TELEE - De Kontext
Braucht d'Politik d'Europäesch Unioun? Wéi wäit geet de Putin?
Dës Fro gëtt an eisen ëmmer méi schnellen an opgeluedenen Zäiten ëmmer méi wichteg.
Quo vadis, Lëtzebuerg. Kënne mer sou weidermaachen, wéi bis elo? Wat muss sech änneren? Wéi kënne mer dofir suergen, dass et net sou bleift? Wien ass dofir verantwortlech? Si mir villäicht all dofir verantwortlech, och wa mir oft net gären dohinner kucken, wëll et wéi deet? Oder ass et un der Zäit, dass d'Politik endlech eppes ënnerhëlt? Wien traut sech den éischte Schrëtt ze maachen? Brauch d'Land endlech eng Äntwert op déi Froen, déi mir zanter Jore stellen? D'Experte sinn do gedeelter Meenung. Ëm déi Froe goung et um Donneschden am Kontext op der Tëlee. Eng Diskussioun mat Experten am Virfeld vun der Orientatiounsdebatt déi, déi aner Woch en Donneschden an der Chamber stattfënnt. Méiglecherweis ass alles, wat iwwereg bleift, déi Verspriechen, déi am Koalitiounsaccord versprach gi waren. Wéi gi mir dat un, a wéi kënne mir als Gesellschaft eis virbereeden. Datt doraus näischt géif ginn, ass zimmlech séier wärend der Pandemie kloer ginn. Mä wier dat Verspriechen iwwerhaapt ëmzesetzen gewiescht och ouni Corona a Krich?
"Mir kommen aus eisem Elfenbeintuerm eraus, mir schaffen net méi just u Mechanismen a Modellsystemer, mä mir kënnen direkt mat Date vun de Leit schaffen. Dowéinst ass et ganz wichteg, datt mer och eng direkt Interaktioun mat de Mënschen opbauen. Deen Dräieck ass zentral an et ass och elementar, datt mer un d'Leit erukommen. Nëmmen da kënne mer zesummen eng besser Zukunft erdenken."
D'Invitéeën am Kontext
- Marc Ruppert, ass an enger Partei
- Leo Wagener, Generalvikar, gedeeft, religiéis, a gleeft u Gott
- Jeff Schinker, Schrëftsteller
- Luc Marteling, Frënd vun der Sprooch a fréiert Pin-Up
- Claude Wiseler, éischten ale wäisse Mann vum Land
-
De_Popst15.02.2024"One extraordinary fact emerged in a 141-page parliamentary report into the spy agency, published in 2013: It had files on no fewer than 300,000 people – the equivalent of MI5 having 45million individual files on British citizens." Hate mer well bal rëm vergiess oder? 300000 Leit an de Fichieren vum SREL.
-
Eieiei15.02.2024Jiddereen, deen ë bëssen mi wäit kann kucken versteet dass mir nach laang, nach ganz laang mat der Pandemie musse liewen. Dass d'Leit do ongedëlleg an onzefridde ginn ass normal. Awer wat ass méi wichteg? Mat der Mask ze goen? Oder un der Pandemie stierwen? Oder een aneren ustiechen, esou dass deen dann stierft? Fir dass d'Leit dat bekäppen, an sech emol un d' Reegelen halen missten Strofen drastesch an d'Luucht gesat ginn. 1000 Euro fir deen deen sech nët un d'Reegel vun de Masken hält. An 10 000 Euro vir d'Geschäftsleit an Wierten déi hier Opsiichtspflicht net maachen. Ech sinn sécher dass dann d'Infektiounszuelen dann drastesch erofgoen. Gëtt dat nët gemaach, stinn mir virun batteren Zäiten. De Wanter an emol nach nët do, wat gëtt dat wann ët emol sou richteg kal gët?
-
Expert15.02.2024De Benzin an Diesel huet keng grouss Praïsélasticitéit. Et ass e quasi liewenswichtege Produit, wéi Iessen, Wasser, Heizung, Kleeder ... dofir können déi eis regéieren égal waat vu Steieren drop schlien a wëssen dass mir et schlecken. Hei e klengt Zitat aus Wikipédia „ La demande reste inchangée quel que soit le prix. C'est notamment le cas des produits de première nécessité : bien que le prix augmente, la consommation se maintient car il existe peu de produits de substitution“
-
guy115.02.2024Waow! Eng Sensibiliséierungscampagne fir d'Leit erem méi no bei d'Natur ze kréien... mat engem Virtual-Reality-Brëll an engem Decor vun gefällten Beem an opgestoppten Déieren.
-
Wuermdran15.02.2024Immens.... Direkt hannert de Grënz kréien ech en schéint néit Haus matt genuch terrain ab 400.000 euro!!! +- 15.000 Lëtzebuerger kënnen nett ieren!!! Mir sin jo anschéinend Europa, also virwaat nett vun dem privilège profitéiren????
-
Komplet_Wurscht15.02.2024Ech wollt just heizou soen, dass Hellef Doheem net den Monopol vum Tele-Alarm hei am Land huet. De Bierger huet hei een Choix. Ganz zefridden sin d'Leit mat Help24, deem Service vun Help, den niewend Berodung an den Beraicher Secherheet an Autonomie doheem och den Tele-Alarm ubied. Soweid ech wees kennen d'Gemengen ,iwert eng Konventioun mat Help24, sech un de Fraisen vom Tele-Alarm bedeelegen.
-
Elo_awer15.02.2024Schued, e capablen Technocrat geet. Am Plaatz kënnt hoffentlech erëm e Mann odervengbFra vum Fach heescht Économist. Mir brauche net erëm ennTurnprofbannoch keen Affekot,als Wirtschaftsminister. W.e.g. Léif LSAP kuckt och no de Fähergkeeten net nëmmen ob en treie Parteizaldot oder schlëmmer nach e Schnösel wou de Papp vrun him do war.
-
Mister X15.02.2024Also. Ee Patent dengt haptsächlech dozou fir ee Produkt ze SCHÜTZEN dat grad entweckelt gouf, d.h., dass während esouvill Joeren keen Aneren dee Produit kann nomachen. Een deen e Patent ufreet, huet bis dohin schon ganz vill Souen investéiert! Wou Déi hiirkommen ass fuerzegal well hei geet et elo em eng Pandemie?!?! déi weltwäit deklaréiert gouf. Do misst et méiglech sinn, dass ALL Bierger weltwäit d’Méiglechkeet MUSS hunn fir dierfen geimpft ze ginn an zwar matt de selwechten patentéierten a qualitativen Impfstoffer! Et geet elo net drëm fir matt engem Patent decke Goss ze machen, mee em Solidaritéit a Mënscherechter!!! Esoubal kee Patent méi besteet, huet Keen d’Garantie méi iwwert dat wat an Zukunft wärt aus deene Fläschelcher gesprëtzt ginn, d.h. et get och nach onkontrolléierte Goss verdengt?! Dofir dierften esou onnëtz Diskussiounen iwwerhapt net zur Debatt stoen! Déi international Politik ass demno gefuerdert Solidaritéit ze weisen ouni kostbar Zäit ze verléieren?!?!?!