FOTOEN - Tëscht Kruuchten an Jokesbierg
Schëff kënnt net laanscht Waggon
Photo: Ethan
An? Gehéiert den Auto engem, deens de kenns? Waars du och schonn eemol do? Bass eréischt virun e puer Deeg op der selwechter Plaz laanscht gefuer, wou elo ee gestuerwen ass? Dat hei kéint eng Foto vun dengem Auto sinn. Vläicht ass et souguer eng Foto vun engem, wous du kenns? Du méchs der Suergen a wollts just sécher sinn, dass du déi Persoun net kenns. Kuerz has de Angscht. Angscht ass e gutt Geschäft. Du schudders dech. Elo drift däi Bléck zur Reklamm fir dat neit RTL-Format: „Driving Dreams“.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Misanthrop05.03.2023Tip top geschwaat 👍
-
Meckerhary05.03.2023Et geet do drems vir die chinesisch Blos platzen ze dinn.Dodurch kennen USA weider nach etlech Joer NR 1 sinn,an dofier sinn se och bereet eng weltweit Ressecion a Kaf ze huelen.Et ass net wie vill Ignoranten mengen dat den Trump en Toppert ass den einfach Amok leeft.
-
knadderpit05.03.2023Wohltaten verdeelen ,awer net woessen wie se finanzeiert ginn! .Wie wieret mat engem Congé parental plus plus als Belounung vir dei,die de Congé parental plus huelen ?
-
Populiste05.03.2023Mech iwerfuerdert daat, awer ech géif hei gären ën Opruf maachen dozou, eng Corona a.s.b.l. (Letzebuerg, oder International) ze crééierën an där Spende kënne gesammelt gin fir all Menschen a Nout kurzfristeg an onbürokratesch Hellef zoukommen ze loossen. Ech bedeele mech awer gäre mat engem Don. Vir deen Zweck bidden ich RTL un meng Mailadress un esou eng Associatioun weider ze leeden, soubaal se gegrënd ass. Merci am Viraus
-
DePefferkaerchen05.03.2023Bravo, - fir déi excellent Explikatiounen iwwert d’ Entstoen vun onsem Walsystem, - fir déi detailléiert Beschreiwung an e pur Wierder vun den historeschen Gegebenheeten, - fir de Courage ze hunn fir 1 Walbezierk ze fuerderen. Dat d’ Partei soll awer d’ Reiefolleg fest leeën wéi se d’ Leit an Chamber komme liest, och wann iwwert en Tirettesystem Fra-Mann oder Mann-Fra, wär awer e staarken Aschnëtt an dem Wieler séin Ausdrock, fir ze weisen op se Politiker nach wëllen oder nët. Och wann ech nach net zu enger Conclusioun komm sinn, ob dat elo besser wär, wat wären d’ Vir- oder Nodeeler wann all Partei zwou Lëschten – eng mat Fraen an eng mat Männer – vun 30 Persounen hätt, also e bësse méi grouss wéi déi Lëschten an der Stad Lëtzebuerg, an mir géingen alleguerten mam System wéi bis elo (awer net den D’Hondt System), dann 30 Fraen an 30 Männer wielen. Sou hätt de Wieler déi gréisst méiglechst Fräiheet, d’ Geschlechter wären gläich representéiert, an et kéint een an all Géigenden vum Land och den Premier wielen oder och net wielen. Mir hätten sou och eng natierlech Hürd vun ëm 3%, wat jo och wichteg wär, fir dat d’ Parlament net zersplittert gëtt wéi an Holland.
-
Tata-Sidoni05.03.2023an erem eng Blamage fir ganz Letzebuerg !
-
Elo_haal_awer_op05.03.2023Den Télètravail ass ërem esou eng Schäindebatt déi gefouert gëtt an déi och nach un den Bediérfnisser vun villen Bierger verbäi gefouert gëtt an dréit den Suergen an den Problemer vun villen Schaffenden an och villen vum Partonat keng Rechnung. Den Télètravail bezitt sëch nëmmen op bestëmmten, spezifësch Beräicher. Ët maach sin dass esou Aarbëchtmoosnahmen virun allem Bürokraten zegudd kommen awer vill aner Mënschen kënnen guer näischt mat den Thema ufänken an si zéien keen Notzen doraus, am Contraire. Ëch hun z.b. elo schon eng ganz laang Zäit mat Bau an Renovatiounsfirmen ze din an déi Aarbëchter do kënnen räichlëch wéinëg mat esou Themen ufänken an vun Aarbëchtzäitverkierzungen schon guer net ze schwätzen, well Iwerstonen sin fir si schon bal eng Normalitéit an dat hëllëft hinen och nach fir hir kleng Paien opzestocken. Liwerfirmen gehéieren och dozou. Miwellgeschäfter och, virun allem déi Aarbëchter déi fir den Montage zoustännëg sin. D'Gastronomie an d'Hotellerie, faalen och net an den Beräich vum Télètravail. Gemengenaarbëchter mat Sëcherheet och net. Buschauferen an Lockführer och net. Déi vum Streedëngscht ënner anerem och net. Bëschaarbëscht gëtt och net vum PC aus erledëgt. D'Schëffer op der Musel kommen och net aus den 3D-Drucker an fueren och net vum selwen. Autobunnen gin och nach net esoubal vum 3D-Drucker an d'Landschaft gesprëtzt. Schinen an Catenairen verleen sëch och net vum selwen. D'Dreckskëschten gin och net vum selwen eidel gemaach. Den Auto en Panne oder d'Revisioun gëtt och net vum Roboter iwerholl. Den Blechschued beim Auto och net. Den Kulang den drëpst oder d'Leen déi beim Sturm vum Daach fléien, flëcken sëch och net vum selwen, do brauchen mer dann awer den Daachdecker. ......................... Elo sin ëch warm gelaaf an kéint nach eng sëlechen Berufer opziélen an d'Mënschen dohanner, déi awer och wiérklëch guer näischt mat dem Thema Télètravail kënnen ufänken an wou eis Gewerkschaften genuch ze din hätten fir dass iwerhaapt emol eng 40 Stonnenwoch kann respektéiert gin an dat ier ons houfrëg Parteien munch Aneren, maner Aarbëcht verspriéchen. Vergiéssen mer dann och net Doktoren an Infirmier an Infirmièren déi schon moies fréi bereet stin fir Patienten ze operéieren an déi d'Patienten duerno mussen rondërem d'Auer ze betreien. Schon emol iwerluecht, wéivill stonen esou en Chirurg um Bockel huet, ouni emol vun sënger Verantwortung ze schwätzen. Wéivill Stonen vill Patronen drumen fir hir Betrieber, zemols an dësen schwéieren Zäiten an vun Konkurenz um laafen ze haalen an Aarbëchtsplatzen ze sëcheren. An dann schwätzen hei Parteien an verschidden Mënschen aus bestëmmten Branchen an dat duerch eng global gefouert an am globalen geduechten an net duerchduechten Digitaliséierungsdebatt vun Télètravail an drämen emol dovun nach maner ze schaffen, ouni eng Grousszuel vun deels schwéier schaffenden Leit mat anzebezéien an hir Gedanken, well dat einfach net esou ëmzesetzen ass an den Télètravail fir si net oder nie méiglëch ass. Esou eppes nennt een eng Schäindebatt, well se nëmmen engem bestëmmten Deel vun der Gesellschaft en Notzen brëngt an virun allem, an dësem Fall, besonnëch déi kleng Leit ignoréiert an domader gesäit sëch dat klengt an och dat schaffend Vollëk vun esou Ideen vernoléissëgt, awer net nëmmen si. Wann ëch iech elo och nach soen, dass ëch selwer och Patron sin an dat ganzt Gespréich mär zimlëch op d'Nerven geet, vis-à-vis vum Patronat an och villen vun eisen Beschäftëgten, dann kënnt där iech all jo elo emol Gedanken maachen iwer déi Politik, iwer Parteien an och esou Schäindebatten an wéi wäit si alleguer vun den Besoins an den Problemer vum gréissten Deel vum Vollëk ëwech sin. Awer geschwën sin jo Wahlen an dann sin all Debatten gudd fir e puer Stëmmen ze fänken, zemols esouer, wou d'Gemidder vun Verschiddenen berouëgen déi doraus hiren Notzen zéien an Ideen déi den Staat esou direkt näischt kaschten. Awer Problemer léist een esou net, nee ët verschiebt een se.