Photo: International Animal Rescue

Hmmmmmmm… wien Nutella net gär huet, dee litt. Dës cremeg brong Paste aus nohaltegem Palmueleg, gesondem Zocker, klimaneutralem Mëllechpolver a vereenzelte leckeren Hieselnëss zergeet wéi Botter tëschent den Zänn.

Egal ob dir et mam Läffel direkt aus dem Eemer leckt, äre Fanger an d’Dëppche stiecht, oder et souguer op eng Botterschmier brätscht, dëse Schmaus gehéiert an all Haus.

Mee „wousst der schonn“, fir et mat de Wierder vun der RTL-Ikon Camille Ney ze soen, dass de Konzern hannert Nutella, nämlech Ferrero, säi Setz zu Lëtzebuerg huet? An dat net just, well Lëtzebuerg esou eng laang Traditioun an der Schockelas-Hierstellung huet, mee virun allem wéinst… nenne mer et mol d’Standuertvirdeeler vum Land.

Hei op RTL Eent sief awer elo ganz de Produit an de Vierdergrond gestallt, mir iwwerloossen deenen anere Medien et iwwer d’Finanzskandaler an aner Machenschaften vum Ferrero-Clan ze beriichten. Loosst et iech gutt schmaachen!