt, wann se vun der Aarbecht heem kommen. Wann ech jonk sinn, a selwer kleng Kanner hunn, dann ass meng Welt anescht, wéi schonn 10 Joer méi spéit, wann d‘Kanner beemool aner Interessie manifestéieren, wéi op d‘Spillplaz, am Quartier. Kann ee Liewensqualitéit op laang Siicht veruerdnen? Kommt, mir bauen eis en Duerf *, déi Kéier als Erwuessener. Op mer eis als Erwuessener wuel kéinten eens ginn? Cf. online "Town village" (op D an F)
-
Josy_Barthel22.03.2023Die Seele brennt, für unser'n einzig wahren Star, die Seele brennt, für Mönchengladbach, VFL Borussia Stolzer Blick zurück, volle Kraft nach vorn, für den Namen, den die Welt so glorreich kennt, Die Seele brennt.
-
Letzebuerger_Patriot22.03.2023Ech wollt just heizou soen, dass Hellef Doheem net den Monopol vum Tele-Alarm hei am Land huet. De Bierger huet hei een Choix. Ganz zefridden sin d'Leit mat Help24, deem Service vun Help, den niewend Berodung an den Beraicher Secherheet an Autonomie doheem och den Tele-Alarm ubied. Soweid ech wees kennen d'Gemengen ,iwert eng Konventioun mat Help24, sech un de Fraisen vom Tele-Alarm bedeelegen.
-
KengduebelMandater22.03.2023Tip Top!!! Daat ganzt lo nach mat engem anstännegen Auto dann ass platz 1 och nach dran:-)
-
Misanthrop22.03.2023Wann eng politesch Agenda mei wichteg as wei Wuel fun engem ganzen Land as alles gesoot..maacht weider sou an emmer manner Leit maachen beinde Lute geint de Klimawandel mat..traureg..
-
den Trellert22.03.2023Wât e Fehler eng Verlängerung vum Austrëttsdatum ze accordéieren. Grousbrittanien muss eraus. Da können se kukken wien se sënn, vîrwât se stinn a wou se hi wëllen . A wann se an 20 Joer eröm zu der EU wëllen si se wëlllomm.
-
Maulwuerf22.03.2023Dat ganzt geed en mega flop Ech well kee streit. Sin geimpft an well och mat Leit zesummen sin die net geimpft sim. Mär sin een land a sollen zesummen haalen gin leid déi wellen freihet an mär accepteiren dat mat enger spretz. Ech hun awer och respeckt vun leit dèi angscht hun sech spretzen
-
kloreMenscheverstand22.03.2023Et ass eng Fro déi näischt mat Panzer a aner Krichsgeschéien ze dinn huet, jidderfalls net direkt, mee indirekt schonn. Huet Ungarn nach seng Plaz an der EU verdéngt ? Ausser datt Ungarn uerdentlech asäckelt aus dem EU-Fong gesinn ech kee positive Retour sengersäits, ausser Knëppelen déi den Orban an d'Gerieders vun der EU gehäit fir ze blockéieren. Elo zb. geet et ëm d'Atomenergie déi Ungarn mat de Russe verbënnt an op kee Fall wëll d'Sanktioune géint Russland matdroen déi geplangt sinn. Gehéiert Ungarn nach an d'EU oder soll d'EU net einfach deen Dar am A aus der Unioun eliminéieren, da géife mer gesi wéivill Subsidien d'Russen hinnen zugutt komme losse fir hir Autobunnen, Zuchlinnen a virun allem d'Korruptioun ze finanzéieren ?