Photo: Jan Vlugt

Opgepasst, eng Situatioun vun Extremwieder kéint sech an noer Zukunft zu Diddeleng ofspillen.

Awunner si gebiede just am Noutfall a mat der richteger Schutzkleedung d’Haus ze verloossen.

Eng ganz héich Unzuel un Drëpse kéinte viraussiichtlech aus enger extremer Héicht vum Himmel gefall kommen a kéinte besonnesch bei Foussgänger zu Waasserschued féieren. D’Vereenegung vun den Drëpse kéint an den Diddelenger Stroossen zu Pill a verschiddener Gréisst féieren deren Déift dacks net richteg ageschat gi kann. Et ass zwar bei den aktuellen Temperaturen éischter onwarscheinlech, awer och net ganz auszeschléissen, datt polaränlech Temperaturen esou e Pull, oder och eng Rei vu méi klenge Pillercher a geféierlech Ausrutsch-Fale verwandelen.