FOTOEN - 112 mellt
Zuch op der Kopp zu Bamhaff
En Accident kanns du och selwer bauen. Schéck eis eng Foto dovunner, da muss eise Fotograf net bei all Wierder iwwer d’Stroosse renne wéi eng Sau, fir als éischte sur Place ze sinn.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Tata-Sidoni30.01.2023Wann ech dem Här Wolff gudd nogelauschert hun an verstaanen hun, rudert CGFP erem op den OGB-L zou, waat ech gudd fannen, mool ofwaarden mat dann den Här Dury seet. An den Här Wolff fennt menger Meenung ( och wann en et net explizit gesoot huet ) Attitude vun der DP Spetzen sech op der LCGB Manif ze produzéieren, net gudd!
-
guy130.01.2023...di pertinent Fro ob de Coureur duerch e Problem mam Häerz (arrêt cardiaque ?) an d'Suiten dovun gefall ass, oder op deen duerch d'Chute villäicht ausgeléist ginn ass, dat wäerte wuel nëmmen d'Medeziner kënnen erausfannen ! Egal wéi ass et dramatesch dass an der läscht eng Partie Fäll bekannt goufen, wou Leeschtungssportler esou eng dramatesch Situatioun erlieft hunn. De "suivi médical" vun Héichleeschtungssportler misst villäicht nach méi pousséiert ginn ....mais och am Liewen all Dag stierwen Léit un Häerzversoen, dat ass dramatesch, däerf een duerfir déi Fäll am Sport awer net iwwerbewäerten....oder vireileg falsch Konklusiounen zéien ! Et wäert wuel e Schock sinn vir all Cyclisten déi gëschter bei der schwéierer an immens intensiver Course mat derbäi waren....mäi Bäileed un d'Famill a Frënn vum verstuerwenen Sportler !
-
Gleewennetalles30.01.2023De Jong ass gudd,mee un eis Joerhonnert Talenten Gebridder Schleck kennt en leider nett run!☝️ Bon,um Gringen Dësch den TDF ze gewannen ass sou eng Saach!! Wann den AS e bessen méi diziplinn gehaat hätt, wier en epuermol TDF Gewënner gin!😊
-
nizefridden30.01.2023Eisen Staats ann Gemengenapparat ass iwerdriwen déier ann net esou efficace wéi en misst duerch déi vill Ausgaben sinn. Mier därfen net weider den Féeler maachen fier matt der Briechstang Land ann Firmaen nei ann d‘Land eranzehuelen matt den Zil doduerch weider iwerdriwwen heich Beamtengehälter ann Pensiounen ze bezuelen. D‘Kapital muss méi gerecht bestéiert ginn, Allocatiounen oder Subventiounen just do ausbezuelt ginn wou éen réellen Besoin ass. Vill ze vill Geld gett vum Staat ann Gemengen zur Fenster erausgeheit duerch Expertisen, Conterexpertisen , Etüden dropp ann dowiddert ,falsch Planung, ze héich Paien ann Pensiounen fier déi erbruechten Leeschtung asw asw. Den gaanzen Modell Letzebuerg muss ann Fro gestallt ginn. D‘Liewensqualitéit hellt permanent oof fier dass éen klengen Grapp vun Leit mat Kapital ann genuch Affekoten sech kann iwermeissech vill bereicheren . Waat hunn déi läschten Finanziell gudd Jooeren dann schlisslech dem normalen Duerchschnettsbieger bis elo bruecht.?
-
Anna_List30.01.2023Et as kaum ze gléwen dat e Land Subsiden fir Velo´en get.
-
Verstinechnet30.01.2023Esoulaang divers grëng Politgréissten mam ÖT fueren, wärt déi éischt Klass nët ewëgfaalen. Ët bleiwt een jo awer gäeren ennert sëch😜
-
haldechkleng30.01.2023Déi fréier Seppelen sinn iwerall gefroot.🤣
-
Expert30.01.2023Enn den 90er hunn d’ Jongsozialisten mam Lieutenant Représentant, also mam heitegen Grand-Duc iwwert d’ Republik geschwat, et war eng ganz interessant Entrevue fir déi zwou Säiten. Do hunn ech de Grand-Duc als äusserst interessanten an oppenen Gespréichspartner erlieft. Egal wat een fundamental vun der Republik oder vun der Monarchie hält, muss ech soen, onse Staatschef ass vill, vill méi oppen wéi déi mëscht d’ Politiker. Deemools ass grad d’ Dier opgaangen, wou mir grad mat him ugefangen hunn doriwwer ze schwätzen, fir matzedeelen dass ons Zäit eriwwer wier, also hien hätt enger Diskussioun problemlos kéinten aus dem Wee goen. Mee nee, hien ass opgestanen, huet déi Persoun (total erstaunt d’ Aen an de Mond grouss op) no baussen dirigéiert, an d’ Dir erëm zougemaach, an ganz cool mat ons iwwer dee Sujet geschwat.
-
Gleewennetalles30.01.2023Dat ganzt do ass just nëmmen nach fir de Kapp ze rësëllen. Et grenzt shons bal un Spillschoul....!!