FOTOEN - 112 mellt
Snowboard a Flamen zu Closdellt
Du weess schonn, dass RTL mam Ongléck vu Leit gutt Geschäfter mécht? Artikele vun Accidenter generéiere Klicks. Dësen Trafic ass d’Grondlag fir d’Statistik mat der RTL sech bei senge Reklammsclienten als wichtegst Medium vum Land präsentéiere kann. Mir soen Dir dowéinst Merci fir däi klengen, awer wichtege Bäitrag fir ze verhënneren, dass eise léiwe Lëtzebuerger Medienstanduert riicht an d’Mauer rennt. Metaphoresch. Wanns du lo trotzdeem ee schlecht Gewëssen hues, kanns de jo bei Télévie eppes spenden. Service. (Public).
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Mausketti216.12.2022Zitat Bettel: 'Mir hunn eis Verantwortung geholl' Ech mengen domadder ass alles gesot. Wann d'Zuelen net erof ginn da sollen d'Leit sech net bei der Regierung bekloen mee eben bei de Leit déi sech net un d'Regelen halen.
-
Mengmegnung16.12.2022De Putin kroopt sech also e Land mat Buedemschätz an mir probéieren hien vum internationalen Marché ze isoléieren. Interessant, interessant. Ech si gespant wen do den Dommen ass.
-
de_Feierbop16.12.2022D'Banken hun äis bis elo emmer gebi...t an waerten daat och lëschteg fir an Zukunft maachen. Esoumat wënschen mer all denen déi esou eppes décidéieren een décken bass um hennechten an een kuerzen arem soumat sech net kënnen kraatzen .
-
Kappressel16.12.2022Här Schmidt, et deet mir leed, dass dir sou eng Erfahrung musst maachen. An leider sidd dir keen Eenzelfall. All déi Experten déi eisen Schoulministère anscheinend agefouert huet, gëtt et leider vill just um Pabeier. An de Schoulen selwer gesait een se net wierklech. Et ass och esou, dass vill Lehrpersonal am Reen stoen gelooss gëtt. D’Enseignant sinn jo net Expert wann et z.b.ëm Hyperaktivitéit, Autismus, Sproochschwieregkeeten an sou weider geet. En Diagnostik kënnen an dierfen se jo och net man. Oft gëtt dann ëm Hëllef gefrot mee et ass keng do! Oder gett et och den ëmgedréinten Fall, dass Elteren naischt dovunner wëssen wëllen an dann och naischt kann gemaacht ginn. Ech hunn grousse Respekt virun Elteren wéi iech, déi net opginn an sech fir hir Kanner esou ansetzen. Courage
-
Nickla16.12.2022Duerfir stelle mer och lauter Quereinsteiger an der Edukatioun an, well mer ze knekkeg sinn fir genuch Formateuren op der Uni.lu ze engagéieren an esou genuch Studente kennen ausbilden fir eise Kanner eng pädagogesch heischwaerteg Educatioun ze bidden.
-
LibrePenseur16.12.2022Majo dann. Als éischt goufe mam Briecheisen Aspuerungen am Enseignement secondaire duerchgeboxt, elo dann oppene Sträit mat Police, SREL a Fleegesecteur. An deenen 3 éischte Fäll gouf respektiv gëtt et Mediatioun a Conciliatioun. An dat all Kéier mat heftege Virwërf, de Staat géif sech net un d'Spillregelen halen, mol Accorde quasi erfannen, mol Accorden net ëmsetzen. Am Fleegesecteur géife gesetzlech Assimilatiounsdispositiounen (e gewëssen Artikel 28?) einfach ignoréiert ginn. Do zeechent de Staat jo en immenst Beispill vu sech selwer. Souveräänt regéiere gesäit anescht aus. Awer Haaptsaach et gëtt sech gebretzt mat enger Steierreform vun där net emol kloer ass, ob se iwwerhaapt duergeet fir déi ugesammelt kal Progressioun auszegläichen. Op den Aarm huele kann ech mech och selwer.
-
den_Schockeierten16.12.2022Tippen op d'ISS
-
MELLECHKOU16.12.2022Eis Kanner sin elo schons deelweis traumatiséiert! Wann se nëmmen bessien Schnapp hun, dann si se schons an der Angscht datt se Corona hun, oder een anëren ugestach hun, deen elo muss stierwen...!!!!😢😢😢
-
Mausketti216.12.2022Iwert t'Neiduerf geheiert eng Autobunnsbreck...... a keng Velosbreck !!!!!!