FOTOEN - Tëscht Bouferterhaff an Märel
Transporter kënnt net laanscht Reesbus
Photo: erinanewton
Du weess schonn, dass RTL mam Ongléck vu Leit gutt Geschäfter mécht? Artikele vun Accidenter generéiere Klicks. Dësen Trafic ass d’Grondlag fir d’Statistik mat der RTL sech bei senge Reklammsclienten als wichtegst Medium vum Land präsentéiere kann. Mir soen Dir dowéinst Merci fir däi klengen, awer wichtege Bäitrag fir ze verhënneren, dass eise léiwe Lëtzebuerger Medienstanduert riicht an d’Mauer rennt. Metaphoresch. Wanns du lo trotzdeem ee schlecht Gewëssen hues, kanns de jo bei Télévie eppes spenden. Service. (Public).
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
LuxTroll09.02.2023Schéi Fotoen. Frée mech fir d'Elteren. Et kann een nëmme gratulèieren.
-
Infowars09.02.2023et wert dem Perez seng lescht Saison sin bei RBR, en brengt emmer manner op engem Topauto- 11. ……
-
de_Feierbop09.02.2023Chapeau un den DAR-Facebook Grupp, déi eng wichtëg Aarbecht fir eis Demokratie machen. Si sollten vun eisem Premier eng Auszeechnung kreien, mir mussen eis Werter schützen. Merci DAR
-
den Trellert09.02.2023Et wier besser 5-0 forfait ze erklären, da wier Goal Differenz net esou grouss !
-
MELLECHKOU09.02.2023Kee gesäit den Zweck: Trennung vu Kierch(en) a Staat as ugesot. Dës Regierung erfënnt Feierdeech a schaaft dann mol déi chrëschtlech Feierdeech of. Gët ee Feierdaach an de Congé gesaat, verschwënnt dofir och een reliéisen Feierdaach. Kënnt elo iergendeng 'Reloun' an hätt gären fir eppes, wat bei hinnen een Ritual as, eng 'hellech' Gewunnecht, och ee fräien Dag, kréien d'Unhänger vun dëser Relioun ganz einfach ee Congés-Daag méi vum Patron. Fir Hochzäit, Geburt vun engem Kand, d'Begriefnis vun engem vun der Famill etc. muss een sech démnext Congé huelen. Wait and see.
-
Misanthrop09.02.2023Dei Situatioun as wirklech schweier anzeschätzen! Ziedelt Amerika wei sou oft erem e Krich un, manipuleiert an flunckert? Oder sin ed awer dei aus dem Iran, dei och schons oft fragwürdeg Meenugen, Aktiounen am laaf vun hirer Geschicht duerchgesaat hun? Hoffentlech bleiwt ed fridlech !