METEO - Meteolux mellt
Waarm Prognos
Photo: freepik.com
Alerte Bleue
Alerte Bleue gëllt vun 03:50 bis 18:27 Auer
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Enn_Letzebuerger09.04.2024Jidfereen kann beim fëmmen machen wèi e wëllt soulang e Mech als Netfëmmert net emmerdéiert. Dat machen Fëmmerten awer wann se zB op enger Zerasse néiwend mir fëmmen. Da froen ech se op et se net stéiert wann ech éissen während sie fëmmen. Oder déi Zigarettenkippen um Wee, ekeleg. Wann esouvill Knätsch oder ugeknaten Kamellen géifen do leien géifen Fëmmerten sech och beschwéieren. Respekt vun béiden Saiten as gefrot. Fir seng egen Gesondheet as jidfereen selwer zustänneg.
-
De_Popst09.04.2024Wee weit geet dat. Soll all Scheier ouder marod Haus geschützt gin. Mengen de Proprietaire misst awer och nach mat kennen entscheeden.
-
Maulwuerf09.04.2024Fir eng Kéier dass Gladbach doheem konnt Punkten huelen
-
Expert09.04.2024Madam Ministesch schengt net ëmmer ze wëssen wat hei am Land leeft. Si seet si wären ganz fréih aktiv gewierscht an den Altersheemer. Weiderhin schwetzt se vun brutalen Zoustänn an aneren Länner matt méintelangem Besuchsverbuet fir Famill an den Heemer. Ech dierf drun erënneren dass genau den méintelangen Besuchsverbued hei am Land di batter Realitéit wor. Demols sin nach wochelang Pensionnairen infizéiert gin well d'Personal keng Masken a.s.w. hat. Duerno ass verpasst gin fir Konzepter an eng Teststrategie fir Personal an Résidents duerchzezéien. Elo gin dann di meescht Infizéiert net méi hospitaliséiert, sondern leien an Covid-Statiounen ouni optimal Betreiung an den Heemer. Iwer d'Halschent vun eisen Doudeger kommen aus den Heemer. Bescht Gréiss 🩺
-
Kappressel09.04.2024De Profisport ass krank a misst reformeiert gin. Amplaz dass zb Futballsklibb international Konzerner sinn, misst een do einfach mol back to basics goen. Lokal Klibb, local finanzeiert, realistesch Gehaelter. Da geif dei ganz Korruptioun mol ophalen. Dei dei do am meeschten Muecht hun, sin d'Fans, si kennen de ganzen kommerzielle Bloedsinn einfach boykotteiren an em domadder dei finanziell Basis entzeien. Et kann een als normale Fan zb domadder ufaenken amplaz just stupid Futball op der Tele ze kucken sech selwer an sengem eegenen lokale Verain engageiren, jo soguer selwer als Hobby-Sportler aktiv gin. Huet just Virdeeler, besser vir dei eegen Gesondheet, besser vir d'Gesellschaft, besser fir de Planeit. Et misst awer och op europaischem an nationale Niveau de legalen Kader geschaafe ginn fir dei decadent kommerziell Auswuechs ze verhenneren, zb Gehaelter begrenzen, maximal Montant'en dei Futballsclub daerf besetzen an investeiren asw...
-
Majo_secher_dat09.04.2024Ech kann nëmmen eng Fro stellen: sinn et net d'Schoulen an d'Crèchen déi d'Haaptursaach fir déi méi schlecht Zuelen sinn, direkt oder indirekt? Eigentlech gëtt et just eng Plaz hei am Land, wou praktesch all Dag Zéngdausenden (!!) vun Leit op enkem Raum zesummekommen: Crèchen, Précoce, Grondschoul, Lycée a schlussendlech Uni!
-
de_Feierbop09.04.2024Daat soll een offiziellen Breif sinn, ohni offiziellen Logo vun der Staadt an ohni Stempel ? Daat ass just eng Fatz Papei'er ! So'u Eescht get de Problem vun der Gemeng geholl ! Garer Leit, loost iech net iwert den Desch zei'hen !
-
KNOUTERBATTI09.04.2024"Den krich an europa" Ehm? Dei leschte keier daat ech geguckt hun, waar d'Ukrain nach net an der EU weder nach gouf et eng Kricherklaerung vun eis. Oder wees deen Herr mei wei mier? "Ech well een mei starken sozialstaat" Ech iwersetzen: "Ech well nach mei gratis hei and gratis do. Ech well mei heisch steieren. Ech well mei eng grouss oofhaengeschkeet vum staat. An ech well d'grenzen nach mei grouss oprappen. Emmerhin, existeiert nach emmer eng mettelschicht."