Photo: Tim Reckmann (CC BY 2.0)

Zu Sandweiler ginn sech Onbekannter als LuxTrust-Mataarbechter aus. Mee dass se wierklech hëllefe wollten ass éischter onwahrscheinlech.

Den Owend vum 29. Dezember 2023 gouf an der Rue de la Chapelle zu Sandweiler e Bedruch gemellt, an deem d’Affer vun engem presuméierten Luxtrust-Mataarbechter kontaktéiert gouf, dee gesot huet, et wier e Problem mat de Kaarte vum Affer. Eng Persoun géif also kuerz laanscht kommen an d’Kaarte sammelen.

Eng Policepatrull konnt zwee Verdächteger op der Plaz fannen. Bei der Perquisitioun vum Gefier goufen e puer Bankkaarten a Suen saiséiert. Déi zwee Verdächteg goufen op Uerder vum Parquet festgeholl.

An dësem Kontext wëll d’Police Iech drun erënneren, datt unerkannt Administratiounen, Organisatiounen oder Firmen Iech ni froen Är perséinlech Donnéeën iwwer Telefon weiderzeginn oder Friemen ze ginn.

Wien huet de Rapport vun der Police besser kopéiert? RTL.lu oder RTL1.lu?

Maacht de Verglach:

Firwat mir op RTL1.lu genee wéi op RTL.lu einfach Police-Rapporten kopéieren an dat dann als eegen Artikel präsentéieren erkläre mir Iech hei an desem Artikel.