LIFESTYLE - Den Trailer ass do!
Film "Stëmm vu Lëtzebuerg" gouf annoncéiert
„Hai am Stau!“ - Dës Pushnoriicht vun RTL hält d’Land an Otem. Fir d’Joëlle Zander, CEO vum gréisste Mediebetriib am Land ass et d’Geleeënheet endlech déi nei Sendung ”Kontext’ ze lancéieren.
Sidd och dir bei der grousser Avant-Première vun „Stëmm vu Lëtzebuerg“ an der Abtei Neimënster (Salle Robert Krieps) dobäi: Freides den 12 Abrëll um 20h00. De Film dauert eng 60 Minutten, ass op lëtzebuergesch mat franséischen an engleschen Ënnertitelen.
Nom Website rtl1.lu an dem Theater „Ween stoppt RTL“ ass de Film „Stëmm vu Lëtzebuerg“ deen drëtte grousse Projet vu Richtung22 an der Serie iwwer de Mediemonopolist RTL. Nodeems d’Aarbecht vun RTL souwéi d’Strukturen an d’politesch Interessenskonflikter vun der CLT-UFA, dem Konzern hannert RTL, am Fokus stoungen, geet et elo ëm d’Rôle an den Afloss, deen RTL op d’Land huet.
Reservéiert elo séier Är gratis Plaze fir d’Avant-Première per Mail un: billetterie@neimenster.lu
Dir verpasst d’Avant-Première? Nächste Rendez-vous ass den 19.04. um 20h15 am Ciné Sura zu Iechternach.